Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déif Unerkennung vum Groussherzog fir CHL-Mataarbechter
Neiegkeeten

Déif Unerkennung vum Groussherzog fir CHL-Mataarbechter

S.A.R. de Groussherzog Henri huet gëschter, zesumme mat der Gesondheetsministesch

dislike
Wat kann een aus der Weinstein-Affär a #metoo léieren?
Neiegkeeten

Wat kann een aus der Weinstein-Affär a #metoo léieren?

Et kann ee vill Schlechtes iwwert sozial Netzwierker schreiwen. Mee

Washington schéckt weider Zaldoten an den Noen Osten
Neiegkeeten

Washington schéckt weider Zaldoten an den Noen Osten

No den amerikanesche Loftschléi géint Stellunge vun der Hezbollahmiliz a

Stad Lëtzebuerg: De soziale Wunnraum ass weiderhi knapp

An der Gemengerotssëtzung vum leschte Freideg, huet de Schäfferot keng gutt Aussiichte gebueden

Stad Lëtzebuerg: De soziale Wunnraum ass weiderhi knapp

Et ass sécherlech net esou, wéi wann de Manktem um soziale Wunnraum nëmmen ee Problem an eiser Haaptstad géif duerstellen, an wier verkéiert ze behaapten, datt de blo-schwaarze Schäfferot net alle géif maachen, fir grad an dësem Segment de Wunnengsbau um Stater Territoire auszebauen.

Mee d‘Äntwerten déi de Schäffe Maurice Bauer (CSV) op dem Conseiller Guy Foetz (déi lénk) hat, loosse wéineg Raum fir Zouversiicht oder Optimismus. Esou wollt de Guy Foetz ënnert anere vum fir de Logement an déi sozial Aktioun verantwortleche Schäffe wëssen, wéi laang et dann esou am Schnëtt dauert, fir an de Genoss vun enger Sozialwunneng ze kommen? Kréien déi Leit wou sech op der Waardelëscht befanne gehollef? A wéi gesäit et mat den „eidele“ Wunnengen a Privatbesëtz aus?

Bei iwwer 550 Demanden déi am zoustännege Service drop waarde behandelt ze ginn, kann ee sech virstellen, datt et dem Maurice Bauer net wierklech einfach gefall ka sinn, dorops ze Äntwerten. Hie war allerdéngs tatsächlech beméit de Problem ganz „transparent“ unzegoen. Hie weist drop hinn, datt ee sech bewosst ass, datt den Ëmfang vun den Demanden enorm ass, mee dat net déi eenzeg Suerg vum Schäfferot wier. Hei misst een och déi sëllegen a virun allem ganz ënnerschiddlech Situatioune berécksiichtegen.

Och bauen, geet net iwwer Nuecht

Dat ass stëmmeg, an am zoustännege Service si Kritäre festgeluecht ginn, unhand deenen dann déi verschidde Prioritéiten ausgemaach ginn. Esou spillen de Familljestand, déi finanziell Situatioun, mee och d‘Urgence eng Roll, an oft iwwerschneit sech dat Ganzt. Wéi laang een ënnert den aktuelle Konditioune muss waarden, bis een eng Sozialwunneng zougestane kritt, léisst sech net mat Bestëmmtheet soen. Fir de Maurice Bauer muss een awer, ugesiichts de Waardelëscht vu bis zu véier Joer ausgoen.

Et wier eng Situatioun déi dem Schäfferot net gefält, firwat dëse Sujet och ganz seriéis géif vun alle Membere behandelt ginn. Et hätt ee scho vill Terraine fir de Bau vu sozialem Wunnraum opkaaft, woubäi hei och de „Logement zu moderate Präisser“ berécksiichtegt muss ginn. D‘Schafe vu Wunnraum ass scho länger eng vun de Prioritéiten an et muss jo och bedenken, datt d‘Stad stänneg wiisst an all Joer dausende Leit bäikommen. Och Leit déi sech éischter „gutt gestallt“ sinn, dinn sech schwéier ee Logement ze fannen.

En Inventaire vum Leerstand

Wat elo d‘Hëllef fir d‘Leit ubelaangt déi an der Waardelëscht fest stiechen, esou heescht et do, datt generell all Demandeur och un déi aner Acteuren am Beräich vum soziale Wunne weidergeleet ginn. Dat sinn nieft der Asbl Wunnengshëllef, d‘AIS, d‘SNHNM an de Fonds de Logement. Wann et néideg ass, gi Famillje vun der sozialer Assistance gestäipt. De Schäffen huet awer betount, datt et keng institutionaliséiert Zesummenaarbecht mat der Stad géif ginn. Et gouf och drun erënnert, datt d‘Demande all Joer muss erneiert ginn.

Wann ee weess wéi laang déi lénk schonn un dësem Sujet dru sinn, a wéi laang si fuerderen, datt et misst en Inventaire vun all den eidele Wunnenge ginn – déi oft nëmme Spekulatiounsobjete sinn, wat mat eng Wäertsteigerung vu bis 12%/Joer net onverständlech awer ethesch verwerflech ass – weess een, datt et keng Waardelëscht bréicht. Mee den Inventaire maachen, esou de Maurice Bauer, dat geet leider net, do wieren himm d‘Hänn gebonnen. Esou eng Moossnam wier net an Aklang mam gültegen Dateschutz ze bréngen.

Illustratioun; © Tolu Olubode / unsplash

Ähnlech Sujeten CSV, déi Lénk Stad, Guy Foetz, Maurice Bauer, Soziale Wunnraum, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel