Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gutt bedéngt vum Buergermeeschter
International Neiegkeeten

Gutt bedéngt vum Buergermeeschter

Wéi all Joer, mécht d‘Schueberfouer och 2017 keng Ausnam an

Däitschland: Eng Veruerdnung soll méi Tester erméiglechen
International Neiegkeeten

Däitschland: Eng Veruerdnung soll méi Tester erméiglechen

Dat mat der Fräiwëllegkeet ass net esou einfach. Dat kennt

Nordkoreanesche Staatschef stellt US-President en Ultimatum
International Neiegkeeten

Nordkoreanesche Staatschef stellt US-President en Ultimatum

Et klengt iergendwéi verréckt an awer passt et zum Bild

De Stuerm „Eleonor“ a seng Folgen

De Stuerm „Eleonor“ a seng Folgen

Et war net nëmmen einfach „schlecht Wieder“,  Eleonor war en zolitte Stuerm dee sech um Mëttwoch iwwer Zentraleuropa hir gemaach hat. Doudeger a Blesséierter a ville Länner, plazeweis kee Stroum a mat der Seelbunn fuere war definitiv keng Optioun.

An de franséischen Alpen zu Morillon ass e Schifuerer vun engem Bam erschloe ginn an am Baskeland huet eng riseg Well eng Koppel vun der Digue gerappt. Am Äermelkanal huet déi franséisch Marine de Kapitän vun engem Seegelschëff gerett.

Vun der Normandie bis erof a Loutrengen, 200.000 Menagen ouni Stroum, mellt den Netzbedreiwer Enedis. Hei ware bis zu 2.000 Techniker am Asaz fir de Stroum nees hierzestellen. Op de Fluchhafen am Elsass (Basel-Mulhouse a Stroossbuerg) ass wéinst dem Wand de Fluchverkéier agestallt ginn.

Eleonor

Zu Paräis am 17. Arrondissement hunn eng ganz Rei Baugerëschter dem Eleonor vill Ugrëffsfläch gebueden,. © Stéphane de Sakutin/AFP

De regionalen Zuchverkéier war och villeruerts gestéiert. Am Elsass war deen aus Sécherheetsgrënn ganz ënnerbrach ginn. Den TGV ass wuel eppes lues ënnerwee gewiescht, mee konnt fueren. Zu Paräis ass och den Eiffeltuerm zoubliwwen, dat wéinst gemoosse Wandspëtzte bis 120Km/H.

Beem op der Seelbunn

Am Schwäizer Kanton St. Gallen ware Beem op déi droent Seeler vun enger Seelbunn gefall. E sëlleche Mënschen hunn an hire Gondele laang missen op Hëllef waarden. Wéinst dem Stuerm Eleonor war en Asaz vun de Rettungshelikopter net méiglech.

Wéinst engem entgleiste Waggon am Kanton Bern, sinn aacht Persoune blesséiert ginn. Hei soll et awer béi klenge Blesse bliwwe sinn. Iwwerhaapt war et um Mëttwoch an der Schwäiz net einfach. De Verkéier an all senge Forme war uechtert d‘ganz Land zesummegebrach.

Éisträich huet keng Ausnam gemaach. Och hei war eng Seelbunn zum Affer vum Eleonor ginn: wéi sech am Tirol eng Gondel queesch gestallt hat, huet de Betrib vun der Hornbahn zu Kitzbühel missen ugehale ginn. Biergrettung a Pompjeeën hunn d‘Wantersportler aus hirer Lag befreit.

Eleonor

Vill Beem op de Stroossen hunn zum erleie vum Verkéier gesuergt. Zu Köln ass zäitweis guer näischt méi gaangen. Och hei waren d‘Rettungsdéngschter am Dauerasaz. © Oliver Berg /dpa/AFP

Bei eisen däitschen Nopere war d‘Situatioun insgesamt och net besser: massiv Behënnerungen am Verkéier, Beem op de Schinnen, och den Tram zu Köln huet nëmmen ageschränkt funktionéiert. D‘Police an d‘Pompjeeë ware flächendeckend am Dauerasaz…

Et ass keen ausgelooss ginn…

An Holland war et de Fluchhafe vun Amsterdam deen zäitweis huet de Betrib missen ënnerbriechen. Bis zu 180 vun de ronn 1.200 Fluchbewegunge sinn ausgefall, an och bei de Verspéidungen huet een iergendwann opgehale matzezielen.

Op der ganzer hollännescher Küst war den Zuchverkéier gestéiert. Diguen a Brécken hu misse fir de Verkéier gespaart ginn. Wéinst dem erwaarten Héichwaasser, war och de grousse Wier un der Nordostküst (Provënz Zeeland) zougemaach ginn.

Irland a Groussbritannien si vu Wandspëtzte bis 160 Km/H iwwerrannt ginn. A Nordirland hunn zäitweis 12.000 Menagen am däischtere gesiess, an Irland waren der 27.000 vum Stroumausfall betraff. Op ville Plazen, besonnesch un der Küst, koum et zu Iwwerschwemmungen.

Zu Lëtzebuerg hat den 112 schonn am fréie Moien d‘Hänn voll ze dinn. Iwwer 330 Noutriff ware bis 9 Auer agaangen. 61 vun den 103 Interventiounszenter am Land waren am Virfeld alarméiert ginn. D‘CFL ass net verschount bliwwen, a vill Clienten hu sech missen op d‘Verspéidungen astellen.

mat AFP

Foto: Am britesche Brighton, beim Liichttuerm haten d‘Amateurfotografen eng „gutt“ aussicht op de Stuerm Eleonor an de Wellegang. Wat hei spektakulär ausgesäit, huet uechter Zentraleuropa vill Schued ugeriicht. © Paul Ellis/AFP

Ähnlech Sujeten Eleonor, Europa, Onwieder, Stuermdéif
Nächsten Artikel Virrechten Artikel