Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Britesch Päss fir d‘Awunner vun Hong Kong
Money Neiegkeeten

Britesch Päss fir d‘Awunner vun Hong Kong

Datt Peking däitlech méi Entscheedungsgewalt zu Hong Kong wëll hunn,

Ass den US-President e Rassist?
Money Neiegkeeten

Ass den US-President e Rassist?

Dem Donald Trump seng via Twitter an der Welt verbreeten

Dammefussball: FC Schëffleng 95 hat dem SC Beetebuerg näischt entgéint ze setzen
Money Neiegkeeten

Dammefussball: FC Schëffleng 95 hat dem SC Beetebuerg näischt entgéint ze setzen

D‘Saison fänkt fir d‘Damme vum SC Beetebuerg gutt un, déi

money

De Staat verlaangt seng Suen zréck

De Staat verlaangt seng Suen zréck

Vun der ADEM goufen am Kontext vun der Covid19-Pandemie eppes iwwer 900 Milliounen un Avance fir de partielle Chômage (Kuerzaarbecht) ausbezuelt elo ass d‘Zäit vum Decompte do an d‘Remboursementer dierften insgesamt eng 40% vun de gewäerte Gelder ausmaachen.

Dat ass dann elo awer keng Iwwerraschung an den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) weist drop hin, datt dat Deel vum Handel war. Hie geet dann och dovunner aus, datt d‘Ofrechnung fir d‘Méint Mäerz an Abrëll bis Enn nächster Woch sollt gemaach sinn. Seng Beamte wiere fir den Ament gutt beschäftegt a kéimen entspriechend séier virun.

Am Kontext vun der Kuerzaarbecht, hat de Staat zougesot 80% vun de Gehälter ze iwwerhuelen. Dat gouf unhand de Moyennen an den Entreprise gerechent, oder anescht ausgedréckt, et ass sech hei op Estimatioune bezu ginn. Et war also vu virera kloer, datt d‘Entreprisen en zolitte Pak Geld missten zeréckbezuelen. Et soll jo nëmmen iwwerholl ginn, wat och tatsächlech ugefall ass.

Folgerichteg huet de Minister preziséiert, datt déi Entreprisen, déi eligibel ware fir d‘Geld vum partielle Chômage ze kréien, elo als éischt dat iwwerschëssegt Geld mussen un de Staat zeréckginn, iert si nei Hëllefe vun dësem ufuerdere kënnen. Den Dan Kersch preziséiert nach, datt dës Prozedur esou vun den Entreprise selwer gewënscht war. Wat elo net muss heeschen…

Esou huet d‘Handwierker-Federatioun (FDA) schonn emol duerchblécke gelooss, datt ee sech net erwaart hat, datt déi zoustänneg Verwaltungen sech esou akribesch géifen un d‘Aarbecht maachen. An ausser der ADEM sinn do jo och d‘Sozialversécherung an d‘Steieramt, déi op hir Sue säitens den Entreprise waarden. Déi sinn elo net wierklech dofir bekannt Gedold ze hunn.

Dat hënnert de President vun der Handwierker-Federatioun, Michel Reckinger, net dorunner vun dësen ze fuerderen, datt si ee Plang opstellen, deen individuell op d‘Entreprisen zougeschnidde muss sinn a vun enger eenzeger Verwaltung soll koordinéiert ginn. Eng Fuerderung déi de Minister eppes veriergert, well dat war esou net beim „Deal“ matenaner vereenbaart ginn.

Firwat gouf dann iwwerhaapt esouvill Goss an de Grapp geholl?

Dat ass natierlech eng gutt Fro, mee bréngt eis nees derzou drop hinzeweisen, datt de Finanzement sech op Estimatioune baséiert huet, dat am Sënn vu: méiglechst séierer Hëllef leeschten ouni grouss Fisematenten ze maachen. An et dierf ee jo elo och net ënnerschloen, datt déi administrativ Servicer an den Entreprise jo awer – fir déi meescht zumindest – voll geschafft hunn.

An et ass jo awer zimmlech jidderengem ënnert d‘Äerm gegraff sinn, esou den Dan Kersch, dee nach emol erënnert, datt d‘Regierung hir Verantwortung eescht geholl an esou och ëmgesat huet. Esou gëtt et dann hei och näischt ze bereien, och wann et natierlech fir deen een oder anere Betrib längst ze spéit war. Hie war sech mam Wirtschaftsminister am Kloren, datt et och Verloschter géif.

Datt dem Franz Fayot seng Ausso sengerzäit net gutt ukomm ass, wier verständlech, mee wat hätt et da bruecht, sech hei eppes virzemaachen? An den Aarbechtsminister muss och d‘Abusen hiweisen. Wien d‘Geld zu aneren Zwecker benotzt huet, wéi dat woufir et virgesi war, huet ëffentlecht Geld ënnerschloen a muss sech dofir dann elo och viru Geriicht veräntwerten.

Och dat eppes mat deem een op de concernéierte Ministère gerechent huet. Bei ronn 14.000 Entreprise bleift esou eppes jo och net aus. Besonnesch schlëmm – an dat dierft bei deene Fäll déi ee juristescht Nospill hunn – ass et wann d‘Entreprise d‘Geld fir aner Zwecker opgewannt huet wéi fir Paien, an dann awer a Faillitt gaangen ass. Hei kann ee schon vu krimineller Energie schwätzen.

Et wäert nach vill Gedeessems a Gejéimers säitens dem Patronat an dëser Hisiicht ginn. Fir d‘Affekoten an d‘Fiduciaire kéint et zu engem hëtzegen Hiecht kommen. Op där aner Säit kann et sech och net ugoen, datt de Steierzueler zu gudder Lescht déi ganz Laascht ze droen huet. A wien alles no de Reegele vun der Konscht gemaach huet, sollt näischt ze befierchten hunn.

Illustratioun: Geld kënnt a Geld geet… elo ass d‘Zäit vun der Ofrechnung do. © Alistair MacRobert

Ähnlech Sujeten Aarbechtsministère, Dan Kersch, Decompte, Kuerzaarbecht, partielle Chômage, Remboursement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel