Search

You may also like

LuxFoodExpress: Loosst Iech Äre Menü Heem liwweren!
International Neiegkeeten

LuxFoodExpress: Loosst Iech Äre Menü Heem liwweren!

Dir kommt midd vun der Aarbecht an hutt keng Loscht,

Selbstbestëmmung ass kee Verbriechen!
International Neiegkeeten

Selbstbestëmmung ass kee Verbriechen!

De Prozess deen d‘Regierung zu Madrid géint déi katalanesch Separatiste

Satir a Krisenzäiten: „extra-3“ beliicht den Ëmgang mam Covid19
International Neiegkeeten

Satir a Krisenzäiten: „extra-3“ beliicht den Ëmgang mam Covid19

D‘Zäite wieren haart, an se géifen nach eng Grëtz méi

De Sultan a seng 40 Raiber denken iwwert eng Amnestie no

De Sultan a seng 40 Raiber denken iwwert eng Amnestie no

Ronn en Drëttel vun den Häftlingen an der Tierkei solle wéinst dem Covid19 fréizäiteg op fräie Fouss gesat ginn. Betraff an éischter Linn: Fraen, eeler Brigangen a schwéier Kranker. Politesch Prisonéier, och wa se de Kritären entspriechen si vun der Mesure ausgeschloss.

Fir d‘Gefor vun enger Coronavirus-Epidemie an de Prisonge kleng ze halen, beréit d‘Parlament zu Ankara iwwert eng partiell Amnestie. Dovunner kéinten engen honnertdausend Häftlingen, ënnert gewësse Konditioune profitéieren. Geséchert ass allerdéngs dat Regimekritiker dovunner gänzlech ausgeschloss sinn. Déi sëtze jo och wéinst Terror oder Terrorënnerstëtzung an de Prisongen.

Dat kéint een elo bei eis gutthalen, well eigentlech sollten Terroristen an därer déi den Terror a Wuert an Dot ënnerstëtzen, och net fräi ronderëm lafen. Et ass wichteg ze wëssen, datt de Begrëff „Terrorismus“ an der Tierkei, an dem zukünftegen osmanesche Räich ënnert dem Sultan Recep Tayyip Erdogan, anescht definéiert gëtt wéi an der EU wou et nach Rechtsstaatlechkeet huet…

SultanFakt: An der Tierkei – wou offiziell Meenung- a Pressefräiheet nach solle Bestand hunn – ass déi „fräi Meenung“ nëmmen esou fräi, wéi se dann och fräi vu Kritik un der Regierung an dem President sinn. Ansonste kann eng Meenung, och wann se net zur Gewalt oprifft, als Terrordelikt bewäert a verfollegt ginn. Esou „Meenungen“ si per se ëmmer d‘Ënnerstëtzung vum Terrorismus.

Sech net vun de Ziler ofbrénge loossen

Vun dëser, jo schonn eppes besonnescher Ausleeung vun der Terrorgefor, sinn – och dat ass en onëmstéissleche Fakt – an éischte Linn, Intellektueller, Professeren, onbeléift Beamten a Riichter, wéi och Journalisten an Aktiviste vu Mënscherechtsorganisatioune betraff. Si ginn als mindestens grad esou geféierlech agestuuft, wéi dat bei Gewaltverbriecher a richtegen Terroristen de Fall ass.

SultanDen Zesummenhang ergëtt sech aus der politescher Ausriichtung vum Sultanat. Esou huet de Recep Tayyip Erdogan oft a widderholl erkläert, datt et Wierder gëtt déi wäitaus méi geféierlech wiere wéi Bommen. Hien huet dann och Regimekritiker a Journaliste ganz oppen als Terroriste bezeechent, wat eppes a Kontradiktioun zur eegener Verfassung an der Memberschaft vum EU-Rot steet.

D‘AKP mat hirem Partner d‘MHP huet déi absolut Majoritéit, firwat et als geséchert gëllt, datt keen „Dissident“ (aka Terrorist) wäert vun der Amnestie betraff sinn. An Europa huet een et längst opginn sech a Kritik um Sultan ze üben. D‘Tierkei ass de Wiechter vum europäesche Séilefridden, esoulaang wei dem Sultan seng Truppen, de Flüchtlingen/Migranten de Wee zur EU verspäert.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: © Aykut Büyük

Related topics AKP, Amnestie, Coronavirus, Covid19, Meenungsfräiheet, MHP, Pressefräiheet, Recep Tayyip Erdogan, Terror, Tierkei
Next post Previous post