Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Merkel: Wie Gewalt uwennt verspott d’Demokratie
International Neiegkeeten

Merkel: Wie Gewalt uwennt verspott d’Demokratie

Eng ustrengend Nuecht haten d’Polizisten zu Hamburg. Dat wat sech

Ungarn: Europarot kritiséiert Gewalt bei Ausweisung vu Migranten
International Neiegkeeten

Ungarn: Europarot kritiséiert Gewalt bei Ausweisung vu Migranten

Mat engem Bericht, huet en Dënschdeg den Europarot, déi widderholl

Zäitëmstellung: D‘Lëtzebuerger hunn es genuch domatter…
International Neiegkeeten

Zäitëmstellung: D‘Lëtzebuerger hunn es genuch domatter…

Et war an ass ee grousse Sujet. D‘EU-Kommissioun wëll se

De Protest op der Grenz zum Gazasträifen soll weidergoen

De Protest op der Grenz zum Gazasträifen soll weidergoen

D’Ausenanersetzungen, op der Grenz zu Gaza, tëscht israeleschen Zaldoten a palestinensesche Manifestante ginn um haidege Samschdeg weider. Dat no engem vun den déidlechsten Deeg vun de leschte Joer. 16 Palestinenser waren um Freideg de Kugele vun den Zaldoten erleeën.

Si haten sech zu Dausenden, am Kader vum „grousse Marsch vum Retour“, laanscht d’Grenz zu Israel opgestallt. Mat derbäi vill Fraen an Kanner. Dëse Protest soll sech nach iwwert déi nächst sechs Wochen hinzéien. Si fuerderen „d’Recht op de Retour“ vun de palestinensesche Refugiéeën, a veruerteelen d’Belagerung vu Gaza.

E klenge Grupp hatt sech op ee puer honnert Meter un déi ultra securiséiert Barrière erugemaach. Dobäi gëtt et op dësem Grenzofschnëtt reegelméisseg bluddeg Ausenanersetzungen tëscht den Awunner vun der Enklav an den Zaldoten. Zaldoten déi mat richtege Kugelen an Tréinegas op de Grupp geschoss hunn. Laut dem Gesondheetsministère am Gazasträifen, wiere bei dëser Konfrontatioun 16 Palestinenser ëm d’Liewe komm, 1.400 Mënsche wiere verletzt ginn.

An enger Ried um Freideg, huet de President Mahmoud Abbas ënnerstrach, dat hien Israel fir den Dout vun de Manifestante verantwortlech mécht. Palestina an d’Tierkei schwätze vun enger disproportionéierter Uwennung vun der Gewalt. Och déi arabesch Liga, Egypten a Jordanien hunn den Asaz vun der israelescher Arméi schaarf veruerteelt.

Zu Washington gëtt den Dout vun de Manifestante bedauert, wéi et an engem Tweet vum Heather Nauert, der Spriecherin vum Ausseministère. Si fuerdert „all implizéiert Parteien op, Moossnamen ze ergräifen déi zu enger Entspanung kënne féieren“.

Um Freideg huet sech den UN-Sécherheetsrot an enger Drénglechkeetssëtzung dem Konflikt ugeholl. Hei konnt een sech um Enn awer net op eng gemeinsam Erklärung eenegen. „Et ass ze fäerten, datt d’Situatioun sech an den nächsten Deeg verschäerfe kann“, warnt den Taye-Brook Zerihoun, Adjoint vum UN-Generalsekretär fir politesch Froen.

D’USA a Groussbritannien hunn de Kalenner vun der Reunioun bedauert – dat jiddescht Ouschteren huet um Freidegowend ugefaangen – well net erwaarden ass, datt israelesch Verantwortlech sech de Gespréicher uschléissen. Ouni de noutwennegen Dialog, wier dem Konflikt net bäizekommen.

Gëschter Owend huet déi israelesch Arméi matgedeelt, datt si dräi Positioune vun der islamistescher Hamas beschoss hunn. Dat als Äntwert op de versichten Ugrëff vu sengen Zaldoten duerch Manifestanten. Vu weidere Moossname war am Communiqué net rieds gaangen.

De „grousse Marsch vum Retour“ huet um „Dag vum Buedem“ stattfonnt. All 30. Mäerz gëtt un den Dout vu sechs israeleschen Araber am Joer 1976 erënnert. Déi ware bei de Manifestatioune géint d’Beschlagnahm vu Lännereien duerch Israel ëm d’Liewe komm. Déi israelesch Araber sinn d’Nokomme vu Palestinenser déi bliwwe waren, wéi 1948 de Staat Israel gegrënnt ginn ass.

Mat Steng géint den Besatzer

De Spriecher vun der israelescher Arméi ass ee Freideg vun 30.000 Manifestanten ausgaangen. Hien erkläert: „Déi israelesch Arméi huet eng geschlosse Militärzon ronderëm de Gazasträife festgeluecht. All Aktivitéit an dësem Secteur muss vun der Arméi autoriséiert ginn“. D’Manifestante géife Steng op d’Zaldote geheien, déi sech mat entspriechende Mëttel zur Wier setzen.

D’Regierung an den d’Arméi haten am Virfeld gewarnt, datt all Versuch an Israel anzedrénge géif ofgewiert ginn. Et géif een och net zécken de Scharfschützen den Uerder zum Schéissen ze ginn. Déi israelesch Police huet bekannt ginn, datt si eng Drone agesat hunn, fir Tréinegas op d’Manifestante falen ze loossen.

Gazasträifen

E jonke palestinensesche Manifestant, dee beim Protest un der Grenz zu Jabalia blesséiert ginn ass, gëtt evakuéiert. © Mohammed Abed/AFP

Offiziell ass de Marsch vun der Zivilgesellschaft organiséiert ginn, gëtt awer vun der Hamas ënnerstëtzt. D’Hamas, déi politesch Muecht zu Gaza, hat verséchert, datt si géifen uecht dinn, datt keen sech geféierlech no un d’Grenz géif erumaachen. Um Freidegowend hunn déi verantwortlech Politiker d’Manifestanten opgeruff sech aus dem Grenzberäich bis e Samschdeg zeréckzezéien.

Israel an d’Hamas hunn sech säit 2008 an der Enklav schonn dräi Konflikter geleescht. Zanter 2014 beherrscht eng ugespaante Wafferou d’Regioun. An Israel bezéien sech d’Suerge géintiwwer dem Protest haaptsächlech op d’Méiglechkeet, datt et zu engem spontane Versuch kéint kommen, d’Grenz mat engem Marsch vu Fraen a Kanner ze iwwerwannen.

An dësem Kontext huet déi israelesch Arméi bekannt ginn, datt si entspriechend Verstäerkung un d’Grenz verlagert hunn. Et misst all Form vun Infiltratioun verhënnert ginn, besonnesch mam Bléck op d’Festivitéiten zu Passah, dem jiddeschen Ouschteren, dat um Freidegowend ugefaangen huet.

Provokatioun ass keng Strategie

De Verdeedegungsminister, Avigdor Lieberman, hat gewarnt, datt „honnerte Scharfschützen“ op der Grenz agesat ginn. Um Freideg, nach iert de Marsch sech forméiert hat, war e 27 järege palestinensesche Landwirt, duerch de Beschoss vun Artillerie, bei Khan Younès am Süde vun der Enklav ëm d’Liewe komm. E Spriecher vun der israelescher Arméi huet erkläert, datt sech zwee „Verdächteger“ un d’Barrière erugemaach hätten, an datt d’Panzer an hir Richtung geschoss hunn.

Am Mee feiert Israel säi 70. Jubiläum, während d’Palestinenser nach ëmmer op d’Unerkennung vun hirem Staat waarden. Dat et eng Kéier e palestinensesche Staat ka ginn, huet seelen esou onwahrscheinlech geklonge wéi am Ament.

D’Recht op de Retour vun de Refugiéeë bleift eng fundamental palestinensesch Fuerderung, an ass fir Israel déi gréissten Hürd fir de Fridden. An och de Statut vu Jerusalem ass e Sträitpunkt dee béid Parteien net bäigeluecht kréien. Mat der Entscheedung vum US-President, Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen an d’Ambassade dohinner ze verleeën, gëtt d’Situatioun oniwwersiichtlech.

Manifestatiounen huet et och am Westjordanland ginn, engem palestinenseschen Territoire dat vun Israel zanter 50 Joer besat gëtt. Hei haten sech dann awer manner Mënschen dem Protest ugeschloss, an och zu Ausenanersetzunge soll et nëmme ganz begrenzt komm sinn.

mat AFP

Foto: Op der Grenz, vum Kibbutz „Nahal Oz“ aus, schéisst déi israelesch Arméi mat Tréinegas op déi palestinensesch Manifestanten. © Jack Guez/AFP

Ähnlech Sujeten Gazasträifen, Hamas, Israel, Pessah, Westjordanland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel