Sport oder net Sport?
Et ass grad net einfach. Wärend déi eng beméit sinn
Mir siche mat Iech zesummen Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz
Fir schlecht Nouvelle gëtt et kee perfekten Timing, a wie
Gaardenoffäll/Grünschnëtt: D’Bierger gi gebieden, hiren Offall aus dem Gaart um eegenen Terrain ze halen bis de Service Hygiène nees seng normal Aktivitéiten ubidden kann. Eleng d’Gras, wat nom Méie vun der Wiss ufält, gëtt als biodegradabelen Offall am bronge Back oder engem anere Behälter (maximal 15 kg) oftransportéiert.
Valorlux: Den Accès zu de Gebaier, déi d’Valorlux-Säck verdeelen, ass momentan net méiglech. Ab haut solle Persounen, déi hei ee Besoin hunn, d’Säit www.valorlux.lu besichen an hir Commande opginn.
Ëffentlech Sammelpunkten: All Materialien, déi fir de Recyclage geduecht sinn (Pabeier, Kartong, Glas, al Kleedung, Batterien,…) kënnen an op enger vun de 57 Sammelpunkten deposéiert ginn. Heibäi soll de Visiteur sech un d’Consignen vun der jeeweileger Sammelplaz halen a keng Materialien nieft de verschiddene Backen placéieren. De Service Hygiène këmmert sech reegelméisseg ëm de Vidange vun de Container.
SuperDrecksKëscht: D’Kollekte vun der SuperDreckskëscht sinn aktuell all annuléiert. D’Bierger gi gebieden, keen Offall virun hirem Doheem, respektiv am ëffentleche Raum ofzestellen.
Fermeture vum Recyclingzenter: D’Stad Lëtzebuerg erënnert drun, datt och de Recyclingzenter an der Route d’Arlon bis op Weideres zou ass.
Callcenter vum Service Hygiène: Sollten nach Froen zur Gestioun vum Offall oppe sinn, kann ee sech gären un de Callcenter vum Service Hygiène riichten. Vu Méindes bis Freides vun 8 bis 16 Auer ass de Service erreechbar (Tel.: 4796-3640, Email: hygiene@vdl.lu)
Opmaacherfoto: © Gary Chan / Unsplash