Facebook am Fokus vun der irescher Dateschutzkomissioun
Irland huet e Freideg annoncéiert eng Enquête ageleet ze hunn,
Irland huet e Freideg annoncéiert eng Enquête ageleet ze hunn,
Huet een dat richtegt Buch mat der passender Geschicht fonnt,
Wéi et aus dem Nohaltegkeetsministère heescht, ass ee sech de Problematik bewosst, déi duerch den Zouwuess vum RGTR-Busverkéier um Boulevard Konrad Adenauer an dem Circuit vun der Foire zanter dem 10. Dezember entstanen ass.
A well et de Nohaltegkeetsministère ass, dee fir de Fuerplang zoustänneg ass, huet dëse Ministère dann och d‘Analysen op dësem Streckenofschnëtt virgeholl. Tatsächlech ass et esou, datt de Passage vun der Busser iwwert déi genannte Stroossen, wat de Residenten net gefälleg ass, sech doduerch ergëtt, datt den ëffentlechen Transport bei de Verkéierskniet „LuxExpo“ a „Coque“ muss erhale bleiwen.
Dës Verkéiersbelaaschtung wäert een awer nach eng Zäitche mussen erdroen. Zumindest esoulaang, bis den Tram op der Stäreplaz ukënnt. Bis dohinner ass et esou, datt e sëlleche Linnen op dësem Streckeverlaf mussen erhale bleiwen, well se d‘Verbindung zu der Gare, dem Stadzentrum oder och Stroossen sécher stellen.
D‘Verlängerung vun engem groussen Deel vun de Linnen ass noutwenneg, well et all de Passagéier vun de Regionalbusser, déi hiren Terminus op der LuxExpo hunn, erlaabt, d‘Linn ze wiesselen an esou hir eigentlech Destinatioun ze erreechen. E System deen iwwregens elo schonn dozou bäidréit de Verkéier op dësem Deel vum Kierchbierg ze verréngeren.
Well ee sech am Ministère awer den Doleance vun de Residenten aus dem Quartier Kiem unhëlt, een zudeem selwer drun interesséiert ass de Verkéiersfloss um Boulevard Konrad Adenauer an dem Circuit vun der Foire ze verbesseren, ass et der Direktioun vum ëffentlechen Transport gelongen, Upassunge virzehuelen, wouduerch et zu manner Busverkéier wäert kommen.
Esou wëll een vun aktuell ronn 1.900 Buspassagen op 1.340 Busser/Dag kommen, dat bis zum Juni vun dësem Joer. Bis 2019 soll de Busverkéier bis 1.100 Busser/Dag reduzéiert ginn. Méiglech gëtt dat ganzt duerch déi folgend Mesuren:
Zudeem, esou d‘Verspriechen aus dem Nohaltegkeetsministère, wëll een uecht dinn, datt et esou mann ewéi méiglech eidel Faarten iwwert de Boulevard Konrad Adenauer an de Circuit vun der Foire soll ginn. Mat alle Mesuren déi esou virgeholl ginn, soll sech de Busverkéier bis Juni 2018 ëm gutt 30% reduzéieren.
mam MMDI/SIP