Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tierkei: Pro-kurdesche Leader Demirtas weider an Haft
International Neiegkeeten

https://moien.lu/acog-practice-bulletin-dating/

Um Donneschdeg huet en tierkescht Geriicht entscheet de Leader vun

8 minute dating orange county
International Neiegkeeten

Fuer mat eis duerch d’Land a weis eis, wéi gutt s de et kenns

D’Land ass méi grouss wéi ee mengt! Mir hunn e

Nordkorea: de Kim op der Sich no neie Frënn
International Neiegkeeten

Nordkorea: de Kim op der Sich no neie Frënn

Moskau huet eng Rumeur bestätegt, laut där de nordkoreanesche President,

Washington huet de Steve Bannon zréck

De verstoussene Strëppenzéier a fréiere Chefstrateg vum Donald Trump huet eng wëlles

Washington huet de Steve Bannon zréck

Nodeems zu Bréissel alles säi Wee leeft, huet de Steve Bannon de Wee an d‘Breitbart-Redaktioun zréckfonnt. Déi hat hie geleet iert en Wahlkampfmanager vum Milliardär ginn ass. An hei wëll hie mat senge Kumpel dem Donald Trump beim Amtsenthiewungsverfaren zur Säit stoen.

Seng „Kumpel“ dat sinn: den Jason Miller, fréiere Kommunikatiounschef am Team Trump an de Brit Raheem Kassam, Chefredakter vu Breitbart London a Brexit-Aktivist. Dësen Trio huet sech virgeholl den Demokraten an hirem Amtsenthiewungsverfaren d‘Liewen onméiglech ze maachen. Steve Bannon: „Dat ass Blitzkrich vun den Demokraten, ee professionellt a gescheit Manöver“.

Laut dem Bannon wieren Demokraten am Begrëff ze gewannen. Gutt 20% vun de republikanesche Wieler wieren onentschloss, déi „onofhängeg“ ëmmer méi veronséchert. Interessant Randnotiz, vu Breitbart gëtt däitlech preziséiert, datt et sech bei dëser Informatioun net ëm „Fake News“ handelt.

SteveNo dësem „Zwinker-Smiley“ dann nees eppes méi seriö: De Steve Bannon, deen an Europa alles vu rietsradikal bis erkläert faschistesch, mat Geld an „Noriichten“ ënnerstëtzt, huet eng Message an déi riicht sech och un dat Wäisst Haus. Do sollt een d‘Prozedur zum Impeachment eescht huelen, an op Optrëtter vum Rudy Giuliani sollt ee verzichten, well et ze vill Ukrainer a sengem Ëmfeld gëtt.

War Room

De Steve Bannon huet Europa also verlooss, fir deem geniaalsten US-President aller Zäiten ënner d‘Äerm ze gräifen a virun allem dofir ze suergen, datt dësen nach eng Kéier gewielt gëtt. An dofir huet et elo ee „War Room“ – eigentlech nëmmen e Radio-Podcast fir wäiss Iwwermënschen.

An dëser Radiossendung kritt dem Trump seng Ekipp eng grouss Plattform gebueden. Hei ginn Iddien a Strategie virum oppene Mikro diskutéiert, an esou ee lëschtege Personnage wéi den Deputéierte Mark Meadows – dem trumpschen Devils-Advocate am Kongress – mécht esou Aussoe wéi:

„D‘Ukrainer wousste jo guer net datt d‘USA d‘Militärhëllef agefruer haten… bis si dat alles am Magazin Politico gelies haten“. Et hätt also keen „Tauschgeschäft“ ginn an zu gudder Lescht huet d‘Ukrain jo och seng Militärhëllef erhalen.

An et gëtt nach besser…

Esou ass do och nach den David Bossie, deen an de 90er fir d‘Republikaner Ermëttlunge géint de Bill Clinton gefouert hat. Dee mengt: „Et muss een onbedéngt erausfanne wien de Whistleblower ass“. Op Twitter kurséiert dann och e Numm, dee vun de Republikaner als politeschen Amokleefer denoncéiert gëtt. Bleift nach drun ze erënneren, datt de Bossie ëmmer a legale Grenzberäich läit.

SteveAn dann ass do och nach de Reince Priebus, ex-Chef vum trumpschen Etat-Major am Wäissen Haus a VIP-Invité vum War Room. Et wier richteg den Ermëttlungsprozess vun den Demokrate mat alle Mëttel unzegräifen, mee och héich Zäit den Donald Trump „an der Saach“ ze verdeedegen.

Wichteg wier et ze argumentéieren, datt et kee Grond fir en Amtsenthiewungsverfare gëtt, och wann net alles ganz „propper“ verlaf ass, esou wier awer ersiichtlech, datt d‘Demokrate just presüméiere kënnen, wéi eng Absichten de Milliardär mat sengem Telefonsgespréich mat Wolodymyr Selenski verfollegt huet. Dat wier esou domm wéi lächerlech an dofir géif den US-President gewannen.

Firwat dee ganzen Opwand?

Et dierft als geséchert gëllen, datt ee wuel eng Impeachment-Prozedur uleiere kann, d‘Chancen déi duerchzekréie sinn awer geréng. An dat weess natierlech de Steve Bannon, deen dann och kloer stellt, datt d‘Representantenhaus ënnert der Leedung vun den Demokrate wäert Uklo géint den US-President erhiewen, den Senat dann awer dat ganz nees wäert verhënneren.

Ongeféierlech ass d‘Prozedur allerdéngs net. Ofsetze kann een de Milliardär net, mee et dierft dësen en héije politesche Präis kaschten. A well all déi hei genannte Personnagen onbedéngt eng zweet Amtszäit fir den Donald Trump hikréie wëllen, heescht elo de Kampf ophuelen an draschloen.

Wien no all dësen Informatioune mengt, datt de Steve Bannon mat all Kierperfaser hannert dem US-President steet, dee läit falsch. Dem Bannon ass nëmmen ee Müensch wichteg an dat ass hie selwer. Hei ass et drëms gaangen sech nees zu Washington ze weisen, an de Republikaner ze erklären, datt et ouni ee Steve Bannon a Breitbart net wäert goen. Am Wäissen Haus hunn se de Schoss héieren a stellen elo och e Verdeedegungsteam zesummen…

mat indymedia/was

Foto: David Mark / Pixabay

Ähnlech Sujeten Demokraten, Impeachment, Republikaner, Steve Bannon, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel