Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass
International Neiegkeeten

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass

Loscht eppes iwwert de Beruff vum Schmadd ze léieren? Eventuell

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?
International Neiegkeeten

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?

D’Sauer gehéiert zu eisen Haaptwaasserleef. Mee wéi gutt kenns du

Jeremy Hunt dreet dem Iran mat Sanktiounen
International Neiegkeeten

Jeremy Hunt dreet dem Iran mat Sanktiounen

Fir unzefänke schéissen d‘Iraner eng US-Dron vum Himmel, da setzen

De Sommet vun de beschte Frënn

De Sommet vun de beschte Frënn

Beim Sommet vun Helsinki, wou sech de Donald Trump mam Vladimir Putin en zweestënnegt Véierae-Gespréich gegënnt huet, war net dovunner rieds, datt sech Moskau 2016 an de Wahlkampf zu US-Presidentschaft soll agemëscht hunn. Dat ass zu Washington net begréisst ginn…

Nom Véierae-Gespréich hu béid Staatsmänner hir Bereetschaft verkënnt, et neit Kapitel an der Bezéiung tëscht Washington an Moskau opzeschloen.

Et ass dann awer déi Aart a Weis, wéi den Donald Trump mat der brennender Fro zur russescher Amëschung an den US-Wahlkampf – déi esouwuel vum FBI wéi vun de Geheimdéngschter bestätegt gouf – ëmgaangen ass, déi hei fir Opreegung gesuergt huet. Nach um Méindeg hat den Dan Coats, Patron vum Geheimdéngscht, dem US-President den Agrëff bestätegt.

„Ech hunn hei de President Putin dee mir elo grad gesot huet, datt et net Russland war (…) An ech gesinn och net, firwat si et soll sinn“, erkläert den Trump. Domatter léisst hien duerchkléngen, datt hien dem russesche President vertraut, wann dëse Fakten ofstreit, an net senge Servicer déi handfest Conclusioune virgeluecht hunn. An den Trump insistéiert: „De President kontestéiert mat Nodrock“.

Wéi hien nom Treffe mam Putin a senger „Air Force One“ de Réckwee ugetrueden huet, huet den Donald Trump déi éischt „Meenungen“ zu sengem Ëmgang mam russesche President erhalen. An déi republikanesch Tenoren hunn sech mat Kritik net zréckgehalen. Fir den John McCain war et „ee vun de schrecklechste Momenter an der Geschicht vun der amerikanescher Presidence“.

Bewosst (oder och net) sech hei eng Bléisst ginn ze hunn, huet de Rabbelkapp aus dem Wäissen Haus reagéiert, an direkt emol via Twitter bekannt gemaach, datt hien „en immenst Vertrauen a seng Servicer huet“. Hien huet et dann awer net bei dëser Ausso gelooss, firwat et nach zu engem groussen diplomatesche Statement komm ass:

„Ech muss allerdéngs och unerkennen, datt fir eng besser Zukunft opzebauen, mir eis net exklusiv der Vergaangenheet zouwennen dierfen. Mir sinn déi zwou gréissten Atommuechte vun der Welt, mir mussen eis verdroen“.

En trauregen Dag fir Amerika?

Da sollt een awer nach drop hiweisen, datt den Donald Trump, deen elo 18 Méint dat héchste Mandat bekleet, ni en Heel dorausser gemaach huet, eng perséinlech Relatioun mam Vladimir Putin wëllen opzebauen.

Et gëtt dem fréiere KGB-Offizéier deen zanter 2000, d‘Hand iwwer Russland hält, zu Washington net iwwert de Wee getraut, firwat sech de Leader vun de Republikaner am Kongress, Paul Ryan, gezwonge fillt de „Chef“ drun ze erënneren: „Russland ass net eisen Alliéierten“. Heiranner gouf hie vum Oppositiounschef am Senat, den Demokrat Chuck Schummer, ënnerstëtzt.

Deen huet dem Milliardär de Virworf gemaach, sech „oniwwerluecht, geféierlech an schwaach“ dem Géigner entgéintgestallt ze hunn. D‘Cheffin vun den Demokraten am Representantenhaus, Nancy Pelosi, gesäit am diplomateschen Trauerspill vun Helsinki nëmmen: „En trauregen Dag fir Amerika“.

Mee de Vladimir Putin, deen all Amëschung ofgestridden huet, huet dee sech gewënscht, datt den Donald Trump d‘Hillary Clinton bei der Wal schléit? „Jo“ äntwert de Putin ouni Ëmwee, a kann et och begrënnen: „Hien huet vun enger Normaliséierung vun de russesch-amerikanesche Bezéiunge geschwat“.

Klassesch an dësem politesche Schauspill: den Timing. D‘Enquête déi zu Washington gefouert ginn ass, an eng Amëschung vun de Russen zugonschte vum Milliardär soll beleeën, ass op spektakulär Manéier, dräi Deeg virum Sommet vun Helsinki, nach emol an d‘Aktualitéit geroden. Dat mat der Uklo vun 12 russesche „Spiounen“, déi der demokratescher Partei hir Computere piratéiert hunn.

Alles kee Grond fir den „neie Frënd“ ze veriergeren, an den Trump huet an der gemeinsamer Pressekonferenz mam Putin u senger Säit gemengt: „Dës Enquête ass en Desaster (…) déi negativ Konsequenze fir d‘Relatioun vun éischten Atommuechten op der Welt huet. (…) Mir hunn eng remarkabel Campagne gefouert, an datt ass de Grond firwat ech President sinn“.

Nach si se net „Kapp an Aarsch“

De Vladimir Putin huet am Uschloss géintiwwer dem Noriichtesender Fox-News gebueden, datt een déi russesch-amerikanesch Bezéiung mat der Enquête net als Geisel sollt huelen. Eng Enquête déi de russesche President als eng „intern politesch Ausenanersetzung“ ënner Amerikaner betruecht.

An esou huet hien dem Donald Trump Recht ginn, dee kuerz virum éischten Handschlag, op – fir en US-President – iwwerraschend Aart a Weis, an engem Tweet, d‘Ursaach fir déi schlecht Relatiounen tëscht Washington a Moskau genannt: „Jore vun der Dommheet säitens den USA“ an „eng eenzeg Hexejuegd“ déi vum FBI ausgaange wier. Woubäi et den FBI ass deen d‘Enquête féiere muss.

Mee de Sommet vun Helsinki sollt och, an éischter Linn, e positiivt Bild vu béide Staatsmänner weisen. Hir berufflech a politesch Parcourse kéinten net ënnerschiddlecher Sinn, an awer bestinn se drop zesummen no vir ze blécken.

„Ech hoffen datt mir ugefaangen hunn eis besser ze verstoen“, betount de Vladimir Putin am Bezuch op d‘Gespréicher, déi „ganz gelongen an nëtzlech“ solle gewiescht sinn. Den Donald Trump huet sengersäits vun engem „oppenen, direkten a ganz produktiven Dialog“ geschwat.

Op Rumeuren ugeschwat, déi wëlle gleewen doen datt Moskau kompromettéierend Dokumenter an Dossieren iwwert den Donald Trump gebunkert huet, äntwert de russesche President: „Et kann ee sech schwéier eng nach méi grouss Dommheet virstellen! Schlot iech déi Dommheeten aus dem Kapp“.

Alles ass de Medien net erzielt ginn…

Vu Syrien bis zur Krim, eng Abberzuel vun Diplomaten, Experten an Analysten hate gefaart, datt den Donald Trump géintiwwer dem staarke Mann aus dem Kreml, géif Konzessioune maachen. Zu dësem Punkt hunn sech béid Staatscheffen net oder kaum geäussert. Dofir awer den Androck hannerlooss hir Frëndschaft beschloss ze hunn.

De Vladimir Putin, deen eréischt am Nomëtteg zu Helsinki ukomm ass, an e Sonndeg bei der Finale vun der Fussballweltmeeschterschaft uwiesend war, hat dat „perfekt Geschenk“ fir den Donald Trump am Gepäck: ee Fussball. Ee „klenge Geste“ wuel, mee de Locataire aus dem Wäissen Haus huet et sichtlech erfreet.

„Elo läit de Ball an ärem Lager“ huet sech de russesche President amuséiert, an esou den Donald Trump zum laache bruecht. Deen huet versprach, datt säin 12 järege Bouf Barron deen zum spille vermaacht kritt.

Helsinki war dann och net déi éischt Renconter tëscht engem US-President an dem Vladimir Putin. Et ass hei d‘Format vun der Entrevue an den Timing, déi aus dësem Sommet eppes Besonnesches maachen.

Helsinki ass déi lescht Etapp vun enger Europatournée, bei där de Klatzkapp vun de NATO-Partner iwwert d‘Bundeskanzlerin bis zur britescher Premierministesch, esou zimlech all Mënsch beleidegt huet, deem him net aus de Féiss komm ass. Woubäi „all Mënsch“ esou net ganz stëmmt, well de russesche Bier huet sech vum Donald Trump keng Kritik missen unhéieren.

mam Jérôme Cartillier an dem Gaël Branchereau/AFP

Foto: De Sommet vun Helsinki, wou sech den US-President Donald Trump an de russesche President Vladimir Putin laang ënner véier Aen ausgetosch hunn, kéint den Ufank vun enger laanger an enker Männerfrëndschaft markéieren. E Constat deen zu Washington fir laang Gesiichter a zolidd Kritik gefouert huet. © Yuri Kadobnov/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Frëndschaft, Helsinki, Sommet, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel