Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europaliga: F91 Diddeleng géint AC Mailand – Verkéiersinformatioun
Neiegkeeten

Europaliga: F91 Diddeleng géint AC Mailand – Verkéiersinformatioun

Fir de Match vum F91 Diddeleng géint AC Mailand am

Et gëtt méi soziaalt Engagement vun der Jugend gefuerdert
Neiegkeeten

Et gëtt méi soziaalt Engagement vun der Jugend gefuerdert

Sech sozial engagéieren, datt ass fir vill jonk Mënschen eng

Vitesse-Limitatioun: Weiderhi just 90 km/h op der A6 an A1!
Neiegkeeten

Vitesse-Limitatioun: Weiderhi just 90 km/h op der A6 an A1!

Wéi d’Stroossebauverwaltung matgedeelt huet, soll d’Test-Phas vun der Vitesse-Limitatioun op

De REVIS trëtt den 1. Januar a Kraaft

De REVIS trëtt den 1. Januar a Kraaft

Déi parlamentaresch Kommissioun fir Famill an Integratioun hat sech déi vergaange Woch nach emol zwee Gesetzprojeten ugeholl. Esou deem zur Aféierung vum REVIS (deen den RMG ofléist) an deem zu Erhéijung vum Akommes fir Mënsche mat engem schwéieren Handicap (RPGH).

Wat de REVIS ubelaangt, esou soll deen den 1. Januar 21019 a Kraaft trieden, firwat den Text muer um Krautmaart zur Ofstëmmung virgeluecht gëtt. De REVIS, dësen „RMG deen ee sech muss verdéngt hunn“, ass laut der Familljeministesch Corinne Cahen (DP), de Schlëssel zur sozialer Inclusioun. Mam REVIS géif de Mënsch deen eng berufflech Aktivitéit ophëlt „belount ginn“.

Iert et zum REVIS komm ass, war den RMG (deen et zanter 1999 ginn huet) grëndlech op seng Schwaachstelle gepréift ginn. Et huet ee festgestallt, datt den RMG keng Motivatioun fir ze schaffen duerstellt, et tëscht der „sozialer Aktivatioun“ an der „Aglidderung duerch Aarbecht“ grouss Diskrepanzen um Niveau vun der Koherenz gëtt. Deem wëll d‘Ministesch en Enn setzen.

D‘Ministesch ass der Usiicht, datt den RMG de Risk mat sech bruecht huet, datt d‘Kanner an/oder elengerzéiend Elteren doduerch verstäerkt dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn. Zudeem wier déi ganz administrativ Prozedur ze komplizéiert. Mam REVIS gëtt datt alles geännert, all déi Problemer sinn domatter vum Dësch… also esou zumindest déi allgemeng politesch Meenung.

E kuerze Bléck op den aktuelle Stand

Betruecht een déi aktuell Zuelen, bezéien aktuell eng 20.000 Mënschen – dorënner 7.000 Kanner – dëst „garantéiert Mindestakommes“. Gutt d‘Hallschent vun de Beneficiaire sinn elengstoend (54%). 21% vun de Beneficiaire sinn an engem Stot vun zwee Erwuessene mat engem oder méi Kanner. 13% vun de Menagen si sougenannt „Monoparental“ mat engem oder méi Kanner.

En Drëttel vun de Beneficiaire ass tëscht 30 a 49 Joer al. 9% vun de Menage profitéieren zudeem nëmme vun enger sougenannter Aglidderungsmoossnam oder engem subsidéierte Vertrag. Alles komplizéiert an onverständlech, mat Prozeduren déi mëttlerweil net emol méi Sozialaarbechter richteg verstinn. Dofir muss dat geännert ginn, wat jo mam REVIS dann och de Fall ass.

Den neie REVIS deelt sech an zwou kloer vunenaner getrennten Zoulagen op. Esou d‘Allocatioun fir déi „sozial Inclusioun“ déi de Grondstack (701 Euro) vum Akommes bilt, plus zousätzlech 218 Euro pro Kand (282 Euro wann d‘Kand engem Menage Monoparental lieft). Dozou kënnt de Betrag vun der Allocatioun zur Aktivatioun, déi sech op den net qualifizéierte Mindestloun referéiert.

Elo gëtt alles besser, soen se…

Dës zousätzlech Zoulag, schreift sech an der Kader vun den Aktivéierungsmoossnamen an, dee vum „Nationale Büro fir sozial Inclusioun“ (ONIS, fréier SNAS) iwwerwaacht a geréiert gëtt. An hei kritt een elo d‘Leit un d‘Aarbecht: temporär Affektatioun fir gemengnëtzeg Aarbechten (Ënnerhalt vu Park a Gäert, fir Gemengen oder Associatioune wéi Co-Labor), mee net nëmmen.

Iwwert den ONIS kréien d‘Beneficiaire vum REVIS och eng wäertvoll Formatioun ugebueden, a wien en Drogen- oder Alkoholproblem opweist, deem gëtt och all Hëllef ugebueden, fir sech vu senger Sucht ze befreien, an esou nees ee vollstänneg integréierte Member vun der Gesellschaft ze ginn. Eigentlech wier jo och just eng Fro vun der Motivatioun, an och do huet een Iddien.

Fir de Leit de Wee op d‘Aarbecht nees schmackhaft ze maachen, gëtt op d‘Immuniséierung vun de Gehälter gesat. Et ass dat eng direkt „Immunitéit“ déi sech op 25% vum Akommes vum Menage bezitt, also net berécksiichtegt ginn, wann de REVIS ausgerechent gëtt. Dat kann een als Fortschrëtt gesinn, woubäi een awer ofwaarde sollt, wéi et sech bei der Ëmsetzung duerstellt.

Béid Gesetzer, de REVIS an den RPGH, gi muer Dënschdeg um Krautmaart vun den Deputéierten gestëmmt.

Ähnlech Sujeten Corinne Cahen, Familljeministère, ONIS, REVIS, RMG, RPGH, SNAS
Nächsten Artikel Virrechten Artikel