Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Eng „kuerz“ politesch Vakanz
Cool Kultur Stories

Eng „kuerz“ politesch Vakanz

Neijoerschdag ass nach net ganz verdaut, do heescht fir eis

cool
En neie Logo kréint d’Reform vun de Rettungsdéngschter
Cool Kultur Stories

En neie Logo kréint d’Reform vun de Rettungsdéngschter

Um Méindeg huet den Inneminister Dan Kersch de neie Logo

cool
Nëmmen di Bescht packen eise Groussregioun-Quiz!
Cool Kultur Stories

Nëmmen di Bescht packen eise Groussregioun-Quiz!

D’Groussregioun wiisst ëmmer méi. Net nëmme, wat d’Regiounen ugeet, mee

cool

De September op Netflix: Léift, Drogen a… Päerd?

De September op Netflix: Léift, Drogen a… Päerd?
Narcos Staffel 3

Club De Cuervos

Bojack Horseman

American Vandal
De September op Netflix: Léift, Drogen a… Päerd?
American Vandal
De September op Netflix: Léift, Drogen a… Päerd?
American Vandal
De September op Netflix: Léift, Drogen a… Päerd?
American Vandal

En neie Mount heescht neie Stoff op Netflix. Wéi scho leschte Mount hu mer eis och dës Kéier e bësschen Zäit geholl, fir e bléck no fir ze werfen an d’Neiegkeeten op Netflix kuerz mol ënnert d’Lupp ze huelen.

Narcos (Staffel 3)

Narcos gehéiert wuel zu deene bekanntsten Serie, déiNetflix selwer produzéiert. Dat huet duerchaus seng Grënn: Dobäi geet et ëm d’Liewen an d’Karriär vum Pablo Escobar, engem Drogeboss, deen duerch säi Geschäft zum Milliardär ginn ass. D’Serie orientéiert sech u reelle Tatsaache, ma verschafft dës op eng spannend Aart a Weis. Déi drëtt Staffel fänk elo den 1. September un:

Fotoen: Juan Pablo Gutierrez/Netflix

Bojack Horseman (Staffel 4)

Netflix huet keng Angscht virun animéierten Serien. Dat hunn se viru véier Joer mat Bojack Horseman bewisen an all Staffel huet et bis elo fäerdeg bruecht, d’Qualitéit nach e bëssche méi héich ze setzen. Dobäi geet et an der Serie em en eemolege Star vun enger 90er Sitcom, deen déif gefall ass an elo erëm hofft, ganz uewen hinner ze kommen. Dobäi gi vill Problemer vun Hollywood oppen ugeschwat, ma dat ëmmer mam noutwennege Witz.

Déi véiert Staffel ass ab den 8. September ze gesinn.

Fotoen: Netflix

American Vandal (Nei Serie)

True Crime Serien ginn et der honnerten. Dat läit och deelweis un Netflix. Mat American Vandal liwwert de Produzent awer elo och eng Parodie op desen Trend. American Vandal ass ab der Rentrée de 15. September ze gesinn.

Fotoen: Tyler Golden / Netflix

Club De Cuervos (Staffel 3)

Déi éischt Mexikanesch Eegeproduktioun vun Netflix geet an déi nächst Ronn. Am Zentrum steet e fiktive Foussballveräin, deen sech zum Real Madrid vu Latäinamerika entwéckele soll. Déi drëtt Staffel ass den 29. September ze gesinn.

Fotoen: Eduardo Ramirez/Netflix

Our Souls at Night (Film)

D’Jane Fonda an de Robert Redford sin d’Stare vun desem romantesche Film, wou et ëm d’Léift am Alter geet. Fir d’Jane Fonda ass dat keen neie Territoire, bei der Netflix-Serie Grace and Frankie geet et an eng ganz ähnlech Richtung. Our Souls at Night ass ab dem 29. September ze gesinn.

Fotoen: Kerry Brown

Ähnlech Sujeten Kultur, Netflix, Streaming
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    3

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0