Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

InvestEU: Hin zu méi Investissementer fir d’Zukunft fir Europa
Neiegkeeten

InvestEU: Hin zu méi Investissementer fir d’Zukunft fir Europa

D’Europaparlament huet um vergaangenen Donneschdeg een interinstitutionellen Accord mam Rot

dislikesurprise
Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?
Neiegkeeten

Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?

Et ass nach net esou laang hier datt Thema iwwert

China onzefridde mat Presidentewahl an Taiwan
Neiegkeeten

China onzefridde mat Presidentewahl an Taiwan

Déi chinesesch Zentralregierung zu Peking besteet op hir territorial Integritéit,

De Realitéite Rechnung droen (erkläert)

Eng fundéiert Motioun zur Tracing-App, déi sech och op den internationale Kontext bezitt, soll zu engem Gesetz féieren, wou Perséinlechkeetsrechter an Selbstbestëmmung vun de Bierger geschützt sinn.

De Realitéite Rechnung droen (erkläert)

Mëtt Abrëll hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten), eng Motioun abruecht, déi, de Fall gesat et kéim zu enger Tracing-App, preventiv eng Rei Konditiounen zum Dateschutz a géint den Abus vun esou engem System gestallt huet. Sengerzäit datt dem Premierminister zwar ganz gefälleg, mee net ausräichend formuléiert ginn, firwat hie derzou geroden, hat dëse gudden Usaz ze verdéiwen.

D‘Motioun ass dann och an den zoustännege Chamberkommissiounen op de Leescht geholl ginn, an gëschter gouf déi iwwerschaffte Motioun dann nach emol an der Chamber debattéiert. An dësem Kontext ass wierklech wichteg d‘Motivatioun hannert dëser Motioun ze verstoen. Weder Regierung nach Chamber an och d‘Piraten, wëllen esou eng Applikatioun, mee Lëtzebuerg ass keng Insel.

Et dierf ee behaapten, datt eng Tracing-App fir Lëtzebuerg per se net a Fro kënnt. Dat engersäits well et „Brach“ ass – wat esou och vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) bestätegt gëtt, well se keen noweisbaren Notze bréngt – an anersäits, well esou eppes kaum wann iwwerhaapt vun de Bierger hei am Land géif ugeholl ginn, besonnesch wann ee sech op d‘Fräiwëllegkeet berifft.

Zudeem huet an der tëscht och den opgekläerte Bierger verstanen, dat de sougenannten „Kontakt-Tracing“; also noverfollegen an opkläre vun den Infektiounsketten iwwert de wuel almoudeschen, mee erwisenermoosse méi effektiven analoge Modus – een nom anere perséinlech kontaktéieren – bis de Géigendeel erwisen ass, déi besser Method ass an zudeem den Dateschutz respektéiert.

Wann sech de Problem mat der Tracing-App net wierklech op nationalem stellt, kéint mengen, datt d‘ADR an déi lénk, déi schlicht vun der Regierung fuerderen der EU-Kommissioun ze soen, datt eng Applikatioun net vu Lëtzebuerg wäert ugeholl ginn, am Fong Recht hunn, dann ass dat leider ze kuerz gegraff an d‘Komplexitéit, weder vum Problem nach der Politik, verstane ginn.

Virsuerg ass ëmmer dee beschte Schutz

Elo kann een et weder der ADR nach der déi lénk verdenken, datt si schlicht eng Tracing-App ganz vum Dësch wëllen hunn, mee leider si mir Deel vun der europäescher Famill a sinn och soss op der Welt zimmlech staark vernetzt, besonnesch kommerziell. Den „App-Hype“ deen et anerwäerts esou scho gëtt, an d‘Eventualitéit datt d‘EU-Kommissioun an d‘EU-Parlament dee Wee ginn, dann awer mat enger fir ganz Europa gülteg Applikatioun, verlaangt logescherweis eppes méi Wäitsiicht.

Dës Wäitsiicht, hunn d‘Piraten, mat hirer am Konsens mat der grousser Majoritéit vun de Parteien iwwerschaffte Motioun beispillhaft ënner Bewäis gestallt, an net wéi vun engem veriergerten ADR-Deputéierte behaapt, hir Prinzipien iwwer de Jordan gejot. Nee och d‘Piraten – an dat gëllt esou fir all d‘Piraten an der EU – wëlle keng App, kënnen awer anere Länner keng Virschrëfte maachen.

A wann ee sech dann, wéi dat esou och gëschter erkläert gouf, just en ament virstellt, datt nodeems jo schonn de Schengenraum trotz bestoenden Texter eesäiteg denoncéiert ginn ass, elo ee Land seet oder beschléisst, datt een do nëmmen nach areesen dierf, wann ee sech esou eng App fräiwëlleg op de Smartphone luet, da verstéisst géint déi fräi Zirkulatioun vu Bierger a Wueren, mee wien dann op der Grenz steet an zréckgewise gëtt, deem hëllefe keng Texter. An et geet net eleng ëm d‘EU…

Esou radikal Idiote wéi den US-President a seng bockeleg Ekipp, wiere bestëmmt net ofgeneigt, nieft nach ganz anere Mesuren, och der Welt esou eng Applikatioun opzezwéngen, woubäi… De Punkt ëm deen et an der Motioun geet, ass datt sech Lëtzebuerg muss ee Gesetz ginn, mat deem op eng ganz realistesch Eventualitéit reagéiert gëtt iert se engem ënnerjubelt gëtt.

Statt nozelafen, den Entscheedunge virgräifen

Aus der Motioun geet ervir, datt eng 500 Wëssenschaftler kloer Ufuerderungen un eng Tracing-App formuléiert hunn, an déi europäesch Dateschutz-Kommissioun (EDPB) huet ewell den 21. Abrëll, also nëmme wéineg Deeg no der Virlag vun der éischter Motioun, Richtlinne fir den Asaz vun esou enger Applikatioun verëffentlecht. Et geet also net duer ee Refus ze formuléieren, et muss ee sech d‘Moyene ginn, de Schutz och dann oprecht ze erhalen, wann een ausserhalb de Landesgrenzen ass.

Dofir ass d‘Fuerderung an der Motioun, eng legal Basis ze schafen, déi genee definéiert, ënnert wéi enge Konditiounen esou eng „fräiwëlleg Installatioun“ vun der App iwwerhaapt zoulässeg ass. Esou misst d‘Interoperabilitéit an der EU séchergestallt sinn an de Code (Sourcecode) muss virgeluecht fir eng onofhängeg Analys ze erméiglechen. Dat zumindest als Mindestufuerderung fir de Fall wou.

Elo bedeit dat net, datt déi vun ADR an déi lénk zum Ausdrock bruechte Bedenke falsch wieren, just datt si net der Realitéit um Terrain entspriechen, an ausser et wéilt an Zukunft op Reesen an d‘Ausland verzichten, wat wuel eiser CO²-Bilanz gutt zu Gesiicht stoe géif, misst een ouni enger legaler Basis mat erofgeloossener Box hannert eise Landesgrenze spadséiere goen. Dat wëll keen.

Interessant ass et awer hei kënnen ervirzehiewen, datt d‘Koalitiounspartner, d‘CSV an och eis Regierung net nëmmen d‘Necessitéit vun enger legaler Basis erkannt hunn, mee d‘Message vum Deputéierte schénge verstanen ze hunn. Et kënnt seele genuch vir, datt eng Motioun aus de Reie vun der Oppositioun deraart Zousproch vu Majoritéit a Regierung erhalen huet. Hei huet de Sven Clement demonstréiert, wéi Politik a konstruktiv Oppositiounsaarbecht sech kann entfalen.

Foto: An der Chamber huet et eng Motioun vun der Piratepartei, 53 Jo-Stëmme géint 6 Nee-Stëmme kritt. Dat bescht awer, dierft de Luef gewiescht sinn, deen d‘Spriecher vun de Fraktiounen dem Auteur vun der Motioun ausgeschwat hunn. Dat war de positive politeschen Highlight vun dëser Sëtzungswoch. © Chambre des Députés/Flickr

Ähnlech Sujeten Chamber, Motioun, Piratepartei, Sven Clement, Tracing-App
Nächsten Artikel Virrechten Artikel