Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Syrien: 20.000 Ziviliste flüchten aus der Ghuta
Meenung

Syrien: 20.000 Ziviliste flüchten aus der Ghuta

Eng 20.000 Ziviliste konnten um Donneschdeg d’Rebellen-Enklav vun der ëstlecher

Giel Gileten Akt XVIII: Vandaliséiert Banken, ausgeraibert Geschäfter…
Meenung

Giel Gileten Akt XVIII: Vandaliséiert Banken, ausgeraibert Geschäfter…

D‘Champs-Elysées wäerten nom 18 Dag vum Mouvement „Giel Gileten“ ni

money
Réckbléck: 7. Editioun „Green Business Awards“ mat flotte Laureaten
Meenung

Réckbléck: 7. Editioun „Green Business Awards“ mat flotte Laureaten

Den 19. Oktober war et nees esou wäit, kuerz iert

De Rucksak am Buttek (Lieserbréif)

De Rucksak am Buttek (Lieserbréif)

Ech hat leschte Kéier nees eng “interessant Diskussioun” an engem Buttek. An der Kees kréien ech da gesot, ech dierft net mat mengem Rucksak an de Buttek. Dee misst ech ofgi, well geklaut gëtt. (Ech hat de Rucksak déi ganzen Zäit um Réck an zwar eidel. Bis an der Kees, do hunn ech en dohigeluecht an opgemaach, ebe wéi aner Leit hire Kuerf oder hir Tut wou se mathuelen).

Do sot ech, an d’Frae mat hirer Poche? Jo, dat wier eng aner Saach. Ech sot, nee, dat wier genee dat selwecht, an ausserdeem, ech klauen net. Jo, egal, et stéing jo och do geschriwwen, dass een de Rucksak net dierft mat eran huelen. Wou? Ma bei der Keess. Do steet: 1. … dass all Déifstall eng deier Strof zur Folleg hätt, an 2. … dass ee soll w.e.g. seng Tuten der Caissière weisen.

Dorausser ergëtt sech awer jiddefalls net, wéi de Gerant gemengt huet, dass een de Rucksak soll bei der Kees ofginn. Nach ass déi Ukënnegung sënnvoll well d’Reegele vum Buttek sollen net op der Säit bei der Keess a kleng gedréckter Schrëft a Kanneraenhéicht geschriwwen si mä dobaussen an der Fënster hänken, da weess een dat schonn ier een era geet.

Et war och nach e Mann do, dee laang Gerant an engem vun deene Butteker war, an ech hat nach laang mat him geschwat. Ech sot, dat do wier eng Virveruerteelung an Diskriminéierung, an dat wier net nëmmen net an der Rei mä dat géif mech och kränken (jo, ech sinn esou en doucen). Ech sot, si kéinten och kee festhale wann si net gesinn hätten, dass een eppes geklaut hätt.

Soss géifen et fir mech 3 Méiglechkeete ginn: 1. Ech ginn einfach oder si loosse mech goen. 2. Si ruffen d’Police oder ech ruffen se, an da maachen ech dono eng Plainte an da kréien ech bestëmmt Recht well ech zu Onrecht beschëllegt a festgehale gouf. 3. Si hale mech un, applizéiere Gewalt an doe mir wéi, an da wéist ech net, wéi ech reagéiere géif.

Do sot de „fréiere Gerant“, et gëtt och nach eng 4. Méiglechkeet: Et misst e Schëld dobaussen an d’Fënster kommen. Hien huet mir Recht gi mee appelléiert u mäi Verständnis well därmoosse vill geklaut géif ginn. Da sinn ech elo mol gespaant, ob e Schëld an d’Fënster kënnt an ech mäin eidele Rucksak deemnächst an d’Täsch fale muss fir dass nees jiddereen zefridden ass, de Buttek, d’Personal an ech och. Wat en Aarmut!

Johnny

D‘Meenunge vun de Lieser sinn perséinlech a spigelen net zwéngend d‘Positioun vun der Redaktioun erëm.

Ähnlech Sujeten Akafen, Déifstall, Eenzelhandel, Rucksak, Stigmatiséierung, Viruerteeler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel