Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-Midterm Elections: De Barack Obama stellt sech de Republikaner entgéint
International Neiegkeeten https://moien.lu/sermon-dating-relationships/

festival dating app

E Freideg huet de Barack Obama d‘Schweige vun de Republikaner,

Wéi gutt kenns du Wäisswampech?
International Neiegkeeten https://moien.lu/sermon-dating-relationships/

Wéi gutt kenns du Wäisswampech?

Dës Kéier geet et wäit bis an den Norde vum

Vulkanausbroch am Guatemala: 73 Doudeger an 192 vermësste Persounen
International Neiegkeeten https://moien.lu/sermon-dating-relationships/

Vulkanausbroch am Guatemala: 73 Doudeger an 192 vermësste Persounen

Eng schwéier Explosioun huet en Dënschdeg d‘Secouriste gezwongen hir Aarbecht

De Reebësch brennt a Brasilien mécht op Beleidegt

Zaldote solle beim läschen hëllefen an d‘Auteure vun de Bränn verfollegen

De Reebësch brennt a Brasilien mécht op Beleidegt

„Wien sech wéi Dabo behëlt muss wéi Dabo behandelt ginn“, esou an net anescht ass dem Faschist aus Brasilien ze begéinen. Zwar gëtt et elo endlech och säitens der Weltgemeinschaft esou eppes wéi Kritik an de Bolsonaro huet en „haart Duerchgräifen“ ugekënnegt, mee de Schued ass ugeriicht.

Datt et méiglecherweis un der eegener Politik geleeën ass, datt de Reebësch am Amazonasgebitt elo brennt, dat kënnt dem Diktaturnostalgiker a President vun der Agrarindustrie net an de Sënn. Dofir versprécht de Jair Bolsonaro: „Mir sinn eng Regierung vun der Null-Toleranz Politik géintiwwer der Kriminalitéit. An am Beräich vun der Ëmwelt ass dat net anescht“. Null Toleranz? Ëmwelt?

ReebëschBei Individuen déi de Widdersproch „verkierperen“ a sech drop verloossen datt de Mënsch am grousse Ganze kee Verhalt huet, eng klassesch Rhetorik. Interessant dogéint, datt de brasilianesche President an senger Usprooch op der Tëlee geäussert huet: „Mir wäerten entschloss handele fir d‘Feier ënner Kontroll ze bréngen“. No véierzéng Deeg, kléngt dat elo net esou iwwerzeegend…

Vill Gebraddels wéineg Aktioun

Wann de Jair Bolsonaro awer mengt „mir schécken Zaldoten“, dann ass dat nëmme bedéngt richteg. Villméi ass et esou, datt elo d‘Bundesstaaten d‘Méiglechkeet kritt hunn, d‘Ënnerstëtzung vun der Arméi unzefroen. Dann eréischt wëll de President Zaldote mat entspriechender Ausrëschtung op d‘Plaz schécken, fir d‘Bränn am Amazonas ze läschen. Eigentlech wier Eegeninitiativ ubruecht.

Och d‘Ausso: „D‘Regierung ass sech der Situatioun bewosst a wäert genee esou bestëmmt géint d‘Ëmweltkriminalitéit virgoen, wéi si dat mat der normaler Kriminalitéit mécht“, ass eng däitlech mee diplomatesch noutwenneg Ligen, well mëttlerweil de franséische President net méi gewëllt ass, d‘Fräihandelsofkommes mat de Mercosur-Länner ze ratifizéieren, wëll de Reebësch bedreet gëtt.

ReebëschDe Schutz vum Amazonasgebitt ass e vun de „wichtege“ Passagen an dësem Ofkommen, deen elo wéinst der aggressiver Ëmweltpolitik an de falsche Viraussetzungen dreet an de Schredder ze kommen. Dofir: „De Schutz vum Bësch ass eis Flicht. Mir sinn eis dees bewosst a schaffen drun déi illegal Ofholzung an aner kriminell Aktivitéiten déi eist Amazonasgebitt bedreet, ze bekämpfen“.

Och dat ass einfach nëmme gelunn. Zum engen huet hie säi politescht Mandat och dowéinst kritt, well hien der Wirtschaft an Industrie versprach huet, méi Flächen zum Ubau vu Fuddermëttel an der Véizuucht zur Verfügung ze stellen. Zum aneren huet de Jair Bolsonaro den indigene Vëlker geroden sech „unzepassen“ an hir Gebidder ze verloosse fir sech an de Stied néierzeloossen.

Déi eege Leit zum kriminellen Handelen ugestëft

Zanter Ufank vum Joer huet d‘Ofholzung vum Amazonas-Reebësch massiivst zougeholl, a fir datt déi méi séier vu Statte geet a méiglechst wéineg Aarbechtskäschten ufalen, gëtt Feier geluecht. Dat huet de fréieren Direkter vun der INPE, Ricardo Osorio Galvao, flichtbewosst dokumentéiert an der Welt zougänglech gemaach. D‘Verbreedung vun esou brisanten Informatioune war geféierlech…

Fir de Jair Bolsonaro war domatter erwisen, datt de Wëssenschaftler en Handlaanger am Sold vun den Naturschutzorganisatiounen ass an huet dëse „kal gestallt“. Wien a Brasilien kriminell ass, dat entscheet de President. Et kënne per Definitioun net d‘Landwirt (also d‘Grousskonzerner) sinn déi fir de Schued verantwortlech wieren. Et sinn awer déi éischt Notznéisser vun dësem Verbriechen.

ReebëschWann de Faschist aus Brasilien elo net deen eenzege Klimaskeptiker ass, esou gëtt et trotzdeem elo esou eppes wéi Widderstand. Anscheinend gëtt et am G7-Club där Politiker, déi an der Schoul net an de Geographie gepennt hunn, an d‘Potential vum Reebësch regenerativ op de Klima anzewierke kennen. Zu Biarritz huet den Emmanuel Macron dann och wëlles de Sujet op d‘Tapéit ze bréngen.

Mee de Macron ass net Europa, a bis ewell stellen sech just d‘Iren hannert hien. Eisen däitschen Noperen – déi hu vill Entreprisen déi a Brasilien zum Ëmweltschued bäidroen, an dat sinn nieft Bayer/Monsanto och esou klimabewosst Firmae wéi Mercedes oder VW – ass dee Reebësch wuel wichteg, mee net esou wichteg wéi d‘Fräihandelsofkommes. Gutt datt et d‘Fransouse gëtt…

Klimawirtschaftlech Aspekter ënnert den Teppech gekiert

Ratifizéiert Frankräich d‘Fräihandelsofkommes mat Brasilien net, muss Berlin aner Weeër fanne fir seng industriell Partner um brasilianesche Maart ze stäerken. De Refus sech de Fransousen an der Kausa Reebësch unzeschléisse mécht allerdéngs och däitlech, datt Däitschland absolut net gewëllt ass – wa se jeemools sollten d‘Absicht gehat hunn – déi eege Klimaziler anzehalen.

Dem Jair Bolsonaro muss een awer zerguttst halen, dat hien Här a sengem Haus ass, a kee sech an déi intern Ugeleeënheete vu Brasilien anzemëschen huet. Op de Tëlee huet hie senge Landsleit erkläert datt et op der ganzer Welt Bëschbränn gëtt. Hien awer dee klengen Ënnerscheed ausgelooss an deem hien hätt misse bemierken, datt déi Bëschbränn net vun der Agrarlobby geluecht goufen.

ReebëschAn obwuel nach kee vu Sanktioune – ausser der Saach mam Fräihandelsaccord – geschwat huet, warnt hien d‘Brasilianer, datt d‘Weltgemeinschaft wéinst dem Feier am Amazonasgebitt kéint Sanktioune géint „seng“ Politik ergräifen. Dobäi sinn et seng leit déi elo wéinst der Ëmweltpolitik op d‘Strooss ginn. Déi hunn anscheinend erkannt datt et ouni Sauerstoff keng Entwécklung gëtt.

Den Donald Trump wäert sengem südamerikanesche Frënd awer ënnert d‘Äerm gräifen. Op Twitter huet den US-President erkläert mam brasilianesche President geschwat an Hëllef ugebueden ze hunn: „Eis zukünfteg Handelsbezéiunge sinn opreegend an eis Frëndschaft staark“. De Milliardär wäert dann och zu Biarritz eng Lanz fir déi faschistesch orientéiert Regierung a Brasilien briechen.

E bëssi eppes zur Situatioun am Amazonas

Zu Santarém (Norden) enger Stad mat ronn 300. 000 Awunner brennt elo zanter enger Woch an déi lokal Pompjeeë sinn eendeiteg iwwerfuerdert. „Mir hunn et net méi ënner Kontroll. Et sinn ze vill Bränn. Déi fänke kleng un, verbreeden sech awer esou rapid, deem hu mir näischt entgéint ze setzen“, esou de Spriecher vun de Pompjeeën. Datt si och bedeelegt sinn, dat duerft hie net soen…

Santarém ass eng „Soja-Héichbuerg“ an d‘Industrie verlaangt ëmmer méi Flächen. Fir un déi ze komme gëtt Feier geluecht. Wa gewosst wéi héich d‘Pai vun engem brasilianesche Pompjee ass, muss ee keen Adam Riese sinn, fir sech auszemole wat kriminell Agrarkonzerner mat hire Milliarde vun deenen ofverlaange kënnen. Et ass zudeem déi Korruptioun déi de Bolsonaro bekämpfe wëll.

ReebëschLandraiber musse kaum mat Strofe rechnen. Säit de Faschist un der Muecht ass, huet d‘Ofholzung zougeholl an d‘Strofen si masseg zréckgaangen. An de sozialen Netzwierker gëtt et esou eppes wéi „Widderstand“ mee och mat deem schéinsten Hashtag rett een den Amazonas net. Mat engem #prayforamazonas kritt een eventuell d‘Kierche gefëllt, dovunner geet d‘Feier allerdéngs net aus.

Wat tatsächlech hëllefe kéint, wier eng Oplëschtung vun allen Entreprisen a Konzerner ze maachen, déi wirtschaftlech vun dësem Ugrëff op déi regenerativ Kräfte vun eisem Planéit profitéieren. Déi misst een da konsequent Boykottéieren oder soss wirtschaftlech an den Abseits stellen. Bon, datt wäert net geschéien, esou verluge wéi de Bolsonaro, esou inkonsequent de Konsument…

mat indymedia/ccs

Ähnlech Sujeten Amazonas, Donald Trump, Faschist, G7-Somm, Jair Bolsonaro, Klimanoutstand, Klimawandel, Reebësch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel