Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dat progressiivst Déiereschutzgesetz op der Welt
International Money Neiegkeeten

Dat progressiivst Déiereschutzgesetz op der Welt

Leschte Mëttwoch ass um Krautmaart, wann een dem Landwirtschaftsminister Fernand

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt
International Money Neiegkeeten

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt

De Ryszard Czarnecki, polneschen nationalkonservativen a schwéierst ëmstriddene Vizepresident vum

Ministerrot: Vun Offall, dem Cannabis an engem Fliger dee net flitt
International Money Neiegkeeten

Ministerrot: Vun Offall, dem Cannabis an engem Fliger dee net flitt

Um Freideg war d’Regierung zesummekomm, fir sech iwwert déi international

money

De Präis fir e Liewen: 2 Milliounen US-Dollar!

An den USA ass dat deierst Medikament op der Welt zougelooss ginn

De Präis fir e Liewen: 2 Milliounen US-Dollar!

Kleng Kanner déi u spinaler Muskelatrophie leide kann elo an den USA gehollef ginn, allerdéngs huet et säi Präis: 2 Milliounen US-Dollar kascht eng Dosis vun dëser Gen-Therapie.

Fir de Schwäizer Pharmakonzern Novartis huet d‘Waarden endlech en Enn. Déi amerikanesch FDA (Administratioun fir Drogen a Liewensmëttel) huet dem Medikament Zolgensma (onasemnogene abeparvovec-xioi) seng Zouloossung ginn. Domatter ass den Asaz vum Medikament zur Uwennung bei Kanner ënner zwee Joer, déi u spinaler Muskelatrophie leiden, elo zoulässeg.

Präis

Wann ee sech iwwert de Fortschrëtt an den Notze vu „Zolgensma“ erfreeë kann, esou huet de Präis et an sech. Mat dësem Mëttel huet de Schwäizer Pharmakonzern d‘Diskussioun zu de Käschte fir Gen-Therapie lassgetrëppelt. Bei der FDA war de Präis vun 2 Milliounen US-Dollar op zolitte Widderstand gestouss, mee et huet sech erginn, datt d‘Argumenter vun Novartis besser waren.

Déi Schwäizer behaapten sech drop, datt eng eemoleg Uwennung d‘Liewe vum Patient rette kann, an esou och verhënnert gëtt, datt déi betraffe Kanner op Laangzäitbehandlungen, déi dausenden US-Dollar de Mount kaschte kënnen, zréckgräife mussen. Interessant och – well de Gesondheetssystem an den USA net mat eisem ze vergläichen ass – d‘Krankekeese kréie Kreditter ugebueden.

Et geet ëmmer ëm de Goss

Déi spinal Muskelatrophie ass eng sougenannt „Weesekrkankheet“ déi 1 vun 10.000 Bëbeeën trëfft. Bei dëser Krankheet kënnt et zu enger Verkëmmerung vun de Muskelen, wat meeschten zu engem fréien dout féiert oder eng liewenslaang Behënnerung mat sech bréngt. An den USA kéint Novartis mat dëser Gen-Therapie e Milliardegeschäft maachen. Bis 2022 sollen 2,2 Milliarden ëmgesat ginn.

An d‘Konkurrenz? Déi schléift net, woubäi d‘Medikament vum US-Konkurrent „Biogen“ dat an den USA an Europa ënnert dem Numm „Spinraza“ verdriwwe gëtt, anescht zum Asaz kënnt. Dëst Medikament muss all véier Méint ageholl ginn. Dat éischt Joer kascht d‘Behandlung ronn 750.000 US-Dollar, duerno muss een all Joer mat 375.000 US-Dollar Ausgabe rechnen.

Präis

„Zolgensma“ ass allerdéngs keng „eegen Erfindung“ vun Novartis. Entwéckelt ginn ass dëst Medikament vun „AveXis“ eng pharmazeutesch Entreprise vu Chicago, déi Novartis sech 2018 fir de Präis vun 8,7 Milliarden US-Dollar averleift huet. Novartis huet dann och an der Schwäiz selwer en zolitte Konkurrent: Roche Pharma. Déi sinn och op der sich no engem Mëttel géint d‘Krankheet.

Nodeems elo d‘FDA d‘Medikament fir de Maart fräiginn huet, erhofft sech Novartis natierlech och eng Zouloossung fir Europa a Japan. An do dierf een zouversiichtlech sinn, firwat Experten sech zimlech sécher sinn, datt „Zolgensma“ nach an dësem Joer och bei eis zur Behandlung vu spinaler Muskelatrophie bei klenge Kanner, sollt kënnen agesat ginn.

mat indymedia/zrh/nyc

Ähnlech Sujeten Biogen, FDA, Novartis, spinal Muskelatrophie, Spinraza, Zolgensma
Nächsten Artikel Virrechten Artikel