Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tableronde zum Paradigmewiessel: eng Analys
hook up with anyone meaning

Tableronde zum Paradigmewiessel: eng Analys

Am Kader vum Medieprojet „1917“ dee vum 100,7 an der

peter andre dating
hook up with anyone meaning

recommended gay dating apps

Et ass scho vill Tënt gefloss an esou munch Tastatur

Buergbrennen: Esou gëtt de Wanter verdriwwen!
hook up with anyone meaning

Buergbrennen: Esou gëtt de Wanter verdriwwen!

E Sonndeg gëtt nees Feier geluecht. Mee keng Angscht, um

De soziale Bilan vun der LSAP

Alex Bodry: „Mir hunn eis versprieche gehalen a setzen eis Programmziler am Sozialen ëm!“

De soziale Bilan vun der LSAP

Am Kontext vum éischte Joer vun der neier Legislaturperiod – déi wéinst der Affär ëm de Casier-bis an dem Dissens bei der Verfassungsreform an d‘Schleidere geroden ass – kënnen d‘Sozialisten sech awer nach ganz zefridde Presentéieren. Si hätte Wuert gehalen, an och wann d‘Sessioun kuerz gewiescht wier, hätt ee staark politesch Akzenter, besonnesch am soziale Beräich, gesat.

Vun der Mindestlounerhéijung, dem zousätzleche Congésdag, engem weider Feierdag bis hin zum REVIS an der Aféierung vun den Zäitspuerkonten, wier enorm vill ëm- an duerchgesat ginn. Den Alex Bodry, dee schonn 2020 dem Georges Engel de Fraktiounsvirsëtz iwwerloosse soll, huet och un de Budget erënnert, an deem net manner wéi 4% vum BIP fir Investissementer enthale sinn.

LSAP

Eng Moossnam déi d‘Land virun enger Austeritéitspolitik schütze soll. Ervirzehiewen ass och, datt gutt 50% vum Budget der Sozialpolitik virbehale bleiwen. Et kann een also behaapten, datt de Koalitiounsaccord agehale gëtt, firwat een et bei der LSAP kaum erwaarde kann, datt d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport (eng weider sozial Moossnam) elo och agefouert gëtt.

Sech net de Botter vum Brout huele loossen

Si géifen awer och geschlossen hannert den Investissementer an d‘Bildung wéi an de Schutz vun Natur an Ëmwelt stoen, woubäi dës Ressorten net direkt an hirem Verantwortungsberäich leien. Bei der Reform vum Gemengegesetz awer hu si nees Verantwortung an fir d‘Inneministesch Taina Bofferding dierft et ugesiichts de ville CSV-geleete Gemengen eng zolidd Erausfuerderung ginn.

Esou soll schonn dat nächst Joer de Gesetzprojet zum „administrative Momper“ zum Vott virgeluecht ginn. Gläiches erwaarden sech d‘Sozialisten am Kontext vun de sektorielle Pläng, déi sech wéi den Alex Bodry betount, op de leschte Meter befannen. Den Aktiounsplang fir déi biologesch Landwirtschaft, Gemeinschaftskloen, de Cannabis a villes méi stinn och nach op.

Net ze vergiessen, datt et zu enger weiderer Steierreform soll kommen, een och iwwert eng Reform vun der Grondsteier nodenke muss, mat där de Spekulatioun soll de Reedel virgeluecht ginn. Wat de rezente Skandal ëm de Casier an/oder „geheim“ Datebanke bei Justiz a Police betrëfft, esou muss d‘Chamber Verantwortung iwwerhuelen, an entspriechend Texter virleeën déi Kloerheet bréngen

Verfassungsreform an Europa

Am Kontext vun der elo awer wierklech noutwenneger Verfassungsreform, ass och d‘LSAP zolidd vun der CSV iwwerrascht ginn. Et wier, esou den Alex Bodry, alles um gudde Wee gewiescht, fir d‘Sensibiliséierung- an Informatiounscampagne am Hiecht ënnert d‘Leit ze bréngen. Dat wier, esou de Fraktiounspresident, am Mäerz och genee esou vum Chamberbüro beschloss an ugeholl ginn.

A wann se bei der LSAP elo manner vun der CSV-Propose iwwerrascht sinn, esou suergt de gesaten Ultimatum fir Onmutt. Hir werft der „neier“ Oppositioun vir, hei mat engem Handschlag 15 Joer Aarbecht bei der Däiwel ze kéieren. Schold dorunner hätt an éischter Linn de Fränk Engel, säit kuerzem de neie Mann un der Spëtzt vun der CSV, déi sech der Erneierung verschriwwen hätt.

LSAP

D‘CSV, déi sech erwaart, datt et emol fir unzefänken eng „Consultatioun mam Bierger“ am Kontext vun der Reform vum Wahlgesetz muss ginn, hätt e Kurs ageschloen deen net novollzéibar ass. Wat d‘Iwwernam vun der EU-Kommissioun duerch d‘Ursula von der Leyen ugeet, esou hält sech hei d‘Begeeschterung a Grenzen. Et sollt een den Ament net dovunner ausgoen, dat si derfir wieren

Foto: Ray Shrewsberry/Pixabay

Ähnlech Sujeten Bilan, LSAP, parlamentaresche Bilan, Refrorm vum Wahlgesetz, Soziales, Verfassungsreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel