Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Balearen: Och zu Mallorca ass et ze fréi fir Party
International Neiegkeeten

Balearen: Och zu Mallorca ass et ze fréi fir Party

Déi grouss Majoritéit vun der Gäscht op der Baleareninsel Mallorca

D’ULC weist sech entsat iwwert d’Decisioun vun der Spuerkeess
International Neiegkeeten

D’ULC weist sech entsat iwwert d’Decisioun vun der Spuerkeess

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) ass entsat iwwert d’Ukënnegung, datt schonn

Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen
International Neiegkeeten

Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen

E Méindeg ass am Wirtschaftsministère de Punkt gemaach ginn, wou

De Streik am Frankräich bréngt e schwaarzen Dënschdeg

De Streik am Frankräich bréngt e schwaarzen Dënschdeg

Nom Warnschoss vum 22. Mäerz geet et haut am Frankräich an d‘Schluecht. Mat engem TGV vun aacht ginn d‘Eisebunner bei deem wat vun Experten als „Marathon-Streik“ ëmschriwwe gëtt den Toun un. D‘Eisebunner hunn de Klassekampf opgeholl fir sech géint de Reformprojet fir d‘SNCF ze wieren.

Beim Personal, dat sech 48 Stonne virum Streik „umelle“ muss, huet d‘SNCF festgestallt, datt sech all zweeten Eisebunner (48%) agedroen huet. Bei de Lokféierer ass den Taux op 77% geklommen. Alles an allem sinn dat iwwer 10% méi, wéi nach den 22. Mäerz (35,4%). D‘Direktioun vun der SNCF huet dann och d‘Clienten informéiert, datt den Trafic „gestéiert“ ass.

Op de grousse Linne rechent d‘SNCF am Schnëtt mat engem TGV vun aacht. Am schlëmmste betraff ass d‘Achs „Süd-Ost“ wou nëmme mat engem TGV vu zéng ze rechnen ass. Bei de Verbindungen „Intercity“ ass et och net besser, hei falen direkt siwe Linne ganz aus. Eng Situatioun, déi de Patron vun der SNCF, Guillaume Pepy, ugekënnegt hat.

An de Regioune gëtt een TER an een „Transilien“ (Zich déi d‘Paräisser Faubourge bedéngen N.v.d.R.) ugekënnegt. An der Regioun „Ile-de-France“ ass den Asaz vum Service RER onkloer. Jee no Verbindung, gëtt et nëmmen ee bis zwee Zich vu fënnef, total Ausfäll sinn net ausgeschloss. Bei der SNCF ass een dann och beméit, de Client esou gutt wéi iergendwéi méiglech ze informéieren.

Et ass net nëmmen den Zuch dee steet

De Streik bei der SNCF kënnt net eleng. Bei Air France geet et an de véierte Streikdag. D‘Personal vun der Fluchgesellschaft verlaangt eng Erhéijung vun de Salairen, d‘Direktioun gesäit dat anescht a fuerdert méi Aarbechtsstonnen. Bei der Air France gëtt de Samschdeg an och den 10. an 11. Abrëll gestreikt. Air France ass iwwerzeegt, 75% vun de Flich bedéngen ze kënnen.

Fir déi véier representativ Gewerkschafte bei der SNCF (CGT-Cheminots, UNSA, SudRail, CFDT) gëtt mat der Reform vun der Eisebunn, den ëffentleche Schinnentransport zerstéiert. Dat ganzt géif aus rengem ideologeschen Dogmatismus geschéien, soen d‘Vertrieder vun de Gewerkschaften.

Hinne géinteniwwer fënnt een den SNCF-Direkter Pepy an d‘Transportministesch Borne. Alle béid veriergert iwwert dëse „versate“ Streik, deen si esou och net verstinn, vu datt et eng Concertatioun tëscht den Acteure gëtt. Wat d‘Erëffnung fir d‘Konkurrenz betrëfft, esou huet d‘Ukënnegung de legislative Wee ze goen an sech net den Ordonnancen ze bedéngen, d‘Lag net entschäerft.

A wann déi véier Gewerkschaften och ënnerschiddlech Modalitéiten hunn, esou sinn se zesummen an d‘Schluecht gezunn. E Streik an Etappen (zwee Deeg vu fënnef) bis den 28. Juni fir d‘CGT-Cheminots, Unsa an CFDT. D‘Gewerkschaft SudRail huet sech fir en onbegrenzte Streik entscheet, dee vun Dag zu Dag weidergefouert ka ginn.

De Statut, d‘Privatiséierung an d‘Konkurrenzrecht

Beim Sträit ëm d‘Reform, sinn et besonnesch d‘Ofschafe vum „Statut Eisebunner“, d‘Verwandlung vun der SNCF an eng Aktiëgesellschaft, an d‘Erëffnung fir d‘Konkurrenz, déi de Gewerkschaften um Mo leien. Si sinn dann och iwwerzeegt, datt d‘Reform „de Problem vun der Schold – 46,6 Milliarden Euro Enn 2017 – an den Dysfonctionnementer net regelt“.

Eng Dose politesch Parteien, dorënner d‘France Insoumise, d‘Kommunisten (PCF) oder Generation.S hunn den Eisebunner hir Ënnerstëtzung zougesot. D‘Eisebunn dierft net „zerstéiert“ ginn, si géif als Beispill fir den ëffentlechen Déngscht stoen. Op där aner Säit d‘Regierung, déi sech virgeholl huet duerchzehalen, well een och zu onpopulären Entscheedunge stoe muss.

Fir d‘CGT-Cheminots, éischt gewerkschaftlech Kraaft an der SNCF wier „d‘Regierung an d‘Direktioun gutt beroden sech op Verhandlungen um Fong anzeloossen“. Am Le Parisien, huet de Laurent Brun (CGT-Cheminots) d‘Direktioun vun der SNCF beschëllegt, et op eng Ausenanersetzung, tëscht deenen déi streiken an deenen déi schaffen, ukommen ze loossen.

Am Le Figaro, ass et de Generalsekretär vun der CFDT, Laurent Berger, dee zum Dialog oprifft. „Wat mir méi séier mat der Exekutive Gespréicher féieren, wat mir méi Chancen hunn, engem haarde Konflikt, deen ech mer net wënschen, ze entgoen“, betount de Gewerkschaftler.

D‘Verhandlunge lafe weiderer

Den Adjoint vum Generaldirekter, Mathias Vicherat, huet op Europe1 ugekënnegt datt am Kontext vun der Reform: „D‘Verhandlunge gi weider. (…) eng Dose Reuniounen si fir dës Woch geplangt“. De Generaldirekter vum „Transilien“, Alain Krakovitch, huet op BFMTV erkläert, datt de Streik tëscht 10 an 20 Milliounen den Dag kascht.

Fir déi franséisch Presse, riskéiert den Emmanuel Macron an d‘Regierung vill bei dësem éischte Sozialkonflikt vum Quinquennat. Fir d‘Zeitunge Le Parisien a Le Figaro, huet et d‘Krichserklärung ginn, woubäi jiddereen sech a sengem Gruef verschanzt huet. Et wier zudeem e Sozialkonflikt, dee virun allem vum Salariat gedroe gëtt.

An den aktuelle Klassekampf deen am Frankräich den ëffentlechen Transport blockéiert, an de Loftverkéier stéiert, huet nach aner Facetten. D‘Studente sinn an Oprou, d‘CGT rifft déi ganz Filière „Offall“ zum Streik op, an huet och schonn e Preavis fir den Energiesecteur agereecht. Wann sech alles openeen ofgestëmmt kréie sollt, ass Frankräich paralyséiert.

mam Sabine Pradella/AFP

Foto: © Jean-Sebastien Evrard/AFP

Ähnlech Sujeten Air France, Frankräich, Gewerkschaften, SNCF, Streik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel