Treffen tëscht Asselborn a Goffin: Komplett Beweegungsfräiheet ass d’Zil
Gëschter huet de Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn de
Gëschter huet de Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn de
[onionbuzz quiz-id=95][/onionbuzz] Mir hunn vill komesch Wierder entdeckt, wou mer
Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren
Well de Premierminister Xavier Bettel dann elo awer (zum Gléck) net mam Covid19 infizéiert ass, huet hien och net missen a Quarantaine bleiwen a konnt esou och de Moien an der Chamber op déi Urgent Fro vun der CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen äntweren.
„Äntweren“ ass allerdéngs d‘Siicht vum Regierungschef, well wéi schonn duerch de ganze Verlaf vun der Covid19-Pandemie, ass Äntwert net gläich Äntwert. An esou wollt de Xavier Bettel och dës Kéier net am Detail op d‘Froe vun der Oppositiounspartei äntweren. Säin Argument: d‘Analys vun der Situatioun wier nach net ofgeschloss an et géif kee Sënn maachen sech iwwer Eventualitéiten ze ënnerhalen. Et wier awer gutt sech drop astellen ze kënnen…
Déi vum Paulette Lenert a Franz Fayot (béid LSAP) op der Antenn vu Bertelsmann/RTL de 17. an 18. Dezember gemaachten Aussoen, waren awer – virsiichteg ausgedréckt – scho krass Uspillungen op en totale Lockdown. De gëtt zudeem scho méi laang vum Gesondheetssecteur gefuerdert a bezunn op déi grouss Usammlungen an de Shoppingzenter, Foussgängerzonen an esou och am ëffentlechen Transport wuel kaum nach ze verhënneren.
Esou guer näischt maachen, nodeems gewosst ass, datt d‘Spideeler am Norden an esouguer den CHL op der Areler Strooss d‘Situatioun nëmmen nach ënner Kontroll behalen, well zimmlech alles wat net Covid19 ass, heem geschéckt gëtt. Urgence bleiwen dovunner selbstverständlech ausgeholl mee et ass net den Ament sech en Aarm oder e Bee ze briechen. Op dat d‘Bierger elo beonrouegt léisst sech net soen.
D‘Fro zum Lockdown bleift also och de Weekend iwwer onbeäntwert. Streng geholl hätt een et an der Regierung jo am léifste wa mir alleguerte géife mam Aarsch doheem bleiwen, do och keng Friemer sollten empfänken. Wann dann de Laurent Mosar sech op der Tribün an der Chamber iergert, ass dat richteg. Haut de Moie goufe jo d‘Covid19-Mesuren nach emol verlängert, an ee Méindeg kéint dat alles schonn nees Makulatur sinn.
Elo huet awer d‘CSV dann awer, wann och widderwëlleg, d‘Gesetz matgestëmmt. De Laurent Mosar huet sech et awer net huele gelooss, nach emol op déi ganz Defiziter an dësem Text hinzeweisen. Hie kann net verstoen, firwat sech säitens der Majoritéit a Folgerichteg och der Regierung mat Hänn a Féiss gewiert gëtt, den Inkoherenzen ze begéinen. Klengt net wéi wann d‘Chamber dëst Joer nach de Konsens géif fannen.
Illustratioun: Robert Chaib / Pixabay