Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

laughinglove
Aacht Saachen, déi mer haut iwwer den DP-Gemengewahlkampf geléiert hunn
Stories

Aacht Saachen, déi mer haut iwwer den DP-Gemengewahlkampf geléiert hunn

De Wahlkampf ass endlech offiziell un! Haut ass de leschten

Professionell Formatioun: Ee Chantier ouni Enn
Stories

Professionell Formatioun: Ee Chantier ouni Enn

Säit dem Ufank vum neie Schouljoer mussen d’Schüler vun de

cool
Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?
Stories

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?

  Et ass d’Stad vum Stol a wuel eng vun

De Roboter als „juristesch Persoun“

oder: déi donkelgro Muecht vun der kënschtlecher Intelligenz

De Roboter als „juristesch Persoun“

Déi vergaange Woch hat d‘Europadeputéiert Mady Delvaux Stehres (LSAP) zu enger Konferenz agelueden, ënnert dem Motto: „Déi kënschtlech Intelligenz am Déngscht vum Mënsch“. Als Presidentin vum Aarbechtsgrupp „Robotik a kënschtlech Intelligenz“ am Europaparlament, setzt sech dofir an, datt d‘Roboter als „juristesch Persoun“ musse bewäert kënne ginn.

Si ass an dësem Kontext op déi – esou d‘Siicht vum Europaparlament – fënnef Risiken ze sprieche komm, déi vun der kënschtlecher Intelligenz fir eis Gesellschaft ausginn. Et war d‘Mady Delvaux-Stehres, déi e Rapport zu „Zivilrechtlech Reegelen zur Robotiséierung“ ofginn hat. E Rapport deen, dat dierf betount ginn, net vun alle Säite begréisst gi war.

Fir d‘Europadeputéiert sinn et dann och d‘Virdeeler vun der Robotiséierung ervirzehiewen, och wann dat mat villen Erausfuerderunge verbonnen ass. Esou géif den Asaz vun der kënschtlecher Intelligenz d‘Aarbecht erliichteren, an dat a villen ënnerschiddleche Beräicher. Roboter gi fir déi meescht, an der Industrie agesat, mee kommen och bei de Rettungsdéngschter zum Asaz.

A Roboter sinn net eleng d‘Handlaanger vu physesche Beruffer, nee si ginn och verstäerkt an de sougenannten „intellektuelle“ Beruffer agesat. Si geréiere beispillsweis d‘Bankkonten, maachen Transaktiounen oder medezinesch Diagnostiken (wéi et heescht mat méi Zouverlässegkeet wéi et bei Dokteren de Fall ass). Kënschtlech Intelligenz ass deemno effikass a „präiswäert“…

Virsiicht viru Mëssbrauch ass gebueden

Wéi eng Medail, esou huet och déi kënschtlech Intelligenz hir zwou Säiten. De „sécheren Ëmgang“ domatter wäert kee kënne garantéieren. Laut dem Mady Delvaux-Stehres geet déi gréisste Gefor vu „béisen Natiounen“ an isoléierten „Internet-Piraten“ (Hacker) aus. Dat bréngt mat sech, datt d‘EU-Kommissioun sech d‘Cybersécherheet als éischt Prioritéit operluecht huet. Woubäi…

Also de Virsaz vun der EU-Kommissioun ass net a Fro ze stellen, mee wéi eng Mëttel sinn se zu Bréissel bereet fräizeginn, respektiv anzesetzen? Fir eng Äntwert ass nach eppes fréi, an dofir sollt de „Konsument vu konnektéierte Gerätschaften“ gewarnt sinn. D‘Mady Delvaux-Stehres schéngt der Meenung ze sinn, datt et hei ëmmer wäert „Lächer“ ginn, déi eng Dier fir all Hacker sinn.

Et stellen sech da bei der Verbindung Roboter/kënschtlech Intelligenz nach d‘Fro, wien um Enn d‘Verantwortung iwwerhuele muss, fir de Schued deen e Roboter ugeriicht huet? Hält ee sech u bestoend Gesetzestexter, da muss den Hiersteller „haften“. Mee nëmmen dann, wann de Konsument noweise kann, datt d‘Produkt e „Feeler“ hat, an dat dëse „Feeler“ de Schued gemaach huet.

A mat de Produiten ass dat alt esou eppes: stänneg gëtt et en Update, an d‘Objete sinn esou a Reseaue matenaner verknäppt, datt et (zumindest fir de Konsument) kaum nach méiglech ass d‘Ursaach oder den Ursprong vun dësem „Feeler“ opzedecken, geschweig dann nozeweisen. D‘Mady Delvaux-Stehres fuerdert an dësem Kontext eng Upassung vun der Legislatioun.

Wann de Roboter selbstänneg léiert

Datt Gesetzer mussen ugepasst ginn, ass eng grondleeënd Viraussetzung, well et zukünfteg och wäert (wann et se net scho géif ginn) Roboter ginn, déi selbstänneg léieren, a sech dierfte Verhalen uneegnen déi duerch hiert Ëmfeld kënne beaflosst ginn. Dat heescht, hei huet de „Mënsch“ seng „Autoritéit“ scho selwer opginn, well et der Maschinn d‘Recht ze entscheede gëtt.

Wien elo mengt, datt d‘Politiker – vun Ausnamen ofgesinn – wéisste wat et bedeit, huet sech séier emol geschnidden. An nach net emol Experten aus dësem Beräich sinn sech eens. Fir déi eng sollen d‘Gesetzer bleiwe wéi se sinn, anerer sinn der Usiicht, datt een d‘Legislatioun muss adaptéieren. Elo feelt nach d‘Meenung vun der Industrie, firwat et nach laang kann dauere bis Konkretes virläit.

D‘Mady Delvaux-Stehres huet bei der Konferenz eng interessant Bemierkung afléisse gelooss. Esou sollt een, wann d‘Algorithmen ufänken d‘Entscheedung ze treffen, bedenken, datt et fundamental Wäerter gëtt déi engem Wichteg sinn: Mënscherechter, Privatsphär, Respekt an Toleranz z.Bsp. En Algorithmus ass awer net drop ausgeluecht eppes ze „respektéieren“, mee eppes „ëmzesetzen“.

Fir de Bierger a Sécherheet ze wéien (mir erënneren: Hacker, Internet-Piraten) huet sech Bréissel e Grupp Experten zougeluecht, déi nach dëst Joer sollen d‘Richtlinne fir déi ze respektéierend Ethik solle festleeën. Déi missten dann och zäitno an d‘Roboter integréiert ginn. D‘EU-Kommissioun ass och der Meenung, datt et spezialiséiert ethesch Kommissioune jee no Secteur misst ginn.

Den entmëndegte Mënsch

D‘Mady Delvaux-Stehres weist drop hin, datt een net alles ka virgesinn an/oder programméieren. Dat kann dorunner leien, datt et (nach) Mënsche sinn déi de Maschinnen hir „Grondintelligenz“ implementéieren. Si freet sech also, op e Patient am Spidol, dee säi Medikament refuséiert, vum Roboter dozou ka gezwonge ginn, oder seng Entscheedung iwwerweit.

Mee et ass net déi „méiglech“ Entmëndegung déi der Europadeputéiert déi gréisste Suerge bereet. Dem Mady Delvaux-Stehres seng primär Suerge sinn déi perséinlech Date vun de Bierger. Gutt d‘GDPR-Direktiv, déi engem e Recht op „Vergiessen“ an Dateschutz zougesteet, ass a Kraaft an awer huet och d‘Politikerin nach eng helle Wull u Froen opstoen…

D‘Europadeputéiert ass der Meenung (an dat dierft ville IT-Entreprisen net esou gefalen) datt eis privat Daten, eng Ressource ähnlech wéi de Pëtrol sinn – woubäi et Pëtrol iergendwann kee méi gëtt – an de Kapitalismus weder Grenzen nach Ethik kennt. Hei geet ëmmer de Profit virum Mënsch, an wann d‘Date vun de Mënsche Profit bedeiten, da wäert och duerno gegraff ginn.

A bei allem Fortschrëtt am Beräich Dateschutz, sollt ee sech duerchaus bewosst sinn, datt et deen elo, esou wéi vu Bréissel versprach, guer net gëtt an och net ka ginn. Dat huet domatter ze dinn, dat eis Daten an den USA zentraliséiert ginn, ergo ënnert eng aner Gesetzgebung falen. Dat ass e battere Fakt, an wann se zu Bréissel nach esou beméit sinn den Deckel drop ze halen…

Awer soss geet et?

Wa rieds ass vu Roboter a kënschtlecher Intelligenz, da muss och vun den Hoffnungen an Ängschte vun de Leit geschwat ginn. Eng grouss Angscht: d‘Roboter huelen de Mënschen hir Aarbechtsplaz ewech. D‘Experten – woumatter d‘Lobbyiste gemengt sinn – behaapten trotz besserem Wëssen, datt déi kënschtlech Intelligenz méi Plaze schaaft, wéi se der wäert zerstéieren.

Hei beweist d‘Mady Delvaux-Stehres Courage, a zitt et vir, datt sech d‘Leit emol besser sollten op de „worst case“ Zeenario virbereeden. Am Kloertext: et muss duerno gekuckt ginn, wéi een déi sozial Ofsécherung garantéiert, wéi een d‘Gesellschaft organiséiert, a wéi een all déi Mënsche remuneréiert déi keng Aarbecht méi wäerten hunn. Kléngt komplizéiert, an dat ass et och.

Mee d‘Europadeputéiert huet, dat ass eng politesch Viraussetzung, och heirobber eng Äntwert: et muss een d‘Mënsche forméieren. All d‘Mënsche mussen ausgebilt ginn, déi jonk, déi manner jonk an esouguer déi Al, an dat ee ganzt Liewe laang. Woubäi dorunner festgehale gëtt, datt d‘Roboter méi gescheit wéi den duerchschnëttleche Mënsch solle sinn. Eigentlech e Widdersproch….

Fir beim Kapitalismus ze bleiwen an domatter zum Ofschloss ze kommen: Wie bezilt dat ganzt? Um Enn de Bierger, virzuchsweis deen Dommen oder den Aarmen, oder mengt hei tatsächlech iergendeen, datt sech d‘Industrie eng „Roboter-Tax“ opdrécke léisst? Ugesiichts den heftegen Debaten am Europaparlament, dem Afloss vun de Lobbyen an der Industrie, eigentlech kloer, oder?

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, Europaparlament, kënschtlech Intelligenz, Mady Delvaux-Stehres, Roboter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel