Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

London: Theresa May wëll kee Kompromëss beim Brexit
dating site for sports fans allmen dating site

matchmaking services in usa

Um Sonndeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May versprach, hire

is it worth dating a girl with depression
dating site for sports fans allmen dating site

Wéi soll Bréissel mam BoJo sengem Virschlag ëmgoen?

Fir den Ament ass just gewosst, datt dem Boris Johnson

De Streik an de Fleegeheimer ass bäigeluecht
dating site for sports fans allmen dating site

De Streik an de Fleegeheimer ass bäigeluecht

Nodeems sech d‘Fleegeheimer, mam Virwand sech aus dem Spidolsverband (FHL)

Wann de Schülertransport zum Kappzerbrieches gëtt

Verännert Ufuerderunge wéinst der Diversifizéierung vun der schoulescher Offer weisen d‘Grenze vu der Mobilitéit

Wann de Schülertransport zum Kappzerbrieches gëtt

Et ass dem François Bausch säi Mobilitéitsministère deen de Kader fir de Schülertransport festleet, an do gesäit et den Ament net wierklech gutt aus. Et ass sécher richteg, datt sech d‘Besoine vum Schülertransport mat der neier Opstellung vun de Lycéeën, déi sech jo elo Konkurrenz maachen, verännert hunn, mee et ass och net falsch, datt 2 Ministèren sech net openaner ofstëmme kënnen.

Den Alex Kies huet d‘Aarschkaart, well et hien ass deen d‘Leedung vum ëffentlechen Transport an den Hänn huet, wat gläichbedeitend domatter ass, datt hie fir déi onséileg Zoustänn déi et aktuell am Schülertransport gëtt, och verantwortlech ass. Mee Verantwortung iwwerhuelen ass keen Attribut fir e Beamten, firwat een déi „Verantwortung“ weiderreecht an dat och alles erkläre kann.

Esou hunn se um Ministère weder schlecht gerechent oder geplangt, dee Feeler wier am Virfeld ëm Educatiounsministère gemaach ginn. Et konnt jo och keen – also wierklech – domatter rechnen, datt wann sech Schoulen ob eemol Konkurrenz maachen an sech och nach „spezialiséieren“, datt sech dat op d‘Mobilitéit vun de Schüler kéint auswierken. Et ass awer och verréckt wei sech alles ännert.

Alles verstanen

Dobäi sollt et am Mobilitéitsministère jo awer bekannt sinn, datt den Educatiounsminister Claude Meisch déi eng oder aner Reform duerchgesat huet an haut all Schüler/Student, egal wou hie wunnt, muss an déi Schoul gefouert hin, an där hie fir d‘Liewe léiere wëll. Zu Lëtzebuerg studéiert een neierdéngs „à la Carte“ an do ass Mobilitéit gefrot. A Mobilitéit, jo dat ass keen einfacht Thema…

Fir de Mann am Ministère besteet de Problem doranner, datt hie jee no Streck, entweder net genuch „Auslaaschtung“ huet oder d‘Linn carrement iwwerlaascht ass. Bei iwwer honnert Linnen ass et zudeem net d‘Missioun vum Mobilitéitsministère all Schüler a seng Schoul ze bréngen, mee Linnen do ze erméigleche wou et eng kritesch Mass gëtt. Et muss also schonn nees gerechent ginn.

A während „Mathematik“ eigentlech an de Ressort vum Educatiounsministère gehéiert, wou jo och de Schoulprogramm – zumindest an de grousse Linnen – bestëmmt gëtt, huet den Alex Kies och nach de Problem, datt d‘Schülerzuelen immens variabel sinn, jee nodeem ob den Transport an d‘Schoul féiert oder vun do aus fort geet. Ufänken dinn déi meescht zesummen, ophale leider net.

Elo bréngt dat zolidd Problemer mat sech an et soll motivéiert Schüler ginn, déi bestänneg no Alternative musse sichen, fir de Schoulwee iwwerhaapt op d‘Rei ze kréien. Dat dierft zwar net sinn, firwat och kee verantwortlech ka sinn. Gutt, datt esou ee Reseau net einfach ze gestalten ass, dat kann een nach gutthalen, woubäi dat alles net nei ass an si masseg Zäit haten sech virzebereeden.

Ëmmer datselwecht

Wann ee seng Hausaufgaben net gemaach huet – ëmmerhin ass bekannt wéi vill Schüler a wéi eng Schoul ginn, firwat och sollt gewosst sinn wou déi hierkommen – steet ee bei der Prüfung séier um Schlauch. Einfach ze behaapten datt d‘Reorganisatioun vun de Lycéeën sech negativ op de Verkéier néierschléit, an och d‘Schoulbusser sech duerch den Trafic kämpfe mussen, ass bëlleg.

Mat dëser Astellung, misst den Alex Kies sech iwwert all nei Aarbechtsplaz an/oder Firma déi sech zu Lëtzebuerg installéiert iergeren, an dem Wirtschaftsministère d‘Schold fir ëmmer méi Stau op eise Stroossen an déi domatter verbonne Behënnerung vum ëffentlechen Transport zouweisen. An natierlech ass et dem Mobilitéitsministère keng Hëllef, datt d‘Schoulen zu festen Zäiten ufänken.

Interessant och, datt de Kader fir all Schouljoer schonn am Fréijoer mat 4 regionale Konferenzen ofgestach gëtt. Wéi soll ee Berechnungen opstellen, wann net bekannt ass wie wou a wéi eng Schoul geet oder goe wëll? Wann den Alex Kies seet, datt de Plang am Summer méi konkret gëtt, een awer säit Joerzéngte weess datt et sech net opgeet, freet sech firwat een esou weider mécht?

Et gëtt „reagéiert“

An esou gëtt all Joers op en Neits „reagéiert“ an „adaptéiert“, wou den Alex Kies och an de Schüler selwer de Problem gesäit. Hie werft dëse vir, datt si et géife virzéien ëmmer dee méiglechst leschte Bus ze huelen. Dat heescht datt op enger Linn mat méi Busser, den éischten a wahrscheinlech och deen zweeten „ausgelooss“ gëtt, firwat et dann am leschten net méi genuch Plaz fir d‘Schüler huet.

Fir gewësse Spekulatioune virzegräifen, schliisslech geet et hei och ëm d‘Sécherheet, huet de Mann vum Ministère nach ënnerstrach, datt et eigentlech net virkënnt, datt méi Schüler an engem Bus matgeholl ginn, wéi et rechtlech zoulässeg ass. Et wier nëmmen ee Fall bekannt wou d‘Police e Bus deen „iwwerluede“ war, kontrolléiert huet an do wier dann och d‘Kapassitéit direkt ugepasst ginn.

Mee et brauch keng Schëlleger déi sech d‘Verantwortung géigesäiteg zouweisen, et brauch fir eis Schüler/Studente Léisungen. Fir e Beamten deem seng Schoulzäit scho méi laang „Geschicht“ ass, wier esou Léisung, generell d‘Schoulbusser schon um hallwer sechs op d‘Streck ze joen. Esou wier ee virum Stau ënnerwee an all d‘Schüler kéime relax a gutt gelaunt an hir respektiv Schoulen.

Dat heescht allerdéngs och – emol ganz ofgesinn dat et dierft schwiereg sinn d‘Kanner matten an der Nuecht aus dem Bett ze kréien – datt an de Schoule spéitstens ab 7 Auer misst Personal sinn, datt d‘Schüler och empfänke kann. Gutt, den Alex Kies huet seng Iddi direkt selwer verworf, a proposéiert datt d‘Schoule méi spéit sollten ufänken. Dat huet nees en Impakt op d‘Organisatioun.

Foto: Victoria Borodivna / Pixabay

Ähnlech Sujeten Alex Kies, Educatiounsministère, Mobilitéitsministère, Schülertransport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel