Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Shutdown: Kritt den Donald keng Mauer, kréien seng Leit keng Pai
Money Neiegkeeten

Shutdown: Kritt den Donald keng Mauer, kréien seng Leit keng Pai

Tëscht dem Trump senge Republikaner an den Demokrate ramouert deraart

Editorial: Spannung pur am Streaming!
Money Neiegkeeten

Editorial: Spannung pur am Streaming!

Streaming Portaler wéi Netflix rëselen d’TV-Industrie wakereg. Dat ass gutt

surprise
Beim Kampf géint d’illegal Offallbeseitegung kënnt ee virun
Money Neiegkeeten

Beim Kampf géint d’illegal Offallbeseitegung kënnt ee virun

Zënter Dezember 2015 huet Lëtzebuerg eng mi streng Handhabung, wat

money

D‘Vereenegung vun de Banke a Banquiere gesäit de Secteur an Nout

E Crowdfunding fir d‘Banken ze retten ass dann awer elo nach net virgesinn

D‘Vereenegung vun de Banke a Banquiere gesäit de Secteur an Nout

D‘ABBL, eng vun den Aflossräichste Patronatsvertriedungen zu Lëtzebuerg, stellt dréche fest datt d‘Wirtschaft sech verännert, firwat Lëtzebuerg sech déi richteg Froen ze stellen hätt, an d‘Jalonen esou placéiere muss, fir dat d‘Finanzplaz och muer nach attraktiv fir d‘Investisseuren ass.

An de Guy Hoffmann Guy, President vun der ABBL, huet bei der Presentatioun vum Joresbericht drop higewisen, datt déi Verännerungen, mat deenen d‘Banken den Ament ze kämpfen hätten eng gréisser Belaaschtung duerstellen. An 10 Joer hätten d‘Bilanze vun de Banke bis 15% agebéisst, während hir Reserven ëm 46% an d‘Kapital ëm 57% geklommen ass. Dat wier net zefriddestellend.

Et wier sécherlech richteg, datt am vergaangene Joer d‘Banken am allgemenge gutt Resultater Opweises hätten, mee d‘Geschäft u sech ass net méi rentabel. De Profit am Bankesecteur wier also réckleefeg (-3%), d‘Chargen dogéint hunn zougeluecht (+6%) an um Enn geet de Profit viru Steieren (-8,2%) an d‘Getten. Hei muss Ursaachefuerschung bedriwwen a Léisunge fonnt ginn.

Interessant datt de Guy Hoffmann dann drop hiweist, datt d‘Banke bei der Gestioun vum Revenu am grénge Beräich bleiwen, hir Marge op d‘Zënsen ëm 2% an d‘Luucht gaangen an d‘Netto-Akommes bei de Kommissiounen ëm 5,4% verbessert ginn ass. Dat sollt dach eigentlech och de Chef-Lobbyist vum Bankesecteur erfreeën, mee d‘Gier ass wéi d‘Muecht: emol ze grouss…

Alles Bréissel seng Schold

Esou ass de Schëllegen, also dee wou fir d‘Abrieche vum Profit verantwortlech ka gemaach gi séier ausgemaach: de Salarié. Tatsächlech sinn d‘Personalkäschten ëm 2,9% geklommen, an och bei den Ausgabe fir d‘Administratioun huet et mat +9,1% eppes „wéi“ gedoen. Woubäi hei och déi ganz Investissementer an Infrastrukturen an d‘Mise „en Konformitéit“mat agerechent ginn ass.

Iwwreg bleiwen (viru Provisioun) ronn 5 Milliarden Euro, déi d‘ABBL den Depoten an Héicht vun 269 Milliarde géinteniwwer stellt. Sécher dee vun der EZB organiséierten „Negativ-Zëns“, déi nei Reglementatiounen an déi ominéis Betribskäschten (virun allem d‘Salairen – woubäi deem Guy Hoffmann a senge Frënn hiert Akommes natierlech net gemengt ass) si schlecht fir d‘Geschäft.

Esou hätten d‘Banken erhieflech Schwieregkeeten hire „Business Modell“ an der Riicht ze behalen. Dat géif wuel net d‘Stabilitéit vum Secteur a Fro stellen, mee ënnert den aktuellen Ëmstänn wier e beméit no bessere Standuerter ze kucken, wat natierlech d‘Attraktivitéit vun der Finanzplaz schonn a Fro stellt. Dat als Message un d‘Regierung, datt si sech dach eppes sollt afale loossen…

Hätten sech un der BIL orientéiere sollen

Natierlech ass et richteg, datt och d‘Digitalisatioun am Bankesecteur fir Erausfuerderunge suergt, de Client wuel nach ëmmer ka beduckst ginn, mee dësen och alternativen huet, well nei Acteuren um Marché fouss gefaasst hunn. Et wäert dann – et géif soss kee Sënn maachen sech iwwer Salairen ze iergeren – och zu Entloossunge kommen. Wéi vill vun de 26.000 betraff kéinte sinn gouf net gesot.

A wann ee schonn ukënnegt, datt ee sech sengem Personal wäert entleedegen, da kann een och roueg nach e puer Fuerderungen op den Dësch leeën. Woubäi, wann de President vun der ABBL esou eppes mécht, een dat e „Plädoyer“ nennt. An d‘ABBL, zesumme mat der UEL, fuerdert: eng Steiererliichterung. Dat well hir Steierlaascht an de leschten 3 Joer ëm 40% an d‘Luucht goung.

Datt d‘Situatioun sech deraart dramatesch fir de Bankesecteur verschlëmmert huet, dat kann een am Detail am Rapport Final noliesen. Et ass dann och ze fäerten, sollt d‘Regierung sech net zu engem „entgéintkommen“ – steierlech natierlech – hiräisse loossen, scho bal Banken de Standuert kéinte verloossen, ausser der BIL, déi huet e gutt Resultat higeluecht an d‘Chinese fillen sech hei doheem.

Illustratioun: John Hain / Pixabay

Ähnlech Sujeten ABBL, Finanzplaz, Guy Hoffmann, Salariat, Vereenegun vun de Banken a Banquieren zu Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel