Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kann een Entreprisen zur Verantwortung zwéngen?
solo matchmaking csgo

Kann een Entreprisen zur Verantwortung zwéngen?

Zu Lëtzebuerg installéiert transnationalen Entreprisen sollen zur ethescher Verantwortung gezwonge

wow hookup dating
solo matchmaking csgo

jen selter dating knicks

Pyongyang huet um Samschdeg eng spektakulär Entscheedung geholl a bekannt

money
Airbus a Bombardier: mat der C-Series e neien Horizont a Siicht
solo matchmaking csgo

Airbus a Bombardier: mat der C-Series e neien Horizont a Siicht

Vu Boeing schwéier ënner Drock gesat, huet den Hiersteller Bombardier

No der Fermeture vum Jeudi: de Sozialplang läit um Dësch

No der Fermeture vum Jeudi: de Sozialplang läit um Dësch

Wéi bosseg et ass, wann deng Gewerkschaft als Aktionär indirekt däi Patron ass, an dann däi Betrib d‘Dieren zoumécht, dat erliewen a spieren um eegene Kierper d‘Salariée vun der bis dato beschter an investigatiivster Wochenzeitung „Le Jeudi“, eng Publikatioun vum Grupp „Editpress“.

De gréissten Aktionär vun Editpress – esou de Stand zum 1. Januar 2019 – dat ass mat 61% den OGBL. Weider Aktionäre sinn de Landesverband FNCTTFEL (17%), de Verband vun de Schoulmeeschter (2%), d‘LSAP (2,1%) wéi och „Le Monde“ (3,2%), de Lëtzebuerger Journal (8%) an e puer Privater (6%). Eng wichteg Informatioun am Kontext vum genannte Sozialplang.

E Sozialplang dee virläit a vum OGBL mat der Direktioun vun Editpress ënnerschriwwe gouf. An hei sinn d‘Gewerkschaftler dach awer zimlech houfreg, d‘Zuel vun den Entloossunge vu 15 op 10 erofgesat kritt ze hunn. Parallel dozou si begleedent Moossnamen a finanziell Kompenséierunge vereenbaart ginn. U Fachkenntnes huet et jo och net gefeelt, an et wëll een e gutt Beispill ginn.

Am Sozialplang sinn esou extralegal Entschiedegunge festgehale ginn, et besteet och d‘Méiglechkeet a Prepensioun ze goen, zudeem sollen déi entloosse Mataarbechter d‘Prioritéit genéissen, sollt et am Grupp nees nei Plaze ginn. Dat gewosst sollt een unhuelen, datt d‘Gewerkschaft mat sech selwer am Rengen ass, och wann et natierlech säitens der Direktioun eng aner „Versioun“ muss dozou ginn.

Esou befënnt d‘Direktioun vun der Editpress an hirem Communiqué, datt de Sozialplang wéinstens de Verdéngscht hätt ze existéieren. Si stellen nach lapidar fest, datt déi Vereenbarung fir keng vun de Parteie kann zefriddestellend sinn. Si erënneren drun, datt d‘Entscheedung sech vum Le Jeudi ze trennen onëmgänglech war. Et wier ëm d‘Virubestoe vum Grupp gaangen, deem et net gutt geet…

Mat aner Wierder: an der Escher Kanalstrooss sinn d‘Finanzen net besser wéi bei all deenen aneren. Et wiere schlecht Zäite fir déi bezuelte Medien, heescht et. Et géif awer keen Zesummenhang mat der gratis Zeitung l‘Essentiel ginn, déi vun Edita S.A. editéiert gëtt. Edita S.A. ass d‘Filial vun der Lëtzebuerger Editpress S.A. an der Schwäizer Tamedia S.A., déi op Massemedie spezialiséiert ass.

Vun do aus ze behaapten, d‘Problemer wieren hausgemaach, gëtt de Mataarbechter vum Grupp net gerecht, der Direktioun allerdéngs schonn. Eng Direktioun déi Zouversiicht ausstraalt an dovunner ausgeet, datt déi ganz Restrukturéirungsmoossnamen déi um Lafe sinn, dem Grupp genuch Loft verschaffen, fir sech den neie Verhältnisser um Maart unzepassen. Et géif dann och esou lues Zäit…

Ähnlech Sujeten Editpress, Gewerkschaft, Kanalstrooss, Le jeudi, OGBL, Sozialplang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel