Search

You may also like

dislike
Editorial: Grad den DSK huet et néideg…
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Grad den DSK huet et néideg…

De franséische Sozialist a fréiere Generaldirekter vum Weltwährungsfong (IMF), Dominique

Déi ierfgroussherzoglech Koppel erwaart hiert éischt Kand!
Kultur Neiegkeeten

Déi ierfgroussherzoglech Koppel erwaart hiert éischt Kand!

Wéi de groussherzoglechen Haff elo matgedeelt huet hunn de Groussherzog

Naasst Gemupps: De Beeforter Aqua Park huet d’Hënn glécklech gemaach
Kultur Neiegkeeten

Naasst Gemupps: De Beeforter Aqua Park huet d’Hënn glécklech gemaach

D’Buedduch war placéiert, d’Schwammbox souz a mat engem gewiifte Sprong

De Ris geet op d’Rees – wat erlieft hien?

De Ris geet op d’Rees – wat erlieft hien?

De bekanntsten Awunner vu Beetebuerg? Ma deen ass ronn zéng Meter grouss a schléift am Mäerchepark. Elo starten d’Gemeng Beetebuerg an de Mäerchepark de Storytelling-Opruff „De Ris geet op d’Rees“. D’Hëllef vu klengen a grousse Geschichtenerzieler ass gefrot!

Déi agereecht Iddien zum Projet „De Ris geet op d’Rees“ ginn mat Hëllef vun de Comictexter an -zeechner Lucien Czuga an Andy Genen zu enger Bande Dessinée weider entwéckelt. Verschidden Ecker sinn awer schonn am viraus definéiert: Ufänke wäert d’Geschicht ëm de Ris am Mäerchepark, wou hien erwächt a besonnesch Beetebuerg entdeckt. Dann ass et un Iech: Wat erlieft hien hei?

D’Iddie kënne bis den 1. Juli 2020 agereecht ginn. Egal ob Zeechnung, Text, Foto oder och aner Ausdrocksformen, bei dësem Projet ass een op all Format a Geschicht gespaant.

De Ris geet op d'Rees

Ënnert alle Participante ginn Joresbilljee fir de Mäerchepark verloust. Den een oder anere wäert sech selwer och vläicht herno am Comic gezeechent erëm fannen. Apropos: Den Andy Genen huet schonn eng éischt Skizz vum Ris kreéiert. „Ech schaffe mat enger Figur, déi kloer definéiert Charakteristiken huet. Dës wäert ech selbstverständlech iwwerhuelen, sou datt mir de Ris direkt erkennen. Ech wäert hir awer trotzdeem mäi perséinleche Stil ginn. De Ris soll um Pabeier lieweg ginn!“

Areeche soll ee seng Iddien ënnert:

Administration communale de Bettembourg
Relations publiques
BP 29, L-3201 Bettembourg
E-mail: derisgeetopdrees@gmail.com

De Ris geet op d'Rees

© MMFE (CC BY-SA 3.0)

Ee Ris op de soziale Medien

Jo, och de beléifte Bierger vu Beetebuerg ass modern ënnerwee an huet sech eng eege Facebook-Säit, sou wéi een Instagram-Accont zougeluecht. Hei fannt Dir hien mam Numm „De Ris geet op d’Rees“. Op dëse Säite ginn aktuell Informatiounen ronderëm de Ris an de Mäerchepark, kleng Aktioune, sou wéi Geschichte gedeelt.

Wousst Dir beispillsweis, datt op där Plaz, wou de Ris elo schléift, virdrun eng Däumling-Popp stoung? Dës ass awer oft geklaut ginn, a wou de Ris bis louch, hat sech d’Saach souwisou.

D’Initiative gehéiert zum Projet „Remix your story“ a gëtt am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 organiséiert.

Related topics Beetebuerg, Concours, De Ris geet op d'Rees, Esch 2022, Geschichten erzielen, Joresbilljet, Mäerchepark, Matmaachen a gewannen, Projet, Remix your story
Next post Previous post