Search

You may also like

Ibiza-Video: War et en Affekot?
Neiegkeeten Sport

Ibiza-Video: War et en Affekot?

Wien – An der Affaire ëm e „schmuddelege“ Video, wou

Schaffen a Groussbritannien nom Brexit
Neiegkeeten Sport

Schaffen a Groussbritannien nom Brexit

Obwuel et sécherlech méi Wichteges gëtt, wéi sech den Ament

Den OGBL an den Aarbechtsminister hu sech a Saache „Reklassement“ verstännegt
Neiegkeeten Sport

Den OGBL an den Aarbechtsminister hu sech a Saache „Reklassement“ verstännegt

Um Mëttwoch hat et eng Entrevue tëscht enger Delegatioun vum

Zum Ofschloss vun der Mobilitéitswoch: de Steel-Run

Nach bis en Sonndeg steet Déifferdeng ganz am Zeeche vun der nohalteger Mobilitéit

Zum Ofschloss vun der Mobilitéitswoch: de Steel-Run

Säit 2005 bedeelegt sech Lëtzebuerg un der europäescher Mobilitéitswoch, déi all Joer tëscht dem 16 an 22 September organiséiert gëtt. De Verkéiersbond ermontert dann och all d‘Gemengen am Land sech deem unzeschléissen an de Bierger Mobilitéitsalternativen zum Auto unzebidden an/oder ze fërderen. Ënnert dëse Gemengen ass Déifferdeng, an hire Programm léisst sech weisen.

Schonn zanter elo e puer Deeg leeft dat ganz gutt a nach bis e Sonndeg gëtt engem villes gebueden. Am Park Gerlache leeft nach ëmmer dem Anouk Flesch seng Ausstellung, a gëschter gouf et eng kulturell Randonnée zu Zowaasch. Haut bitt de Sportveräin „Esperance“ de Leit un den „Nordic Walking“ ze entdecken. Vu 15 bis 18 Auer gëtt et dozou eng Aféierung am Park Gerlache.

Och haut, dat awer dann op der Maartplaz, gëtt en Atelier ugebueden, bei deem sech de „valide“ Mënsch an d‘Haut vun enger Persoun mat Behënnerung versetze kann. (14 bis 17 Auer). E Freideg dann e klenge gastronomeschen Intermezzo. Da kritt jiddereen dee sech fir de Zuch entscheet huet, tëscht 6 an 8 Auer op der Déifferdenger Gar e Kaffi an e Croissant. Et ass de Geste deen zielt…

Ee Samschdeg lount et sech den Drotiesel aus dem keller ze huelen. Do ginn zwou Randonnéeën ugebueden: eng vu ronn 25 Kilometer duerch d‘Gemeng an eng vun 20 Kilometer duerch d‘Natur. Ufank ass hei 9.30 Auer. Mat derbäi de CIGL, deen e Vëlos-Occasiounsmaart organiséiert. Wie wëll ka säi Vëlo technesch „kontrolléiere“ loossen. Sécherheet soll een och beim Drotiesel behäerzegen.

D‘Police mécht och mat, an hei kann ee säi Vëlo, seng Trottinett, Skateboard oder wat ee soss als „Mobilitéitsalternativ“ benotzt codéieren ze loossen. Datt soll et méi liicht maachen d‘Saachen erëmzefanne wa se engem gezoppt ginn oder dat gutt Stéck „verluer“ gaange war. Eng wierklech sënnvoll Initiativ, déi vu ganz frëndlechen a ëmmer gutt gelaunte Beamten organiséiert gëtt.

E Sonndeg gëtt dann zu Déifferdeng d‘Mobilitéitswoch mat engem grousse sportlechen Event ofgeschloss. De Steel-Run ass esouwuel Erausfuerderung wéi Aventure an erméiglecht et de ville Participanten, op eng flott a virun allem sportlech Aart a Weis, d‘Gemeng nei oder anescht ze entdecken. Den Depart ass um 15 Auer, an et heescht et wier nach méiglech sech anzeschreiwen.

Related topics Déifferdeng, Europäesch Mobilitéitswoch, Steel-Run
Next post Previous post