Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wou sinn se drun, d‘Alternativen zum Plastik?
Neiegkeeten

Wou sinn se drun, d‘Alternativen zum Plastik?

Fir den Impakt vum Plastik op d‘Ëmwelt ze reduzéieren, huet

Implant Files: E Geschäft op Käschte vun de Patienten
Neiegkeeten

Implant Files: E Geschäft op Käschte vun de Patienten

De Skandal ëm d‘Prüfung an Zertifizéierung vu feelerhaften a liewensgefäerdende

EU: Jidderee muss mat senge Chômeure selwer eens ginn!
Neiegkeeten

EU: Jidderee muss mat senge Chômeure selwer eens ginn!

E Freideg konnten sech d‘Membere vun der CoRePer (Comité vun

De Premier weiderhin zouversiichtlech

Wuel géif nach eppes op Siicht navigéiert, mee am grousse Ganze schénge mir um gudde Wee

De Premier weiderhin zouversiichtlech

An der Mëttegstonn, kuerz virun der Chamberssëtzung, hunn de Premierminister Xavier Bettel (DP) an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) de Punkt zur aktueller Lag am Kontext vun der Covid19-Pandemie gemaach an d‘Medien zur Aktualitéit aus dem Regierungsrot informéiert.

Esou huet de Premier begréisst, datt eis Kapazitéiten – bezunn op de Gesondheetssecteur – ganz zefriddestellend sinn, wat awer net sollt mëssverstane ginn. Nach misst een d‘Situatioun zolidd am A behalen a virun allem och déi richteg Schlëss aus den Analysen zéien. An heifir brauch et och ëmmer eppes Gedold, firwat et zur Stonn net méiglech war, Conclusiounen aus den Entwécklunge vum Deconfinement vum 11. Mee ze maachen.

De Xavier Bettel betount dann och, datt sollten sech déi ganz encourageant Zuele confirméieren, schonn nächste Méindeg, wann eng wieder Reprise (Grondschoul/Crèchen/Kompetenzzentren) a Kraaft trëtt, aviséiert ginn. Mee et sollt keen unhuelen, datt och wann een d‘Situatioun – dank der grousser Disziplin an dem Verantwortungsbewosstsënn vun de Bierger – esouwäit gutt am Grëff hätt, datt de Kampf géint de Coronavirus Covid19 gewonne wier.

Mat dësem Virus, dee vill Mënschen an hirer Existenz bedreet, egal op als Salarié oder Patron, ass och weiderhin net spaassen. Et wier primordial un der Solidaritéit a Verantwortung festzehalen, fir weider Lackerungen ëmsetzen ze kënnen. Bei der Sëtzung vum Regierungsrot hätt ee sech déi divers Propose vun de Sozialpartner (Gewerkschaft & Patronatsvertriedung) zu Häerze geholl, déi elo och an de Plang fir e Neistart afléissen.

Dat et elo héich Zäit fir eng ekonomesch Relance gëtt, firwat nach emol bis 800 Milliounen Euro fir dësen Neistart bereetgestallt ginn, ass offensichtlech. Den Detail dozou, hunn de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) mam Vizepremier François Bausch (déi gréng) an Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) am spéiden Nomëtteg, an enger separater Pressekonferenz erläutert. De Premier ass dann och nëmmen och puer Eckpunkten agaangen.

Wat den Dissens oder Onmutt am Bezuch op ee Covid19-/Pandemiegesetz betrëfft, esou huet de Xavier Bettel dann elo endlech bestätegt, datt et wäert zwee Gesetzer ginn. Et géif hei awer net drëms de Leit eppes virzëenthalen, mee den Ament wier een nach ëmmer beim Brouillon, firwat nach Diskussiounen noutwenneg sinn. Ouni op dës Gesetzer anzegoen huet de Premierminister awer kloer gestallt, datt et ouni normative Reegelen net geet.

Dës Gesetzer sinn dann och an deem Mooss essentiell, wéi et wichteg ass sech op eng 2. Well vun Infektiounen anzestellen, vun där net gewosst ass wéini se sech wäert presentéieren. Eng reell Suerg, déi jo och vun de Sozialpartner gedeelt gëtt. Och déi géifen et begréissen, wann et ee legale Kader géif nom Etat de Krise géif ginn. Ob si um Gesetz matschaffen dierfen oder sollen, gouf hei awer net preziséiert. Si schéngen awer net méi ausgeschloss.

Eng vun de weidere Fuerderungen déi sech am Land breet gemaach huet, ass d‘Ouverture vun de reliéise Standuerter. D‘Kierchemänner vun alle representative Reliounen am Land, mee natierlech och déi Legioune u gleewegen, déi all Sonndeg (oder engem soss passenden Dag) an d‘Tempel drängen, wëllen nees den Zesummenhalt am gemeinschaftleche Gebiet an an der Zelebratioun fir hir respektiven Helleger demonstréieren dierfen.

An dësem Kontext huet de Premierminister dann och ee Rendez-vous um Freideg mat de Leader vun der reliéise Glawensgemeinschaften. Mee och déi wäerten nach emol op déi grondsätzlech a zwéngend anzehale Reegelen higewise ginn. Et ass och – oder vläicht grad – fir si wichteg, datt et séchergestallt ass, datt all d‘Geste Barrière an sanitär Moossnamen agehale ginn. Wéi dat ze kontrolléiere soll sinn, wäert no der Entrevue erkläert ginn.

Et ass Halbzeit

Säitens der Gesondheetsministesch heescht et, datt villes wat u Moossname getraff gouf, an der Urgence decidéiert ginn ass, an zum Zäitpunkt oft net gewosst war, op dat esou richteg ass. Elo kann een awer beim Réckbléck feststellen, datt dat meescht dovunner ganz Sënnvoll war an nach ëmmer ass. De Covid19 konnt agegrenzt ginn, mee hien ass nach ëmmer do a sicht no weidere Wiert a „Vermëttler“, firwat et net ass fir nozeloossen.

D‘Paulette Lenert ënnersträicht dann och ee wichtege Fakt: „Et geet net ëm Angscht, mee et geet ëm Virsiicht. Wa mir Disziplin an Verantwortung weisen, ass et ze packen“. Et hätt een an der Regierung och net d‘Pretentioun alles richteg ze maachen, wat domadder zesummenhänkt, datt et stänneg nei Erkenntnisser gëtt a wuel och nach weiderhi wäert ginn. Et ass, fir déi wou et vergiess hunn, een neie Virus zu deem et keng Erfarungswäerter gëtt.

Bis gëschter sinn dann och eppes weider wéi 63.000 Tester gemaach ginn an dat gëtt jo elo och nach eppes intensivéiert. De Sécherheetsofstand, wéi d‘Undoe vun de Masken an sech regelméisseg seng Hänn ze wäschen, sinn déi dräi Pilieren, déi derzou bäidroe wäerten, datt ëmmer méi Lackerungen a Fräiheete kënnen ëmgesat ginn. A jo, dat ganzt wäert eis Gedold nach länger ganz zolidd op d‘Prouf stellen, an wéi gesot, d‘Lag gëtt stänneg iwwerwaacht.

Graff zesummegefaasst

Wat elo d‘Tester betrëfft, esou kéint et e Freideg en éischte Bilan ginn. Mee och hei muss een de ville Leit, déi mat den Analysen an Auswäertunge vun den Zuelen, Statistiken a wat soss nach alles dozou gehéiert, beschäftegt sinn, d‘Zäit ginn dat uerdentlech ze maachen. De logistesche Bilan ass dogéint bekannt an zefriddestellend, an och de Volet „sanitär Reserv“ géif elo evaluéiert, fir an der Zukunft besser opgestallt ze sinn.

D‘Ministesch huet dann och nach drop higewisen, datt een elo muss am Gesondheetssecteur déi normal Aktivitéiten nees héich fuere muss. Dat heescht Operatiounen déi verréckelt goufen an villes méi, wat duerch d‘sanitär Kris esou net méi ze leeschte war, muss de Mënschen nees méiglech sinn. Déi virgeluechten Zentren Ettelbréck a Gréiwemaacher maachen hir Dieren den 29. Mee zou, Esch leeft nach bis de 15. Juni an d‘Luxexpo gëtt dann och a Standby gesat.

Ab e Méindeg soll et dann och nees eppes méi „Normalitéit“ an de „Maison de Soins“ ginn. Ënnert der Woch hunn déi dann nees vun 20:00 Auer Owes bis den aneren Dag 7:00 Auer Moies op. Iwwert de Weekend an d‘Feierdeeg da ronderëm d‘Auer. Hei heescht allerdéngs och weiderhinn, sech via Telefon ee Rendez-vous ginn ze loossen. D‘Covid19-Hotline gëtt aktuell och wesentlech manner sollicitéiert, esou datt hei d‘Auerzäiten och erofgefuer kënne ginn.

Illustratioun: © Zoltan Tasi / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Dan Kersch, François Bausch, Paulette Lenert, Pierre Gramegna, Regierungsrot, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel