Däitschland wëll d‘Plastikstut verbidden
Déi däitsch Ëmweltministesch Svenja Schulze (SPD) schéngt mat hirem Plang,
Déi däitsch Ëmweltministesch Svenja Schulze (SPD) schéngt mat hirem Plang,
En Donneschdeg gouf mat engem Commemoratiounsdag un de 78. Joresdag
Eng Delegatioun vum Transportsyndikat ACAL-OGBL an der europäescher Federatioun vun
Laut der Matdeelung vum lëtzebuergesche Reguléierungsinstitut (ILR) sinn d‘Stroumpräisser nees zolidd an d‘Luucht gaangen. Interessant heibäi, d‘Feststellung, datt et besonnesch fir d‘Menagen eng uerdentlech Hausse (+17%) gëtt, während besonnesch déi grouss Entreprisë verschount bleiwen.
D‘Erhéijung vun de Stroumpräisser wier, esou den ILR, der Evolutioun vum Reseau geschëlt. D‘Käschten déi a Verbindung mat der Stabilitéit vun eben dësem Reseau – d‘Gestioun leeft iwwert dat däitscht Netz – wieren däitlech geklommen. „Déi konsequent Investitioune säitens de Netzbedreiwer sinn néideg, fir d‘Versuergung sécherzestellen an d‘Transitioun zu enger méi effektiver Notzung vun der Energie virzebereeden“, esou den ILR.
Fir de Stroum vum Produzent bei den Endverbraucher ze liwwere brauch een e Reseau, deen esouwuel fir den „Transport“ wéi och „d‘Verdeelung“ erméiglecht. Déi Käschten déi hei ufalen, maache ronn 45% vum Stroumpräis (Nidderspannung) aus. D‘Tariffer fir Notzung vum Reseau, sinn d‘Recette fir d‘Gestionnaire, an déi dierfen dës Präisser a Relatioun mat der Exploitatioun, dem Entretien an der Entwécklung, festleeën.
Fir d‘Menagë ginn „Netzkäschte“ festgeluecht, déi proportional zum Verbrauch a Kilowattstonne berechent ginn. Dem ILR no, gi 25% vun de Käschte fir de Reseau mat engem feste Präis pro Mount bezuelt. Dann onofhängeg vum reell verbrauchte Stroum, also esouguer, wann een es kee verbraucht. Dës Redevance gëtt integral genotzt, fir d‘Versuergung sécherzestellen. Doduerch sinn awer d‘Stroumkäschte, besonnesch fir d‘Konsumenten déi wéineg Stroum verbrauche, explodéiert.
Fir wéinstens en Deel vun dëser „Rechnung“ ofzefiederen, ass de Beitrag zum Kompensatiounsmechanismus erofgesat ginn. Mat dëser Redevance ginn d‘Subventioune finanzéiert, déi un d‘Produzente vun erneierbarer Energie ginn, oder fir Energie déi mëttels Kogeneratioun hiergestallt gëtt, festgeluecht goufen. Dëse Beitrag geet dann elo vun 3,18 Cent op 2,54 Cent pro Kilowattstonn erof. Eng Erspuernis also vu ganze 0,64 Cent…
Wat d‘Privatleit net esou dierft erfreeën, ass den direkte Verglach mat der Industrie, woubäi déi Entreprise gemengt sinn, déi Mëttelspannung- oder Héichspannung-Stroum bezéien. Bei hinne klëmmt de Stroumpräis ëm 12%, woubäi déi esou, oder esou, als Betribskäschte steierlech „ofgesat“ ginn. Et kéint also frech behaapten, datt d‘Menagen hei direkt zweemol d‘Hand un de Portmonnie musse leeën.
Well säit 2017 d‘Tariffer (fir de Reseau) am ganze Land gläich sinn, réit d‘ILR sech ëmzekucke fir déi privat Stroumrechnung ze „optiméieren“. E Rot deen d‘ILR och fir de Gas gëtt. An hei huet d‘Institut dann och e fantasteschen Tipp: op www.calculix.lu kann de Konsument d‘Stroum- an d‘Gaspräisser vergläichen an sech déi Offer eraussichen déi am beschten zu him passt.
Den ILR erënnert dann och nach drun, datt een um Site www.stroumagas.lu, e sëlleche wichteg Informatioune ka fannen, déi iwwer Rechter a Flichten, am Kontext vun engem liberaliséierten Energiemaart, opschloss ginn. Dee Site ass leider integral a franséischer Sprooch, awer schéin iwwersiichtlech. Verständlech Erklärungen, grad wat Gesetzer betrëfft gëtt et och keng.