Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Milliardär setzt Veto géint Jemen-Resolutioun an
job speed dating freilassing

Milliardär setzt Veto géint Jemen-Resolutioun an

Den US-Kongress wollt mat enger Resolutioun dem Donald Trump noleeën,

https://moien.lu/my-cousins-are-dating/
job speed dating freilassing

Frësch, anescht an en Hauch utopesch: si sinn déi lénk

Fir gesinn ze ginn, dierf een net zécken nei Weeër

Den Handy huet hannert dem Steier näischt verluer
job speed dating freilassing

Den Handy huet hannert dem Steier näischt verluer

„Wann een ‚d‘Rudder am Grapp‘ huet da sollt ee sech

De Studente nei a besser Opportunitéite bidden

Méi divers an international

De Studente nei a besser Opportunitéite bidden

Zwee nei „Bachelor professionell“ (BTS) ginn op der UNI-Lëtzebuerg agefouert. Dat an Zesummenaarbecht mat der „Ecole de Commerce et de Gestion“ (ECG) an dem Lycee „Arts et Métiers“ (LAM).

Domadder droen déi Institutiounen der Evolutioun vun der Bildungslandschaft zu Lëtzebuerg Rechnung. Déi grouss Diversifikatioun an déi steigend Internationaliséierung stellen esouwuel nei Erausfuerderunge wéi Opportunitéiten duer. Eng Verantwortung déi d’UNI-Lëtzebuerg fir sech gesäit an där si sech stelle wëll.

Am akademesche Joer 2016/17 hunn eelef Studiëgäng zum „Bachelor“ gefouert. Hei waren insgesamt 3.043 Studenten ageschriwwen, 1.165 dovunner fir ee „Bachelor professionell“. D’Sessioun 2015/16 waren et der 601, mat 284 am Kader vum BTS.

„Success Story“

D’Erfollegsgeschicht vum BTS huet 1990 um ECG an och um LAM säin Ulaf geholl. Zanter 2009 ass d’Zuel vun den Ausbildungen am BTS, dat an der Beräicher Commerce an Industrie, mee och der Gesondheet, Déngschtleeschtungen, Handwierk a Konscht, bestänneg geklomme.

An de Lycéeë gi 24 BTS-Programmer ugebueden. Fir de Joergang 2015/16 haten sech eng ronn 580 Studenten ugemellt. D’Zuel vun den Diplomer läit béi 280. An de leschte Joren hunn sech den ECG an de LAM dozou entscheet, méi Projeten ze entwéckelen. Si wëlle mam BTS hir Offer ausbauen.

Am Beräich vun der Comptabilitéit an der Fiskalitéit gëtt eng gréisser Offer wéi Demande vu qualifizéierte Kandidate. Do ass et nëmme logesch, datt eng Partnerschaft mat der UNI-Lëtzebuerg an d’A gefaasst ginn ass. Och den Animatiounsfilm expandéiert mat grousse Schrëtt. D’Formatioun BTS um LAM huet dann och groussen Zoulaf. Dat ass zu gudder Läscht och dem Alexandre Espigares, dee mam „Mr.Hublot“ en OSCAR gewonnen huet, ze verdanken.

Et ka lass goen

Mam Accord vum Héichschoulminister Claude Meisch, an den Acteuren aus den Institutiounen ass dann elo entscheet ginn déi akademesch Rentrée 2017/18 mat zwee neie BTS unzegoen. Mam Modell, deen zeréckbehale ginn ass, bidden d’Lycéeë weider hir BTS-Formatiounen un. D’UNI-Lëtzebuerg setzt eng Kollaboratioun op d’Been déi zu engem Diplom als „Bachelor“ féiere soll.

Wann d’Studenten hire Parcours am Lycée ofgeschloss hunn, geet et fir si op der UNI weider. Do sollten se dann den Diplome „Bachelor Professionell“ erhalen. De Modell fänkt mat der Sessioun 2017/18 am Beräich Comptabilitéit a Fiskalitéit fir d’Semester dräi a véier un. Mat de Rentrée 2018/19 gëllt déi Prozedur dann och fir d’Studenten am Beräich vum Zeechentrickfilm.

Foto: Den Héichschoulminister Claude Meisch gesäit mat dëser Mesure d’Qualitéitsentwécklung vun de Schoulen als gestäerkt. Den ECG an de LAM hätten hir Innovatiounskraaft gewisen. D’Studente kréien iwwerdeems besser Chancen um Aarbechtsmaart gebueden. (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Uni.lu, Universitéit Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel