Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De Gewënn bleift, mee d‘Leit verbrénge manner Zäit op Facebook
International Neiegkeeten

De Gewënn bleift, mee d‘Leit verbrénge manner Zäit op Facebook

Facebook ass finanziell betruecht nach ëmmer a Form, mee seng

Eis Verbe kënne méi komplizéiert sinn, wéi ee mengt. Wéi gutt kenns du dech aus?
International Neiegkeeten

Eis Verbe kënne méi komplizéiert sinn, wéi ee mengt. Wéi gutt kenns du dech aus?

Et deet een sech ëmmer nees op en Neit wonneren,

D‘Aretha Franklin, Queen of Soul, ass vergaangen
International Neiegkeeten

D‘Aretha Franklin, Queen of Soul, ass vergaangen

Déi amerikanesch Soul-Legend Aretha Franklin, Sängerin an onermiddlech Militantin fir

Wann de Sultan billt bleift d‘Karawann stoen

Besuch vum tierkesche President zu Bréissel huet wéi erwaart kee Fortschrëtt mat sech bruecht

Wann de Sultan billt bleift d‘Karawann stoen

Un de Gesiichter vun den 3 Haaptfiguren: Recep Tayyip Erdogan, President vun der Tierkei; Ursula vun der Leyen, EU-Kommissiounspresidentin; an dem Charles Michel, EU-Rotspresident konnt een et spéitstens bei der „Familljefoto“ ofliesen, et herrscht den Dissens. Woubäi de Sultan net op Bréissel komm war fir Frëndlechkeeten auszetauschen, mee Geld an Zoustëmmung ze kréien.

Zum Optakt huet den EU-Rotspresident Charles Michel nach gemengt: „Mir hunn ënnerschiddlech Meenungen zu diversen Themen, firwat et wichteg ass, datt haut oppe geschwat a gekuckt gëtt, ob een dës Differenzen iwwerwanne kann“. Wuel kaum, zumindest wann een déi vun der Tierkei elo ausgeléiste Flüchtlingskris mengt. Aus EU-Siicht verstéisst d‘Tierkei géint de Flüchtlingspakt.

Knapp zwou Stonnen huet den „Tête-à-Tête“ mam Sultan gedauert ouni datt ee sech och nëmmen ee Schratt entgéintkomm wier. Dat ass natierlech keng diplomatesch Ausso firwat et am offizielle Wuertlaut heescht: „D‘Gespréicher ware konstruktiv, et huet ee sech openaner zoubeweegt“. An et gëtt sech natierlech och gefreet, datt d‘Kommunikatiounsweeër mat der Tierkei „aktiv bleiwen“.

SultanGutt, ouni Diplomatie dierft de Problem un der tierkesch-griichescher Grenz net ze léise sinn, mee allzevill Konzessioune sinn erwisenermoossen net méi méiglech. An dat ass der EU hiren Dilemma. Bréissel wëll um Flüchtlingspakt festhalen, well si dësen Deal an de Sultan brauch, mee wëll sech awer och net vun dësem erpresse loossen. Dat awer ass genee dat, wat sech den Ament ofspillt.

Wou ass de Goss?

Geséchert ass dann awer, datt weder de Charles Michel nach d‘Ursula von der Leyen dem Recep Tayyip Erdogan méi Geld versprach hunn. Dofir gouf sech awer drop verstännegt, datt de Josep Borrell, EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten an den tierkeschen Ausseminister, zesumme mat Fachleit déi eenzel Punkte vum Flüchtlingspakt préiwen a kläre wat ëmgesat gouf oder net.

Heibäi geet et och ëm d‘Virwërf vun Ankara, d‘EU géif sech net un déi verhandelt Payementer aus dem Ofkommes halen. De Sultan wier, esou den offizielle Wuertlaut, awer op de Goss aus Bréissel ugewisen, wann et ëm d‘Versuergung vun de Flüchtlingen/Migranten aus „Syrien“ geet. Ankara awer wëll méi wéi nëmmen de Goss… et géif een och gäre beim Konflikt a Syrien ënnerstëtzt.

SultanZu all deem huet sech de Sultan an der gemeinsamer Pressekonferenz net geäussert. Seng Siicht awer hat hie scho bei der Entrevue mam NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg duergestallt. Säi Land hätt 3,7 Millioune Flüchtlingen opgeholl a verlaangt elo déi zougesoten Hëllef vun de Partner, besonnesch a Syrien. Weder dat europäescht Duo, nach den NATO-Chef hunn Zousoe gemaach.

mat indymedia/bru/tlv

Foto: Familljefoto (v.l.n.r.) Recep Tayyip Erdogan, President vun der Tierkei; Charles Michel, EU-Rotspresident; Ursula vun der Leyen, EU-Kommissiounspresidentin © Turkish Presidency

Ähnlech Sujeten Charles Michel, EU, Flüchtlingskris, Flüchtlingspakt, Griicheland, Jens Stoltenberg, Recep Tayyip Erdogan, Syrien, Tierkei, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel