Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europawahlen 2019: D‘Zäit vun de Spëtzekandidaten ass eriwwer
who dating carrie underwood

Europawahlen 2019: D‘Zäit vun de Spëtzekandidaten ass eriwwer

Europa muss sech an de Grëff kréien, wann et soll

dating my brother's best friend
who dating carrie underwood

https://moien.lu/female-scammers-on-dating-sites/

Hien war ee franséische Moler, Matbegrënner an Haaptvertrieder vum Impressionismus.

Grimme-Präis 2019: Fënnef Auszeechnungen un d’Désirée Nosbusch a Bad Banks!
who dating carrie underwood

Grimme-Präis 2019: Fënnef Auszeechnungen un d’Désirée Nosbusch a Bad Banks!

De Grimme-Präis zielt zu de renomméiertsten Auszeechnunge fir Fernsehsendungen an

Gewalt géint Fraen a Mënscherechter am Fokus vum Regierungsrot

Gewalt géint Fraen a Mënscherechter am Fokus vum Regierungsrot

De Summer geet op en Enn, an net nëmmen d’Gemengewahle sti vrun der Dier. Déi politesch Rentrée wëll awer och gutt virbereet sinn. Fir deem ze entspriechen huet sech de Regierungsrot um Freideg getraff, fir sech verschidden Dossiere méi genee unzekucken.

Ënnert dem Virsëtz vum Premier Xavier Bettel, ass sech iwwert déi international an europäesch Aktualitéit ënnerhale ginn. Och d’Situatioun vum nationalen Aarbechtsmaart war Géigestand vun den Diskussiounen. Nodeems déi Sujeten am Konsens ofgeschloss waren, huet sech de Regierungsrot verschidden Themen ugeholl.

Gewalt géint Fraen

D’Ministeren hunn der Organisatioun vun der „Orange Week“ hir Zoustëmmung ginn. Hei geet et drëms, d’Gesellschaft ze sensibiliséieren, am Bezuch op d’Gewalt, déi de Meedercher a Fraen ugedoe gëtt. Dës Aktiounswoch fënnt statt vum 19. bis de 26. November. Si ass vum UN-Generalsekretär am Kader vum Projet UniTE lancéiert ginn.

Solden

De Regierungsrot huet dem groussherzogleche Reglement, deen den Datum fir d’Periode vun de Wanter-Solden 2017/18 a Summer-Solden 2018 festleet ugeholl. D’Datumer ware vun der Handelskummer virgeschloe ginn. Esou ergëtt sech, datt d’Wantersolden den 29. Dezember ufänken an den 27. Januar ophalen. D’Summer-Solde starten den 29. Juni an endegen den 28 Juli.

EU-LAC Stëftung

An der Versammlung ass och de Gesetzprojet zur Zoustëmmung vum Accord fir déi international Stëftung EU-LAC ugeholl ginn. Den Accord war Enn Oktober 2016 zu Saint Domingue (Haiti) ënnerschriwwe ginn. Den Accord leet fest, datt EU-LAC als zwëschestaatlech international Organisatioun, déi dem internationalen ëffentleche Recht ënnersteet an fir Missioun huet, de biregionale Partenariat tëscht der EU an der Communautéit vun de latäinamerikaneschen a karibesche Staaten (Celac) unzëerkennen.

Mënscherechter

Zousproch am Regierungsrot krut och de Gesetzprojet fir d’Zoustëmmung vum Protokoll N°15, deen dem Amendement zu der Konventioun fir d’Erhale vun de Mënscherechter an de fundamentale Fräiheeten, zu Stroossbuerg de 24. Juni 2013 erstallt.

Zweck dovunner ass et, de Fonctionnement vum europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter ze verbesseren. D’Innovatiounen déi am Protokoll festgehale sinn, huele Bezuch op d’Subsidiaritéit an d’Appreciatiounsmarge vun de Staaten aus der Konventioun an der Uwennung vun dëser. Esou gëtt den Héchstalter vu 70 Joer fir d’Ausübe vun der Funktioun als Riichter opgehuewen. Dogéint gëtt en Héchstalter vu 65 Joer fir d’Nominatioun festgeluecht.

Ofgeschaaft gëtt och d’Méiglechkeet fir eng vun de Parteien déi viru Geriicht ginn, sech géint d’Entscheedung vun enger Cour, d’Affaire un déi grouss Kummer weider ze reechen, ze stellen. Och den Delai, an där d’Cour saiséiert muss ginn, gëtt vu sechs op véier Méint erofgesat. Dogéint gëtt de Kritäre fir d’Zouloossung am Fall vun engem „grousse Schued“ gestäerkt.

„Fonds du Rail“

Nodeems de Staat 1995 d’Schinnenetz vun der CFL iwwerholl huet, an d’Finanzéierung esou wéi den Ënnerhalt vum „Fonds du Rail“ geséchert gëtt, muss och reegelméisseg iwwert de pluriannuelle Programm entscheet ginn.

Esou dann och fir den Zäitraum 2017-2026. De „Fonds du Rail“ kritt esou 20 Milliounen Euro iwwert de Staatsbudget ab 2018. Fir d’Gestioun kommen dann nach emol 138,1 Milliounen Euro derbäi.

Ähnlech Sujeten Gemengewahlen 2017, Lëtzebuerg, Regierungsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel