Search

You may also like

Britescht Parlament wëll d‘Verlängerung fir de Brexit
Stories

Britescht Parlament wëll d‘Verlängerung fir de Brexit

Si maachen et sech an der Welt net einfach. En

Fréiere President Giscard d‘Estaing verstuerwen
Stories

Fréiere President Giscard d‘Estaing verstuerwen

Den Zentrumspolitiker war President vu Frankräich vun 1974 bis 1981.

US-Budget: Washington kritt e Kompromëss hin
Stories

US-Budget: Washington kritt e Kompromëss hin

Eigentlech ass de Fait, datt sech den US-President an den

D’informatesch Weiderentwécklung mécht sech fir de SIGI bezuelt

De SIGI ass als éischt Administratioun PSDC-C zertifiéiert

D’informatesch Weiderentwécklung mécht sech fir de SIGI bezuelt

Héich zefridde Gesiichter hat et leschte Freideg zu Contern ginn, wéi den Direkter vun der ILNAS (Lëtzebuerger Institut vun der Normalisatioun, Akkreditéierung, der Sécherheet a Qualitéit vun de Produiten) dem President vum SIGI d‘Zertifikat iwwerreecht huet, dat de Statut PSDC-C attestéiert.

SIGI

(v.l.n.r.) Nico Jacobs, Member vum SIGI-Büro; Alain Wal, Responsabel vum Departement INLAS; Jean-Marie Reiff, Direkter vun der ILNAS; Yves Wengler, President vum SIGI; Carlo Gambucci, Direkter vum SIGI, Gilbert Beringer, Member vun der Direktioun vum SIGI. © SIGI

De Jean-Marie Reiff (ILNAS) huet beim festlechen Akt betount, datt d‘Kollaboratioun mam Syndikat net besser kéint sinn a felicitéiert den interkommunale Syndikat, fir säin Engagement. Et géif Courage derzou gehéieren, eng Zertifizéierungsprozedur ze duerchlafen, déi en externen Audit fuerderen. De Syndikat géif domatter allerdéngs och beweisen, datt ëffentlech Administratiounen alles ze gewannen hunn, an deem si sech als innovativ Prestataire zertifiéiere loossen.

Dat huet dem Syndikatspresident Yves Wengler gutt gedoen, woubäi deen de Merite virun allem bei sengen Equippe gesäit. Hie stellt och fest, datt et op neits de Männer a Frae vum Syndikat gelongen ass ënner Beweis ze stellen, datt si sech engem Ëmfeld a stänneger Evolutioun upasse kënnen.

De SIGI verfollegt seng Ambitiounen

D‘Remise vum Zertifikat ass d‘Conclusioun vun engem ambitiéise Projet, deen de SIGI an de leschte Jore virugedriwwen huet. Mat der simultaner Zertifizéierung ISO 27001 a PSDC-C. Fir d‘Zertifizéierung ze erhalen huet de Syndikat esouwuel informatesch Entwécklunge wéi organisatoresch Changementer virgeholl. Dat ass dann och ganz detailléiert dokumentéiert ginn, fir de strengen Ufuerderunge vun den externen Auditeuren ze entspriechen.

All d‘Equippe vum Syndikat hunn zesummegeschafft, fir den 101 Membergemenge vum Syndikat eng elektronesch Archivéierung vun den ausgoende Rechnungen ze erméiglechen. Dat mat de selwechte Garantië wéi bei enger Archivéierung am Pabeierformat.

Mat dëser Offer, kënnen d‘Gemengen net nëmme richteg Geld – am Beräich vum Archivage an der Maintenance – spueren, mee et erlaabt hinne vill méi séier an einfach op d‘Rechnungen zouzegräifen. De Statut PSDC-C garantéiert zudeem d‘Authentizitéit vun all gespäichertem Fichier. Déi „elektronesch Rechnung“ huet domatter déi selwecht juristesch Valeur, eng Pabeierversioun.

Related topics Carlo Gambucci, ILNAS, Jean-Marie Reiff, SIGI, Yves Wengler, Zertifizéierung ISO 27001, Zertifizéierung PSDC-C
Next post Previous post