Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Top 5 skurrilst Petitiounen zu Lëtzebuerg
extreme sports dating site dating services in the uk

speed dating gay amsterdam

Eise Petitiounssystem huet scho fir flott Diskussioune gesuergt. Och wann

https://moien.lu/dating-sites-search-by-username/
extreme sports dating site dating services in the uk

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Panesch!

Et ass zwar ee kuriéise Feierdag vun eise franséischen Noperen,

US-Regierung wëll Tech-Konzerner op den Zant fillen
extreme sports dating site dating services in the uk

US-Regierung wëll Tech-Konzerner op den Zant fillen

An der Silicon Valley si se alarméiert an d‘Juriste stellen

De Road Trip-Projet: Nächsten Halt Lëtzebuerg

De Road Trip-Projet: Nächsten Halt Lëtzebuerg

Tëscht dem 29. August an dem 29. September bréngt de „Road Trip-Projet“ 8 jonk Mënschen zesummen, déi während engem Mount an enger grousser Aventure 17 EU-Länner a méi wéi 30 Regioune kenneléieren.

Op all Etapp geet et drëms, datt béid Equippen aus jee véier Persounen, nei Leit kenneléieren, onbekannt Uertschaften entdecken an eppes iwwert lokal, vun der EU ënnerstëtzten Initiative gewuer ginn. Si beriichten dann an de soziale Medien iwwert hir Rees an deelen do hir Erliefnisser.

Um Wee vun Åland (Finnland) bis Zypern mécht d‘Team „Travelbugs“, dat sinn den Elliot, Dayana, Vanessa an Rareş muer hei zu Lëtzebuerg en Halt.

Gemeinsam Wäerter, d‘Geschicht an kulturellt Ierwen zu Schengen erliewen

Déi véier jonk Touristen hu scho bal d‘Hallschent vun hirem Road Trip hannert sech. Vum Norden an de Süden, an engem Europa ouni Grenzen. Fir déi moleresch Musel ze entdecken an eppes méi iwwert dat symbolträchtegt Duerf Schengen gewuer ze ginn, treffen sech eis jonk Leit mam Charles Elsen, den Éieren-Generaldirekter beim Generalsekretariat vum EU-Rot.

Op enger klenger „Croisière“ iwwert d‘Grenze wäerten déi jonk Leit zesumme mam Charles Elsen, ee vun den Architekte vum Schengener-Ofkommes, an d‘Geschicht vun Europa andauchen. Do gëtt hinnen net nëmmen d‘Schengener-Ofkommes erläutert, mee den Éieren-Generaldirekter wäert och seng Erënnerungen un d‘Verhandlungen zum Ofkommes matdeelen.

Op der Road Trip-Projet-Websäit wäerten d‘Travelbugs dann hir Rees mat der Welt deelen an hir Erliefnisser mam Team Calma deelen.

Iwwert d‘Participanten

All Member vun engem huet eng besonnesch Leidenschaft: Video, Schreiwen, Fotografie oder Presentatioun. Déi aacht Participanten, sinn am Kader vun engem europawäiten Opruff am Juni 2019 aus honnerte Kandidaten ausgewielt ginn.

Beim Team dat eis zu Lëtzebuerg besicht ass mat derbäi: den Elliot, ee 19 järege Videast aus Schweden; d‘Dayana, 22 Joer jonk aus Bulgarien; d‘Vanessa, 24 Joer jonk an aus Ungarn dat schreift an de Rareş, e 27 Joer jonke Fotograf aus Rumänien.

Iwwert de Road Trip-Projet

De Road Trip-Projet ass eng Initiativ vum EU-Departement fir Regional- a Stadpolitik vun der EU-Kommissioun. Et soll jonken Europäer vermëttelen, wat d‘EU an de Regiounen ënnerhëlt a wéi déi lokal Bevëlkerung dozou bäidréit, d‘Liewensqualitéit an hire Gemengen ze verbesseren. Doduerch soll eng EU-wäit Diskussioun ugestouss ginn.

Matgedeelt vun der Agence Interpub an Optrag vun der EU-Kommissioun a fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Charles Elsen, EU-Kommissioun, Schengen, Team Calma, Team Travelbugs, The Road Trip-Project
Nächsten Artikel Virrechten Artikel