Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muer an enger Woch ginn d‘Butzen nees an d‘Schoul
Kultur Neiegkeeten

Muer an enger Woch ginn d‘Butzen nees an d‘Schoul

Et ass gewosst, datt den Educatiounsminister Claude Meisch den Ament

D’informatesch Weiderentwécklung mécht sech fir de SIGI bezuelt
Kultur Neiegkeeten

D’informatesch Weiderentwécklung mécht sech fir de SIGI bezuelt

Héich zefridde Gesiichter hat et leschte Freideg zu Contern ginn,

En éischten Accord Collectif de Travail fir d‘Salariéeë vum LISER
Kultur Neiegkeeten

En éischten Accord Collectif de Travail fir d‘Salariéeë vum LISER

Leschte Freideg huet den OGBL als eenzeg representéiert Gewerkschaft an

De Superjhemp Retörns – de groussen Held vu Lëtzebuerg!

De Superjhemp Retörns – de groussen Held vu Lëtzebuerg!
© Laurent Mehlen /moien.lu
De Superjhemp Retörns – de groussen Held vu Lëtzebuerg!
© Laurent Mehlen /moien.lu
De Superjhemp Retörns – de groussen Held vu Lëtzebuerg!
© Laurent Mehlen /moien.lu
De Superjhemp Retörns – de groussen Held vu Lëtzebuerg!
© Laurent Mehlen /moien.lu

De Superjhemp ass eise grousse Superheld an Ikon vum Grand-Duché. D’Figur war bis elo just an de Comice mam gläichen Numm ze fannen. Ab dem 24. Oktober fannt dir de Film am Kino!

Den Held mat de spezielle Fäegkeete, déi hien duerch Kachkéis kritt, gouf gezeechent vum Roger Leiner a Lucien Czuga. Säit November 1988 fënnt een all Woch nei Heldendoten an der Revue. An all Episode muss de Superjhemp d’Land Luxusbuerg virun Kriminellen an Terroriste retten. Am richtege Liewen ass hien de Lëtzebuerger Staatsbeamten Charel Kuddel.

An de Geschichte vum Superjhemp geet et ëmmer ëm aktuell national an international Ereegnisser aus der Politik, och bekannte Persounen a Marken vum Grand-Duché ginn an d’Lächerlecht gezunn. Majo mat genau dësem Humor geet de Realisateur Félix Koch am Film De Superjhemp Retörns vir.

Alleguer d’Schauspiller hunn als Lëtzebuerger eng gewësse Relatioun zum Superjhemp. D’Figur ass een nationale Mythos an do seet een och net nee fir eng Roll am Film un ze huelen. Vir den André Jung, den am Film de Superheld spillt, war et eng eemoleg Erfarung an ee komescht Gefill ee Personnage ze spillen, mee déi endgülteg Szen eréischt spéider mat de Special-Effects ze gesinn.

Et hätt een de Film net kënne besser maachen!

De Lucien Czuga, den zesumme mam verstuerwenen Roger Leiner d’Bande Dessinéen gemaach huet, weist sech stolz d’Resultat virun Aen ze hunn. „Dem Roger hätt de Film sécher och gefall!“, seet hien mat nodenklecher, awer och glécklecher Minn. Och déi eng oder aner Tréin ass bei him um Enn vum Film gelaf. De Lucien Czuga betount, datt hei dem Félix Koch säi ganzt Häerz an de Schauspiller hiert grousst Talent mat agefloss ass, fir esou de beschte Superjhempfilm ze dréinen. Et wäert awer wuel keng nei BD’en ginn, soulaang de Roger dout ass.

Déi éischt Schrëtt zum Film goufe schonn 2011 gemaach. No an no ass d’Geschicht dunn ëmmer méi komplett ginn, d’Schauspiller goufen ausgewielt oder bei Casting gesicht an den Dréi huet ugefaange. Fir hei d’Aktualitéit opzegräifen misst de Félix Koch gréisser Béi maachen. Oft huet och den Zoufall matgespillt, datt elo am Film verschidden Szenen esou genau passen.

Superjhemp

© SAMSA Film

Et war ee grousst Ziel vum Realisateur

Fir de Félix Koch war et schonn ëmmer een Dram emol ee Film vun him am Kino ze gesinn. De Superjhemp presentéiert fir hien eng Lëtzebuerger Kultfigur, déi hien als Mierscher Jong duerch d’Gemengenzeitung ëmmer um Radar hat. Mam Liesen vun de BD’en stoung fir de jonke Realisateur an den 90er Joer scho fest, datt hei iergendwann ee Film misst entstoen.

Ee Land mat risegem Potential

Als Realisateur weist hien sech houfreg, mat dësem Film och d’Schéinheet an de Potential vun eisem klenge Land ze weisen. Mat e bëssen Hëllef goufen hei déi bekanntsten a schéinste Platze vum Grand-Duché ausgewielt, fir am Film ze weisen. „Lëtzebuerg huet immens vill schéin Decors’en, grad mat eise Festungen, eise Bëscher, eis Schlässer a sou weider. Mir haten do ee ganz gudde Location-Scout“, bestätegt hie selwer.

Lëtzebuerg huet schonn ee gewësse Succès am Ausland. Och mat der Schauspillerin Désirée Nosbusch, wat dem Superjhemp seng Fra, d’Félicie Kuddel-Fleck, spillt ass den internationale Buedem scho betrueden. Mee och d’Lëtzebuerger Arméi a Police war gäre bereet, am Film mat ze spillen an domat och de Grand-Duché ze representéieren.

Ab dem 24. Oktober ass de Superjhemp dann offiziell am Kino. Et lount sech definitiv dëse Lëtzebuerger Film kucken ze goen, sech iwwert d’Politik lëschteg ze maachen an d’Schéinheet vun Lëtzebuerg oder och Luxusbuerg ze gesinn!

Ähnlech Sujeten André Jung, Désirée Nosbusch, Félix Koch, Lucien Czuga, Politik, Roger Leiners, Samsa Film, Superjhemp, Superjhemp Retörns
Nächsten Artikel Virrechten Artikel