Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dat riskant Geschäft mat de Weltraumressourcen
International Money Neiegkeeten

Dat riskant Geschäft mat de Weltraumressourcen

En Dënschdeg huet de Vizepremier a Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP),

En entscheedende Schratt fir d‘Hëllef vu vernoléissegten a mësshandelte Kanner
International Money Neiegkeeten

En entscheedende Schratt fir d‘Hëllef vu vernoléissegten a mësshandelte Kanner

D‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP) felicitéiert d‘ALUPSE fir déi exemplaresch Kollaboratioun

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen
International Money Neiegkeeten

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen

„Dee bei enger Messerattack schwéier blesséierte Buergermeeschter vun Danzeg, Pawel

money

De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn

De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn

Um Dënschdeg huet de Pëtrolspräis nees ugezunn, wéi den amerikanesche Brutt op der Bourse vun New York, d‘Mark vu 75 US-Dollar iwwerschratt huet. Eng Entwécklung déi sech op déi global Offer bezitt, vun där aktuell keen ze wësse schéngt wéi si sech presentéiert.

Op der Nymex (New York Mercantile Exchange), ass d‘Faass vu „light sweet crude“ (WTI) fir den August mat 74,14 US-Dollar ofgeschloss ginn (géintiwwer 73,94 e Méindeg). An der Seance war de Wäert op 75,27 geklommen, an huet domatter säin héchsten Niveau zanter 2014 erreecht. Ee Faass „Brent“ aus dem Nordmier, fir de September, huet zu London um Intercontinental Exchange (ICE) bei 77,76 US-Dollar ofgeschloss. Eng Hausse vu 46 Cent géintiwwer dem Méindeg.

Um Méindeg waren d‘Präisser liicht zréck gaangen, well d‘Mäert en Tausch tëscht Saudiarabien an den USA ze verdauen haten. De éischte „Konsument“ op der Welt huet vum éischte „Produzent“ gefrot seng Produktioun op 2 Millioune Fässer/Dag eropzefueren. „Et dierf ee net vergiessen, datt Saudiarabien net versprach huet, d‘Totalitéit vu sengen 2 Millioune Fässer/Dag ze produzéieren, an esouguer wann se et wéilten, bréichten si e puer Méint fir de Rhythmus ze erreechen“, esou PVM.

No der leschter Sëtzung vun der OPEC, hat Saudiarabien eng Hausse vun der Produktioun op 1 Millioun Fässer/Dag fir d‘Organisatioun a seng Partner, dorënner Russland, ugeschwat. Laut engem Communiqué vum russeschen Energieministère, sollen sech de Minister Alexandre Novak a säi saudeschen Homolog, Khaled al-Faleh, an dëser Saach iwwer Telefon verstännegt hunn. Béid Männer bestätegen d‘Objektiv: Hausse op 1 Millioun Fässer/Dag.

Gëtt de Pëtrol knapp?

De Weltmaart ass besuergt, well et zu engem Réckgang bei der Offer komme kéint. Grond dofir: de Gros vum libeschen Export ass „gestoppt“ an den US-President huet sech virgeholl, all déi Länner ze sanktionéieren, déi no November nach gewëllt wieren iranesche Pëtrol ze kafen. Et ass also net wierklech esou, datt de Pëtrol knapp gëtt. Mee d‘USA schéngen sech virgeholl ze hunn de Maart ze reguléieren, an de Länner virschreiwen ze wëllen, bei wiem ee sech andecken dierf.

„Dëse Risk taucht zu engem Moment op, wou déi venezuelanesch Industrie derbäi ass bestänneg ofzebauen, a während Infrastrukturproblemer verhënneren, datt de Pëtrol aus den amerikanesche Südstaaten an dem Kanada, de Weltmaart erreecht“, notéieren d‘Analyste vu Morgan Stanley. Si warnen dann och nach: „De Maart verbraucht seng Produktiounscapacitéiten ouni de reellen Niveau vum Ofbau ze erhéijen“.

Fir de John Kilduff vun Again Capital, hunn d‘Coursen op de Boursse vill vun hirer Kraaft verluer, well et do zwou Rumeure ginn huet: „déi éischt ass, datt gesot gouf, d‘USA kéinte geschwënn op hir strategesch Reserven zougräifen. Déi zweet ass, datt d‘Minn vu Godrong-Sand vu Syncrude a Kanada, schonn déi nächst Woch hir Produktioun nees géif ophuelen“. Déi huet eng Kapassitéit vu bis zu 350.000 Fässer/Dag. D‘Produktioun war déi lescht Woch wéinst enger Panne gestoppt ginn.

An dësem Kontext, a well d‘Mäert wéinst dem amerikaneschen Nationalfeierdag zou bleiwen, muss op d‘Zuele vun den US-Reserve gewaart ginn. Chifferen déi schonn en Donneschdeg vun der EIA virgeluecht ginn. Op déi vum „American Petroleum Institute“, muss ee bis en Dënschdeg waarden.

mat AFP

Ähnlech Sujeten OPEC, Pëtrolspräisser, Russland, Saudiarabien, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel