Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

HALESTORM um 18. Juni am Atelier!
https://moien.lu/online-dating-protector-id/

HALESTORM um 18. Juni am Atelier!

A manner wéi engem Mount wäert déi US-amerikanesch Hard-Rockband Halestorm

https://moien.lu/speaking-activity-speed-dating/
https://moien.lu/online-dating-protector-id/

Europaparteidag vun „die Linke“ fuerdert d‘Reform vun der EU

Zu Bonn geet et beim Europaparteidag vun „die Linke“ ëm

Afrikanesch Schwéngspescht: En alternativen Tracé fir d‘Clôture!
https://moien.lu/online-dating-protector-id/

Afrikanesch Schwéngspescht: En alternativen Tracé fir d‘Clôture!

Sech de Gefore vun der afrikanescher Schwéngspescht stellen, se eescht

De Schmunzel – Eng ko(s)mesch Geschicht

Liesung vum Jhemp Hoscheit

De Schmunzel – Eng ko(s)mesch Geschicht

Am Kader vun der Ausstellung “Otherworlds” liest de Jhemp Hoscheit de Sonnden, 9. Dezember um 15 Auer aus sengem neie Kannerbuch « De Schmunzel » vir.

Dës nei Abenteuergeschicht fir Kanner mat Illustratioune vum Carlo Schneider ass net vun dëser Welt. Eng Geschicht tëscht Bëschdéieren an engem Steen. Engem Steen? Jo, mee dat ass keen normale Steen, loosst Iech iwwerraschen. Esou eng Entdeckung suergt natierlech fir eng grouss Opreegung. Wëssenschaftler sinn um ko(s)mesche Steen intresséiert a wëllen e mathuelen, fir en z’ënnersichen. Mee léisst de Schmunzel sech dat gefalen? E weist op eemol, datt e méi kann, wéi nëmme schmunzelen.

Dem Jhemp Hoscheit seng flott Sproochspiller a Kombinatioun mam Carlo Schneider senge faarweräichen Illustratioune maachen d’Geschicht galaktesch-lieweg. An dobäi ass se och nach héich aktuell. Duerch Referenzen zum Weltall, dem Space mining, den Emojien an der Astrophysik kritt d’Geschicht eng zousätzlech Dimensioun.

Et ass eng Geschicht fir Grouss a Kleng, fir Wëssenschaftler, fir Déierefrënn, einfach fir jiddereen, dee mol gäre schmunzelt. D’Participatioun un der Liesung ass fräi, Erwuessener (> 21 Joer) bezuele just den Entrée an de Musée. D’Liesung ass an der Ausstellung „Otherworlds“ am Naturmmusée.

De Schmunzel

Ab elo fir 18,00 € ënnert aanerem bei Editions Binsfeld ze kréien.

Ähnlech Sujeten De Schmunzel, Editions Guy Binsfeld, Jhemp Hoscheit, Kannerbuch, Liesung, Naturmusée, Otherworlds
Nächsten Artikel Virrechten Artikel