Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: D‘Merkel muss tatsächlech „fort“
Neiegkeeten

Editorial: D‘Merkel muss tatsächlech „fort“

Wat sech den Ament an der politescher Zeen zu Berlin

surprise
Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall
Neiegkeeten

Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall

Um Freidegowend war et dann no den Halleffinalle vun den

Amerika gëtt sech e Gesetz fir den elektronesche Courrier am Ausland ze saiséieren
Neiegkeeten

Amerika gëtt sech e Gesetz fir den elektronesche Courrier am Ausland ze saiséieren

Um Freideg huet den Donald Trump e Gesetz ënnerschriwwen, mat

De renovéierten INL: endlech ass et offiziell!

De renovéierten INL: endlech ass et offiziell!

Mat vill Gedauschs ass e Freideg de renovéierten INL (Lëtzebuerger Sproocheninstitut) ageweit ginn. En Institut mat 15.000 „Schüler“, a ronn 400 Course vir aacht Sproochen. Et ass op regionalem Niveau déi gréisste Sproocheschoul, a si hätt et op hirem Niveau och verdéngt mat groussem Opwand „inauguréiert“ ze ginn, wéi d’Karin Pundel, Directrice vum INL, bemierkt.

Esou en Institut ass dann och, wéi d’Directrice erkläert, an engem Land wou d’Méisproochegkeet d’Basis ass, eng Noutwennegkeet. Den INL wier eng richteg begierenswäert Institutioun, déi och an engem besonnesch prestigiéisem Gebai doheem ass. Op dëser Plaz war déi éischt Europa-Schoul (1957 – 1972) ageriicht ginn, iert se dann op de Kierchbierg geplënnert ass.

D’Karin Pundel ass nach emol op d’Geschicht vum INL agaangen: sengem Ufank an den 80er Joren. Mat deemools zwou Klassen am franséischen a grad emol 40 Schüler. Däitsch, Lëtzebuergesch an Englesch sinn 1985 zum Franséisch bäikomm. Deemools huet sech nach alles an der Patton-Strooss um Verluerekascht zougedroen.

Mam Milleniumwiessel koum de Changement

2005 ass den INL eng éischte Kéier geplënnert an huet d’Raimlechkeete vun der Europa-Schoul um Lampertsbierg iwwerholl. Hei huet sech d’Institut zum Zentrum fir d’Zertifizéierung gemaach. Dat ganz besonnesch an de Lëtzebuerger Sprooch, déi nieft dem Franséisch eng vun den am meeschten nogefrote Sproochen ass. Wat awer och mam neien Nationalitéitegesetz ze dinn huet.

Den INL géif dann och eng droend Roll bei der sozialer Integratioun vun den „neie Bierger“ spillen, an dat pedagogescht Team hätt do och schonn Iddien a Konzepter parat, fir d’Institut méi modern ze gestalten an och d’Offer mat Evenementer ënnerstëtzen. Vill Projeten hätte während den Aarbechten – iwwer 30 Méint – missen am Tirang bleiwen.

Aarbechten, déi un esou engem historesch wäertvollem Gebai net einfach sinn, esou den Avis vum Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng). Hien ass mam Zäitraum vun den Aarbechten, an et wier vill ze di gewiescht, ganz zefridden. Den INL huet seng Fläch ëm 25% vergréissert, déi elo ronn 11.000 Quadratmeter bedréit. Dofir ass de Parking méi kleng ginn.

Geschwë kënnt den Tram

Fir der Panik virzegräifen, déi entsoe kéint, well vun de fréier 74 Parkplazen, der nach just 20 iwwreg sinn, betount den Infrastrukturminister: „An dräi Woche bleift den Tram hei virun der Dier stoen“. Woubäi et eventuell duer gaange wier drop hinzeweisen, datt keng 200 Meter vum Institut de grousse Glacis-Parking vill Stellplaze bitt.

Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP), huet sengersäits drop Opmierksam gemaach, datt Lëtzebuerg, dat sech eng Zukunft opbaue muss, all Interessi dorunner sollt hunn, datt sech jiddereen am Land versteet. Fir de Minister, deen als Auteur vum Sproochegesetz gëllt, dat dës Woch um Krautmaart gestëmmt gouf, ass den INL eng Stäip fir eis dräi Sproochen.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, François Bausch, INL, Karin Pundel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel