Search

You may also like

Et bleift beschwéierlech
International Neiegkeeten

Et bleift beschwéierlech

D’Rettungsschëff Alan Kurdi huet de Freidegmoien den Hafe vun Olbia op

Ligue Médico-Sociale: Telefonsdéngscht „Info-Maman“ 22 00 99 88
International Neiegkeeten

Ligue Médico-Sociale: Telefonsdéngscht „Info-Maman“ 22 00 99 88

D‘Ligue Médico-Sociale huet e Freideg säin Informatiouns-Service fir jonk Mammen

US-Geriicht: „De Paul Manafort ass e Ligener!“
International Neiegkeeten

US-Geriicht: „De Paul Manafort ass e Ligener!“

Am Kontext vun der „Russland-Affär“, wou dem Donald Trump an

Mat de „Scheichen“ am Internet

De saudesche G20-Sommet fënnt am virtuelle Raum statt, dobäi sollt et esou ee grousst Fest ginn

Mat de „Scheichen“ am Internet

Wann dem saudesche Kinnek seng Stëmmung net zum beschten ass, esou huet dat ee gudde Grond: de G20-Sommet, vun deem sech Saudiarabien erhofft hat, datt et eng gutt Marketingoperatioun ass, déi d‘Land nees eppes besser an d‘Gespréich géif bréngen, fënnt wéinst dem Coronavirus am Netz statt, an net zu wéi geplangt zu Riad. Mënscherechtsorganisatiounen hunn zum Boykott opgeruff.

Elo schéngt et och nach noutwenneg ze sinn, nach emol däitlech drop hinzeweisen, datt de G20, am Géigesaz zum G7-Sommet, keng Sammelplaz fir Demokraten ass. Dat eleng erkläert natierlech net firwat de Sommet geleeëntlech och an autoritäre Länner stattfënnt. Woubäi d‘Sommete vu Sankt Petersburg (2013) an Hangzhou (2016) zumindest nach live stattfonnt hunn. Net esou dëst Joer.

G20-Sommet© G20 Saudi Arabia

Et muss sech also kee virwerfe loossen engem Autokrat d‘Hand gerëselt ze hunn, an et gëtt och keng Familljefoto, op där ee sech besser net gewisen hätt. Esou ee Sommet ass och net wierklech dee beschten Uert fir grouss Phrasen, vun deenen ee sech erhofft, datt se an d‘Analen aginn. An esou ass et e Samschdeg ënnert der saudescher Presidence zu onverbindlechen Appeller komm.

Méi Zesummenaarbecht zur Bewältegung vun der Covid129-Pandemie gouf gefuerdert. En Thema datt ganzer zwouanenghallef Stonn an Usproch geholl huet. Dat eenzegt wat sech lount hei zeréckzebehalen ass, datt sech drop verstännegt gouf, och äermere Länner den Zougang zum Vaccin ze erméiglechen. Wat déi als Géigeleeschtung musse maachen, gouf net am Usaz däitlech gemaach.

G20-Sommet

Dobäi sollt een dësen „Aarme Länner“ vläicht emol Scholden erloossen, d‘Méiglechkeet ginn eng eege Wirtschaft an Industrie op d‘Been ze stellen, déi dann och méiglechst Klimaneutral ass, statt dësen d‘Ressourcen zum Nulltarif (wann ee vun de Bestiechungen ofgesäit) regelrecht ze klauen. Datt awer geet natierlech net, wou kéim och soss eise Räichtum hir? Et bleift also bei „Wierder“.

Et kann een dann awer dem Fait, datt de G20 am Internet stattfënnt, eppes Positives ofgewannen. Haten d‘Saudien sech erhofft hiren Image – deen duerch d‘Ermordung vum Jamal Khashoggi eppes ugekraazt ginn ass – opzebesseren. Woubäi och d‘Krichsverbriechen am Jemen, d‘Kinnekräich net wierklech als „reliéis baséiert Demokratie“ bestätegen. Mam Mënscherecht ass et och net wäit hir.

G20-SommetDen US-President Donald Trump ass op den Appell, de G20-Sommet fale ze loossen, tatsächlech agaangen.

Dat erkläert dann och déi massiv Appeller vu Mënscherechtsorganisatiounen a Parlamentarier, de G20 ze boykottéieren. Laut Human Rights Watch (HRW) déngt dëse virtuelle G20-Sommet dem saudesche Kinnekshaus just zu PR-Zwecker. Riad verbitt sech all Amëschung an de Staatsminister Abdel al-Dschubeir mengt: „Dir hutt är Gesetzer, mir hunn eis“. Da wësst der Bescheed…

mat indymedia/tlv/nyc/lon

Foto: © G20 Saudi Arabia

Related topics G20-Sommet, Jamal Khashoggi, Krichsverbriechen, Mënscherechter, Optragsmord, Saudiarabien
Next post Previous post