Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Basket-Welt am Trauer
Neiegkeeten

Basket-Welt am Trauer

Hie war een vun de beschte Basketspiller deen d‘Welt jee

surprise
De Wollef kéint sech am Éislek richteg wuel fillen
Neiegkeeten

De Wollef kéint sech am Éislek richteg wuel fillen

D’Wëssenschaftler aus Däitschland hunn unhand der DNA, déi hinne vun

Jonk Demokraten op de falsche Wee geroden:
Neiegkeeten

Jonk Demokraten op de falsche Wee geroden:

„De post-fossillen Zäitalter, dee muss haut ufänken an net muer

D‘Piraten net erfreet iwwert de Privatiséierungsprojet vun den CFL

D‘Piraten net erfreet iwwert de Privatiséierungsprojet vun den CFL

Mam Gesetzprojet 7254, deen sech op d‘Ëmsetzung vun der EU-Direktiv 2016/2370 vum EU-Parlament a vum EU-Rot stëtzt, a mat deem d‘EU-Memberlänner gezwonge ginn den nationale Maart vun ëffentleche Schinnentransport a Schinneninfrastruktur der Konkurrenz opzemaachen, soll d‘CFL privatiséiert ginn. D‘Piraten an aner politesch a gesellschaftlech Acteuren si veriergert.

Agereecht ginn ass d‘Gesetz d‘lescht Joer am Februar, an am Abrëll huet Salariatskummer heizou hiren Avis ofginn, an deen ass alles wéi net favorabel. Si hunn op déi schiedlech Auswierkunge vun esou enger Moossnam higewisen, a ganz allgemeng déi vu Bréissel gewënschte „Liberaliséierung vun der Schinn“ als domm a geféierlech zréckgewisen. D‘Privatiséierung wier hei de falsche Wee.

Vun der Salariatskummer (CSL) gëtt ënnert anerem monéiert, datt d‘Konkurrenz op der Schinn zu laaschte vun der Qualitéit an der Sécherheet geet – et muss ee just bei de Brite kucke wat gemengt ass – zu Loundumping féiert, an de Fall gesat de Profit bleift aus, um Enn awer de Steierzueler nees d‘Hand un de Portmonnie muss uleeën. Hei gëtt d‘Verantwortung an déi falsch Hänn geluecht…

Ass d‘CFL dann net schonn…?

Jo eigentlech, ass déi vu Lëtzebuerger Steiergelder finanzéiert CFL eppes wéi eng „Privatfirma mat Staatskapital“ an d‘Fransousen hunn och e puer Aktien, woumatter si als „privatiséiert“ ze betruechte wier. Woubäi et net d‘Fransousen, a soss um Lëtzebuerger Schinnenetz interesséiert Entreprise sinn, déi den Ausbau, d‘Erneierung an d‘Modernisatioun vum Reseau finanzéieren.

Fakte vun deenen ee sech net op der Handelskummer steiere gelooss huet. Si huet sech an hirem Avis vum Juli 2018, ganz favorabel fir eng Privatiséierung ausgeschwat: „D‘Handelskummer erkennt dat ekonomescht Potential, deen en europäeschen Eisebunnsreseau mat sech bréngt, a begréisst de Wonsch zur Verbesserung vu Qualitéit an Effikassitéit…“ an esou weider an esou virun.

Aus dem Avis vum Staatsrot geet och ervir, datt een net ganz „iwwerzeegt“ ass. Fënnef Joer iert de Gesetzprojet deponéiert gouf, hate scho Landesverband (FNCTTFEL) an déi Lénk gemeinsam, zur Privatiséierung vun der Eisebunn geäussert, an op d‘Gefore vun enger Liberaliséierung higewisen. Mee Bréissel huet aner Pläng, an déi si beschlosse Saach, firwat déi Direktiv muss ëmgesat ginn.

Jo! Nee! … wat dann elo?

Interessanterweis, haten d‘Awänn vun de Kritiker, am Oktober 2015 dach nach déi entscheedend politesch Gremien hei am Land erreecht. Den 8. Oktober 2015 titelt den Tabloïd „L‘Essentiel“: „D‘Privatiséierung vun der CFL ass vum Dësch“. Si haten ervirgehuewen, datt d‘Verkéiersminister sech op méi Wettbewerb gëeenegt hunn, et fir Lëtzebuerg an anerer awer soll Ausname ginn.

Bedréckend bei dësem Gesetzprojet, deen zu engem Zäitpunkt geschriwwe ginn ass, wou nach net vun der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport rieds gaangen, d‘Aart a Weis, wéi eng Regierung mam Eegentum vun de Bierger vun dësem Land ëmgeet. Nach gehéiere staatlech Entreprise net der Regierung. D‘Regierung huet déi Betriber am Sënn an am Interessi vum Bierger ze verwalten.

Mee elo wou beschloss ginn ass den ëffentlechen Transport „gratis ze maachen“, wat bedeit dat „Konkurrenz op der Schinn“? Wie soll an eppes investéieren, datt fir de Client gratis ass? Wéi cool ass et fir de Lëtzebuerger Steierzueler ze wëssen, datt nach Milliarden an d‘CFL, wéi och an de Reseau investéiert ginn, mee de méigleche „Profit“ auslänneschen Aktionären zoukënnt?

D‘Piraten, déi Lenk an d‘Gewerkschafte stäipen sech daper géint e Gesetz dat se net verhënnere kënnen. Op d‘Argumenter vun der Majoritéit lount et sech – well et ëm d‘Transpositioun vun enger EU-Direktiv geet – net wierklech anzegoen. Si „mussen et jo maachen“. Mee et ass en Thema dee bei am Europawahlkampf, nees d‘Institutiounen an e schlecht Liicht stellt, an eng Roll spille muss.

Ähnlech Sujeten CFL, Eisebunn, EU-Direktiv, Marc Goergen, Piratepartei, Privatiséierungsprojet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel