Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kultur Neiegkeeten

Galerie: Nationalfeierdag zu Mamer

D‘Erschéissunge vum 25. Februar 1944 zu Hinzert
Kultur Neiegkeeten

D‘Erschéissunge vum 25. Februar 1944 zu Hinzert

E Méindeg 25. Februar 19 Auer – MnR – Sprooch:

Europäesch Deeg vum Patrimoine 2019
Kultur Neiegkeeten

Europäesch Deeg vum Patrimoine 2019

Vergaangene Freideg huet d’Kulturministesch Sam Tanson bei der Aféierung zu

De Steeseler Blues Festival 2019

Am Kader vu Konscht a Kultur „am Haff“

De Steeseler Blues Festival 2019

Frënn vun der gudder Musek an der gudder Laun, sollten sech fir e Freideg ee puer Gedanken doriwwer maachen, op de klénge Blues Festival zu Steesel net schlussendlech de perfekten Ofschloss fir eng Schaffwoch ass. Net ze ënnerschätzen, datt den Event „gratis“.

Blues

Dat ganzt fënnt da statt dëse Freideg 14. Juni beim Kulturhaus an der Dänne-Strooss an et soll och pénktlech um 20 Auer lassgoen. Organiséiert gëtt dat ganz vun der Kulturkommissioun an der Steeseler Gemeng, an Zesummenaarbecht mat „Konscht am Haff“ an der frëndlecher Ënnerstëtzung vum Blues Club Lëtzebuerg. Domatter misst kloer sinn, datt et richteg flott misst ginn.

Fir den Optakt, also souzesoen „waarm ze ginn“ huet sech „The Little Blues Band“ virgeholl den hoffentlech ville Gäscht, eng flott musikalesch Rees an de breet opgestallte Blues-Repertoire unzebidden. Si hu schonn op esou muenchem Festival fir gutt Stëmmung gesuergt an sinn den Ëmwee bis op Steesel bestëmmt wäert. An et ass jo och net déi eenzeg Band vum Owend…

Blues

Déi „al-Hären Ekipp“ aus der Lëtzebuerger Blueszeen. Ultimativ genial, bewegend emotional a kontraktuell Texter mat Charakter. Mat „The Horse Blinders“ läit d‘Stëmmung ëmmer am grénge Beräich. © The Horse Blinders

Als Headliner vum Steeseler Blues Festival stinn „The Horse Blinders“ op der Affiche. Dës „al-Hären Ekipp“ huet et fauschtdéck hannert den Oueren. Si hunn et beschtens verstanen dem Blues eppes Funk a Rock matzeginn, hir Texter si gepeffert an hir gutt Laun ass ustiechend. Et kéint ee wäit méi iwwert déi Band soen, mee besser ass et sech se live unzekucken an nozelauschteren.

Foto: PatriM/Pixabay

Ähnlech Sujeten Blues Festival, Kulturkommissioun, Steesel, The Horse Blinders, The Little Blues Band
Nächsten Artikel Virrechten Artikel