Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-Veto blockéiert UN-Resolutioun zu Jerusalem
International Neiegkeeten

online dating no subscription

Wéi erwaart hunn d‘USA um Méindeg hire Veto géint eng

https://moien.lu/definition-of-radiometric-dating/
International Neiegkeeten

USA offizialiséieren Austrëtt aus Paräisser Klimaofkommes

Nodeems den Donald Trump am Juni 2017 dëse Schratt ugekënnegt

Léisst sech d‘Kris vum Venezuela an Norwegen léisen?
International Neiegkeeten

Léisst sech d‘Kris vum Venezuela an Norwegen léisen?

Vertrieder vun der venezuelanescher Regierung an Oppositioun, hunn sech zu

Xi Jinping: „Eenzeg de Sozialismus ka China retten“

Xi Jinping: „Eenzeg de Sozialismus ka China retten“

Nëmmen e puer Deeg nodeems de chinesesche President erëmgewielt ginn ass, an vum Parlament ugebuede kritt huet, esou laang un der Spëtzt vum Land ze bleiwe wéi him gefälleg ass, huet de Xi Jinping betount: „Eenzeg de Sozialismus ka China retten“.

Mat enger feierlecher Ried, op der Ofschlosssëtzung vun der jäerlecher nationaler Assemblée vum Vollek, huet de staarke Mann aus Peking, d‘Féierungsroll vun der chinesescher kommunistescher Partei ënnerstrach. De Xi Jinping gëtt als mächtegste Leader säit 25 Joer ugesinn.

„D‘Geschicht huet et bewisen a wäert och weiderhi beweisen, datt eenzeg de Sozialismus China ka retten“ esou de Xi Jinping virun honnerten Delegéierten. Eng Ausso, déi schonn als klengen Ausbléck op de 70. Jubiläum vun der Grënnung vun der Volleksrepublik, ka bewäert ginn.

„Et ass nëmmen an deem mir de Sozialismus – mat chinesescher Charakteristik – entwéckelen, wou et eis gelénge kann, déi grouss Renaissance vun der chinesescher Natioun ze schaffen“, erkläert de Xi Jinping, an enger Ried mat däitlech patrioteschem Hannergrond.

China ass keng Bedreeung

Den anere Länner an der Welt, huet de chinesesche President verséchert, datt dee phänomenale Wirtschaftswuesstem, vun de leschte 40 Joer, keng Bedreeung fir Keen duerstellt.

„China wäert ni d‘Interesse vun deenen anere Länner afferen, fir seng eegen Entwécklung sécherzestellen“, esou de President vun der zweeter Weltwirtschaftskraaft. Wierder déi virun allem un den Donald Trump geriicht sinn, deen d‘Welt an en Handelskrich ze dreiwen dreet.

„Nëmmen déi wou d‘Gewunnecht hunn anerer ze bedreeën, betruechten déi aner als Bedreeung“, bemierkt de Xi Jinping. „Kee sollt sech täusche loossen oder dat éierlecht Striewe vum chinesesche Vollek bezweiwelen, zum Fridden an der Entwécklung vun der Mënschheet wëlle bäizedroen“.

De chinesesche President huet dann och nees Taiwan Gewarnt. Eng Insel déi Peking zanter 1949 fir sech fuerdert. De Xi Jinping huet däitlech gemaach, datt säi Land sech ni, vun och nëmmen enger Fangerbreet chinesesche Buedem wäert trennen. „All d‘Aktiounen a Manöver, déi drop ofzilen d‘Land ze deelen, wäerte Scheiteren“ betount de chinesesche President.

Dat zu engem Ament, wou d‘USA e Gesetz ugeholl hunn, datt et héijen amerikanesche Verantwortlechen erlaabt op Taiwan ze reesen (an ëmgekéiert). Dat Gesetz ass eng Beleidegung fir Peking, dat sech als eenzege legitimme Representant vun Taiwan betruecht.

Foto: De Xi Jinping huet bei der Ofschlosssëtzung vun der nationaler Assemblée ugedeit, datt China sech net vun den USA aschüchtere léisst, an datt Protektionismus zu engem Handelskrich féiert, deen net ze gewannen ass. © Nicolas Asfouri/AFP

Ähnlech Sujeten China, Handelskrich, Sozialismus, Xi Jinping
Nächsten Artikel Virrechten Artikel