Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Massiv Entloossunge bei General Motors
Neiegkeeten Sport

Massiv Entloossunge bei General Motors

General Motors (GM), de gréissten US-Autoconstructeur, huet e Méindeg annoncéiert,

money
Frankräich: Bedéngungslost Grondakommes als Pilotprojet
Neiegkeeten Sport

Frankräich: Bedéngungslost Grondakommes als Pilotprojet

De Prinzip vum bedéngungslose Grondakommes um „Terrain“ ausprobéieren, fir en

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“
Neiegkeeten Sport

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“

E Sonndeg huet den Donald behaapt, datt et Russland gelongen

De „Relais fir d‘Liewen“: de Laf géint de Kriibs

13.500 Participanten an der Coque fir 25 Stonnen Dauer-Solidaritéit

De „Relais fir d‘Liewen“: de Laf géint de Kriibs

Fir déi 14. Ausgab vum „Relais fir d‘Liewen“ haten sech 13.500 Mënschen ageschriwwen, fir hir Ronnen ze dréinen, an esou d‘Kriibsfuerschung ze ënnerstëtze mee och de Mënschen déi u Kriibs erkrankt sinn, hir Solidaritéit ze weisen.

An et gouf dann och eng Persoun déi sech besonnesch gefreet huet. Fir d‘Fondatioun, där hir Directrice si ass, fir d‘Fuerscher déi nei Mëttel erhalen an natierlech fir all déi Mënschen, déi d‘Hëllef gutt gebrauche kënnen. Rieds ass vum Lucienne Thommes, Direktesch vun der „Fondation Cancer Luxembourg“, déi dëst Joer de 25. Jubiläum zelebréiert. Dat ass nawell e laangen Dag.

Erënnere mir dann och am Kontext vum „Relais fir d‘Liewen“, datt all Joer zu Lëtzebuerg eng dausend Mënschen un enger Kriibserkrankung stierwen, an de Kriibs iwwert deen Zäitraum och 2.500 mol diagnostizéiert gëtt. Wéi e gesäit den „Asaz“ vun alle Leefer, awer och de ville Leit déi soss dru bedeelegt sinn dës 25 Stonnen zum Erfolleg ze féieren, ass wierklech net vu Muttwëll.

fir

D‘Lucienne Thommes huet op déi gutt Ambiance op der Piste higewisen. All Kilometer bréngt en Euro fir d‘Fuerschung. Dëst Joer mam „Cancer Research Lab“, wou richteg Wëssenschaftler täteg sinn, soll dem Public d‘Recherche méi no bruecht ginn. D‘Direktesch ass der Meenung datt d‘Leit déi ganz Fuerschung nach net wierklech verstinn, an et net schuede kann dës Prozedur ze erklären.

Traditionell och déi begleedent Ausstellung „Mäi Liewe geet weider“ wou een d‘Leit virun, während an no der Krankheet ka gesinn. Esou sollen d‘Gäscht eng Iddi vun deem kréie wat d‘Leit déi u Kriibs erkrankt sinn duerchzestoen hunn. Natierlech kommen och ëmmer nees vill Leit zum Event, fir sech mat aneren auszetauschen, sech solidaresch mat betraffenen ze weisen.

Erhofft goufen sech beim „Relais fir d‘Liewen“ eng 500.000 Euro an d‘Kees eranzekréien. Ob dat gelongen ass, konnte mir nach net gewuer ginn, et géif nach gerechent huet et geheescht. Et wier awer ze wënschen, wëll eleng 2018 huet Lëtzebuerg ronn zwou Milliounen an d‘Fuerschung gestach. Eng Fuerschung déi allen zerguttst kënnt, esou eng Ausso déi ëmmer nees gemaach gëtt.

Foto: © Tom Bremer

Ähnlech Sujeten Fondation Cancer, Fuerschung, Relais fir d'Liewen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel