Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Reform vum Congé Parental kënnt gutt un
Neiegkeeten

D‘Reform vum Congé Parental kënnt gutt un

Wéi d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) an den Direkter vun der

Free/Libre Open Source Software – E Stéck digital Fräiheet
Neiegkeeten

Free/Libre Open Source Software – E Stéck digital Fräiheet

Open Source Software – ee Begrëff, den net vill Léit

Beim LCGB ass een vun der EIB „eppes“ enttäuscht (Kommentar)
Neiegkeeten

Beim LCGB ass een vun der EIB „eppes“ enttäuscht (Kommentar)

Zanter Januar ass gewosst, datt déi Europäesch Investitiounsbank (EIB) muss

De Staat an d‘Digitaliséierung

Oder: wann den Delegéierte Minister sech de Männer a Frae mat enger Kristallkugel uvertraut

De Staat an d‘Digitaliséierung

Um Mëttwoch huet de delegéierte Minister fir d‘Digitaliséierung, Marc Hansen (DP) d‘Resultater vun der TNS-Ilres Enquête – déi hie selwer an Optrag ginn huet – presentéiert. D‘Enquête vun der TNS-Ilres war tëscht dem 9. a 27. September bei eppes iwwer dausend Residente vun iwwer 16 Joer online an per Telefon gemaach ginn.

Sënn an Zweck vun dësem Bléck an d‘Kristallkugel: d‘Regierung well eis wäissmaachen, datt et hiren erkläerte Wëllen ass, d‘Bierger an déi ze implementéierend Initiativen anzebannen, fir déi digital Ëmwandlung vum Land erfollegräich iwwert d‘Bühn ze kréien. Et ass dat zudeem eng Enquête, déi sech an d‘Kontinuitéit vum consultativen Debat vun der Chamber (3. Juli) aschreift.

Vun den 1.011 Persounen déi der TNS-Ilres geäntwert hunn, sollen déi meescht d‘Digitaliséierung als eng vun den essentielle Missioune fir d‘Entwécklung vum Land erkannt hunn. D‘Majoritéit vun de Leit ass also der Usiicht, datt déi staatlech Servicer beschtens virbereet sinn, fir sech de villen Erausfuerderungen ze stellen, déi de Wiessel an déi „numeresch Ära“ wäert mat sech bréngen.

Fir déi vun TNS-Ilres Befroten, bréngt d‘Digitaliséierung nëmme Virdeeler mat sech. Den Alldag léisst sech méi liicht a besser bewältegen, et spuert een Zäit an et ass jo och immens bequem. Mee d‘Leit si besuergt wéi et mat der Aarbecht soll a ka weidergoen, an et soll der ginn, déi fäerten, datt de perséinleche Kontakt doduerch ganz verluer geet.

Prozentsätz do gëtt esouguer Nordkorea jalous

Déi vun der TNS-Ilres consultéiert Matbierger sinn dann och am meeschten dovunner begeeschtert, datt ee seng administrativ Demarchen Online maache kann. Do huet jo dann och missen nogefrot ginn, wéi zefridden d‘Leit mat de Servicer: guichet.lu an myguichet.lu sinn. An do géif dee béise Jong vu Pyongyang glat vun Näid baschten. D‘Zefriddenheet läit 95% a 94% fir de jeeweilege Site.

Zum Gléck, huet den delegéierte Minister awer d‘Féiss um Teppech behalen an am Kontext vun de Resultater déi d‘TNS-Ilres virgeluecht huet, notéiert, datt de Wee nach laang ass an dat wat een zukünfteg als „e-Government“ etabléiere wëll, nach vill Spillraum huet wat de Fortschrëtt betrëfft. Well heeschen datt déi uewe genannte „Servicer“ nach weider ausgebaut solle ginn.

guichet.lu an myguichet.lu solle méi „Demarchen“ ubidden, méi benotzerfrëndlech a virun allem intuitiv ginn, fir datt déi gréisst méiglechst Unzuel u Bierger dozou Zougang erhalen. Dofir soll net nëmmen de klassesche Computer/Laptop als Medium hierhalen, am CTIE (Informatikservice vum Staat) gëtt un enger App geschafft, fir de Bierger dat ganzt och um Handy zougänglech ze maachen.

Net ganz gescheit? Mécht näischt da maache mir et einfach

Wann d‘Educatioun am „Aarsch“ ass an de Mënsch ouni digital Autokorrektur kaum nach am Stand ass sech selwer den Hënneschten ofzebotzen, da muss gläich de ganze System a Fro gestallt ginn, deen ass jo drop ausgeluecht, d‘Kontroll iwwert d‘Vollek ze behalen. A well een déi Leit déi wéineg bis näischt verstinn net méi onbedéngt wëll physesch am Guichet stoen hunn, gouf nogeduecht.

Am Dezember soll et also op der Plattform guichet.lu, fënnef Fiche ginn, op deenen Demarchen an „einfacher Sprooch“ beschriwwe ginn. Dat bezitt sech op esou profan Beräicher, wéi d‘Demande fir eng Identitéitskaart oder de Remboursement vun Dokteschrechnungen. Ee „Service“ deen dann och am Verlaf vun 2020 soll weider ausgebaut ginn. D‘Qualitéit gëtt also weiderhin no ënnen ugepasst.

Wat soss nach zréckzebehalen ass

Och beim Rapport – respektiv deem wat TNS-Ilres derfir hält – ass et essentiell och dat klengt Gedréckten ze liesen, woubäi, wie mécht dat schonn? Interessant allerdéngs datt et jee no Fro, emol als „Bemiessungsgrondlag“ déi 1.011 Residenten an emol 939 Internautë gëtt. Wann dat dann awer keng „Roll“ spillt, woubäi, méi verständlech gëtt de Rapport domatter net.

Dofir a well de Marc Hansen domatter ugefaangen huet, nach emol de Volet „guichet.lu“. 939 Internauten hu matgemaach. Laut TNS Ilres kennen 93% (97% vun de manner wéi 55 Joer jonken) d‘Plattform. Bei der Fro wéi oft an de leschten 12 Méint „consultéiert ginn ass“, gëtt sech ob déi 873 bezunn déi uginn hunn et ze kennen. Zweedrëttel wiere méi wéi eng Kéier kucke gaangen…

Interessant, hei 8% vun den 873 déi gesot hunn si géifen d‘Plattform kennen, hunn déi Säit nach ni opgeruff. Esou zumindest seet de Rapport. Vun den dann nach 706 befroten déi uginn hunn op mannst eemol an de leschten 12 Méint „drop“ gewiescht ze sinn, wëlle 95% zefridden (dovunner 37% ganz zefridde) gewiescht sinn. Op den „Detail“ hunn der dann nach 418 geäntwert.

Laut TNS-Ilres hunn 93 Leit nach ni „myguichet.lu“ besicht, dat wëll 17% deem net trauen an 17% kee Luxtrust-Schlëssel hunn. Datt sech d‘Prozenter awer op déi 93 Leit an net 1.011 bezéien, dat wéi gesot steet am butzeg kleng gedréckten.

Ofschléissend Remark

D‘TNS-Ilres ass en ekonomeschen Acteur, deen an iwwer 80 Länner géint entspriechend Geld dem Client eng senge Besoinen ugepasste Marketing-, respektiv Meenung-Studie produzéiert. Hei hunn och lokal Wirtschaftsacteuren investéiert (Bertelsmann-RTL, Saint-Paul an Editpress) déi et net kënne gebrauche wann d‘Kristallkugel net déi richteg Zuelen hiergëtt.

An op de Risiko sech ze widderhuelen, bei enger Populatioun vu ronn 600.000 Awunner sech drop ze behaapten datt 1.011 consultéiert Persounen – déi dann och nach musse „ventiléiert“ ginn – ee „representative Panel“ sinn, bleift eng Zoumuddung. Et ass allerdéngs – an dat sollt een de Leit mat Kristallkugele gutt halen – ëmmer méi schwéier Leit ze fannen déi hinnen Äntwerte wëllen.

Datt Lëtzebuerg awer am digitale Beräich gutt virukënnt an et hei zu Land eng grouss Offer gëtt, déi et bal jidderengem erméiglecht sech „fit“ ze maachen, dofir brauch et keng TNS-Ilres. Dofir muss een de Leit just op Fangere kucken, an dat ass wuertwiertlech ze huelen….

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Digital Lëtzebuerg, Digitaliséierung, Digitalkompetenz, e-Government, Marc Hansen, TNS-Ilres
Nächsten Artikel Virrechten Artikel