Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Galerie: Dag vun der aler Karosserie am Fonds de Gras
International Neiegkeeten

Galerie: Dag vun der aler Karosserie am Fonds de Gras

Um Sonndeg huet um Site vum Train 1900 am Fonds

money
Washington bereet sech op d’Aféierung vun den Douanestaxe vir
International Neiegkeeten

Washington bereet sech op d’Aféierung vun den Douanestaxe vir

Laut dem Wall Street Journal, géif sech d’US-Administratioun drop virbereeden

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass
International Neiegkeeten

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass

Leschte Weekend war zu Useldeng eng weider lass. Iwwer zwee

De Sträit ëm d‘Flüchtlingen

De Sträit ëm d‘Flüchtlingen

Eis däitsch Noperen ënnerhale ganz besonnesch Bezéiunge mat der Tierkei: et ass zum engen ee ganz wichtege Wirtschafts- an NATO-Partner, an zum anere liewe Milliounen tierkesch Bierger an Däitschland, déi fir déi meescht, dem Recep Tayyip Erdogan seng „nei“ Politik voll a ganz stäipen.

Dat zur Erklärung, firwat den däitschen Ausseminister Heiko Maas (SPD) un den“Hëllefen“ fir d‘Tierkei festhält. Et geet dobäi ëm Milliarden Euroen, déi d‘Tierkei awer nëmmen Zilorientéiert, also fir d‘Versuergung vun de Flüchtlingen/Migranten asetzen dierf. Konditiounen déi dem Sultan net gefälleg sinn, well hie seng militäresch Operatiounen a Syrien an a Libyen finanzéiere muss.

Elo kënnt de Sultan op Bréissel fir Gespréicher. Et wäert wuel an éischter Linn ëm d‘Fuerderunge vun Ankara goen, an hei dierften déi europäesch Gespréichspartner éischter beduecht sinn, sech auszemolen, wéi en Impakt dat alles op déi national Politiken a perséinlech Befëndlechkeeten huet. Den tierkesche President wäert kee wëlle brüskéieren, woubäi et heescht datt ee standhaft bleift…

Fir den Heiko Maas, steet awer zumindest emol fest, datt sollt et bei der liewensnoutwenneger an humanitärer Versuergung Enkpäss ginn, egal ob an der Tierkei, zu Idlib oder dem Libanon, sech Däitschland net dem Gespréich verweigere géif. Geld fir d‘Versuergung vun de Flüchtlingen an der Tierkei sollen u Konditioune gebonne ginn, wat viraussetzt, datt sech Tierkei och drun hale muss.

Europa ass erpressbar

Wann de Recep Tayyip Erdogan haut zu Bréissel opschléit, dann huet hien eng däitlech an zimmlech onmëssverständlech Message am Gepäck: „Entweder d‘EU ënnerstëtzt d‘Tierkei oder d‘Tierkei hëlleft de Flüchtlingen/Migranten iwwert d‘Grenzen“. Ouni sech am Virfeld mat de Kolleegen ofgeschwat ze hunn, hält den däitschen Ausseminister Heiko Maas dergéint a mengt sengersäits:

„Déi europäesch Botschaft un d‘Tierkei ass kloer: Mir stinn zu enger fairer Laaschteverdeelung, mee mir akzeptéieren net, datt Mënschen, déi sech souwisou an enger verzweiwelter Lag befannen, och nach als politesch Geisele mëssbraucht ginn. Verhandlungen um Réck vun de Schwächste wäerten net zum gewënschte Resultat féieren“, esou den däitschen Ausseminister um Sonndeg.

Hei vergësst de Sozialist just, datt déi 27 sech sollten op eng gemeinsam Linn eenegen, wat wuel éischter onméiglech ass, awer eigentlech de Sënn an Zweck vun der Unioun ass. Zudeem huet hien de grousse Problem, datt Däitschland keng Moossnam ënnerstëtze kann, déi derzou féiere kéint, Milliounen Tierken an Däitschland ze „veriergeren“. Dem Sultan seng „fënneft Kolonn“…

Helden ouni Réckgrat

Wéi déi nei Bréisseler Elite, ënnert der Leedung vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an dem EU-Rotspresident Charles Michel, mam tierkesche President wëll eng Eenegung fannen, bei där esouwuel d‘Leed vun de Mënschen, déi wirtschaftlech Interessen an natierlech och déi militäresch Partnerschaft soll berécksiichtegt ginn, dat léisst sech beim beschte Wëllen net soen.

Natierlech heescht et am offizielle Wuertlaut, datt ee bei de Gespréicher drop dränge wäert, deen 2016 mat der Tierkei arrangéierte Flüchtlingspakt anzehalen, mee dësen huet de Sultan mat senger eegemächteger Entscheedung d‘Grenzen zu Griicheland (mat Bulgarien huet et anscheinend eng geheim Ofsprooch ginn) opzemaachen, faktesch zerrappt. Hie wëll awer och neit Geld vu Bréissel.

Et ass dann och dovunner auszegoen, datt een dem tierkesche President wäert entgéintkommen. Eng Situatioun wéi 2015 (Mir schaffen dat) soll et net méi ginn. Déi zur Stonn un der griichescher Grenz gehale „Migranten“ si fir hir Majoritéit Afghanen, also net mat Idlib a Verbindung ze bréngen an ausser enger Handvoll Länner, wëllen déi meeschten EU-Partner keng Mënschen ophuelen…

mat indymedia/bru

Foto: Den tierkesche President huet d‘Europäer mat de Wäck. D‘Partnerlänner am Oste wëlle mat alle Mëttel verhënneren datt Flüchtlingen/Migrante bei si kommen, Däitschland fäert dat et bei sech kéint zu Problemer mat der grousser tierkescher Communautéit komme kéint an och déi aner hunn net wierklech dat wat een eng gemeinsam Linn nenne kann. Dem Sultan seng Aussiichten op een him gefällegen Deal stinn entspriechend gutt. (Archiv)

Ähnlech Sujeten Biergerkrich, EU, Flüchtlingen, Griicheland, Idlib, Migranten, NATO-Partner, Syrien, Tierkei, Wirtschaftsinteressen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel