Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aarbechtslosenzuele an Europa sou déif wéi säit 2009 net méi
Fail International breadcrumbing dating trend

https://moien.lu/divorced-or-separated-dating-site/

Et si gutt Noriichten, déi Eurostat bréngt: An den Euro-Länner

https://moien.lu/muslim-guys-dating/
23andme dating site
Fail International breadcrumbing dating trend

Vu Selbstbestëmmung an Onofhängegkeet

Wie si mir a virun allem wie sinn déi wou

OPYOS GIN – Mir gin(n) dann mol een huelen!
Fail International breadcrumbing dating trend

OPYOS GIN – Mir gin(n) dann mol een huelen!

Den Opyos ass zwar nach jonk, vum Goût hir awer

https://moien.lu/muslim-guys-dating/

De Puidgemont an Däitschland verhaft, Gewaltausbréch a Katalounien

De Puidgemont an Däitschland verhaft, Gewaltausbréch a Katalounien

De fréiere President vun der autonomer spuenescher Provënz Katalounien, Carles Puidgemont, huet haut de Moien e Rendez-vous mam Riichter. Hie war um Sonndeg an Däitschland, wéinst engem internationale Mandat, dat géint hien ausgestallt ginn ass, verhaft ginn. Duerch d‘Verhaftung huet et zu Barcelona Ausenanersetzungen tëscht Onofhängegen an der Police ginn.

Et war um Retour aus Dänemark, wou de Carles Puidgemont am Norde vun Däitschland vun der Police d‘Handschellen ugedoe krut. Laut sengem Affekot, Jaime Alonso-Cuevillas, war de fréiere katalanesche President um Wee fir an d‘Belsch. No der verfuschter Onofhängegkeetserklärung vum 27. Oktober, hat Madrid en Haftbefeel wéinst Rebellioun opgestallt, an de Puidgemont ass an den Exil op Bréissel geflücht.

Um haidege Méindeg gëtt de Carles Puidgemont engem Riichter presentéiert, wou et primär drëms geet, seng Identitéit festzestellen. E Geriicht zu Schleswig muss dann driwwer befannen, op de spueneschen Dissident an Haft geholl gëtt, vir uschléissend u Spuenien ausgeliwwert ze ginn. Esouwäit d‘Informatioun vum Parquet, dee keng Informatiounen zur Dauer vun der Prozedur wollt ginn.

Dausenden Autonomer sinn an Katalounien op d‘Strooss gaangen, fir géint dës Verhaftung ze protestéieren. Dat notamment zu Barcelona, wou Manifestanten dem Appell vun engem radikale Grupp, d‘Verdeedegungscomitéë vun der Republik (CDR), gefollegt sinn a versicht hunn un d‘Präfektur erunzekommen. Katalanesch Poliziste vun der Mossos d‘Esquadra hunn se dovunner ofgehalen.

D‘Militanten hate mat Eeër, Fläschen an Eise Gitter no de Poliziste geworf. Et huet der esouguer ginn, déi et versicht hunn Dreckscontainer no den Agenten ze geheien. D‘Polizisten hunn net laang gefackelt, et gouf an d‘Luucht geschoss an och d‘Knëppel sinn zum Asaz komm. Zu Barcelona sinn 90 Persoune blesséiert ginn, dovunner 22 Polizisten. Och zu Lleida an Tarragona huet et Verletzter ginn.

„Et huet eis revoltéiert, datt si de Puidgemont festgeholl hunn“, iergert sech d‘Judit Carapena, eng Architekturstudentin vun 22 Joer. „Mee se sollen elo net Victoire jäizen, et ass nach net d‘Enn vum Kampf fir d‘Onofhängegkeet. Nach laang net“. D‘Yolanda Salleras, eng 37 järeg Kinesitherapeutin, fuerdert net manner wéi ee Generalstreik, fir all déi politesch Prisonéier ze befreien. Néng separatistesch Dirigente sinn zur Zäit am Prisong

Laut dem katalanesche Radio, hu Membere vun den CDR Stroossen ofgeschnidden. Eng Strategie déi si scho während den zwee Streiken ugewannt haten. E Streik deen d‘Äntwert op d‘Policegewalt war, déi de verbuedene Referendum zur Selbstbestëmmung begleet huet. De President vun der katalanescher Regierung huet op der Televisioun zur Rou opgeruff.

De laangen Aarm vu Madrid

Zwee Deeg no der Entscheedung vum Riichter Pablo Llarena, de Carles Puidgemont an 12 weider separatistesch Dirigente wéinst Rebellioun ze verfollegen, ass den ex-President verhaft ginn. Am ganze sinn ee Freideg 25 Persounen ënner Uklo gestallt ginn. De Riichter huet europäesch an international Haftbefehler géint sechs vun hinnen ausgestallt oder erneiert.

D‘Clara Ponsati, fir Rebellioun ugeklot an am schotteschen Exil, huet seng Dispositioune geholl, fir sech de schotteschen Autoritéiten ze stellen. Si enseignéiert Wirtschaft op der St. Andrews Universitéit. De Virworf vun der Rebellioun, ka mat bis 30 Joer Prisong bestrooft ginn. Eng Uklo, déi vun de Juristen allgemeng verworf gëtt, well dat „schwéier Onrouen“ ënnerstellt.

Puidgemont

E jonkt Meedchen hänkt en Ziedel mat „Befreit eise President“ un d‘Fassade vun der däitscher Ambassade zu Barcelona. Déi däitsch Autoritéiten, vum spuenesche Geheimdéngscht alarméiert, hunn de Carles Puidgemont ee Sonndeg verhaft. © Josep Lago/AFP

Den ofgesate President war um Donneschdeg a Freideg a Finnland. Hien hat d‘Land verlooss, iert et zu enger wahrscheinlecher Verhaftung duerch déi finnesch Police konnt kommen. Allerdéngs war de spuenesche Geheimdéngscht (CNI) hannert dem Puidgemont hir, an huet déi däitsch Autoritéiten informéiert. Dat huet déi spuenesch Police an engem Tweet esou och bestätegt.

„De President Puidgemont huet d‘Risike kannt“, erkläert d‘Elsa Artadi, eng Deputéiert vu senger Partei. „Mee hie wollt zu kengem Ament, datt d‘Risiken an d‘Angscht hien a senger politescher Aktivitéit, der Internationalisatioun vum Konflikt, ophalen“. A si ass géint eng Ausliwwerung well „Spuenien garantéiert kee faire Prozess, just Revanche a Repressioun“, esou dem Elsa säin Tweet.

Verfaangen an der politescher Sakgaass

Katalounien stécht fest an der politescher Sakgaass. Och d‘Investitur zur Presidence vum Jordi Turull huet d‘Zentralregierung zu Madrid, mat haarde Mëttel verhënnert. Deen hunn déi spuenesch Autoritéiten e Freideg verhaft, am Kader vun enger juristescher Offensiv géint den haarde Kär vun de Separatisten.

Dat ass dann elo scho fir d‘Drëtt, datt et de Separatisten net geléngt e neie President fir Katalounien ze wielen. All Kéiers behënnert duerch eng juristesch Entscheedung. Den éischte Kandidat, Carles Puidgemont, konnt net gewielt ginn, well et him net méiglech war op Barcelona an d‘Parlament ze kommen. Den Zweeten, de Jordi Sanchez, hunn d‘Autoritéiten am Prisong festgehalen.

Bei de vu Madrid erzwongene Wale vum 21. Dezember, haten d‘Parteie fir d‘Onofhängegkeet hir absolut Majoritéit behalen. E Problem fir d‘Regierung, déi sech hinnen am léifste wéilt entleedegen. A sollt dat katalanescht Parlament bis zum 22. Mee kee President gewielt hunn, gëtt et automatesch Neiwahlen. Bis dohinner bleift d‘Provënz ënnert der Tutelle vu Madrid.

mam Hui Min Nea an dem Daniel Bosque/AFP

Foto: Manifestante a Poliziste sinn um Sonndeg zu Barcelona unenaner geroden, nodeems bekannt gi war, datt de fréiere President vun der autonomer Provënz Katalounien, a Nord-Däitschland verhaft ginn ass. © Lluis Gene/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Däitschland, Katalounien, Onofhängegkeet, Rebellioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel