Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spärung vun der Autobunn A7 haut den Owend
Meenung Neiegkeeten

Spärung vun der Autobunn A7 haut den Owend

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt zesumme mat Creos verschidden Héichspannungsleitungen ewechgeholl ginn

Däitschland: Rose Bierger bedreiwe Merkel „bashing“
Meenung Neiegkeeten

Däitschland: Rose Bierger bedreiwe Merkel „bashing“

Wann d’Angela Merkel als grouss Favoritin an d’Bundestagswahle geet, esou

CON-VINCE: Tester un asymptomatesche Persounen
Meenung Neiegkeeten

CON-VINCE: Tester un asymptomatesche Persounen

Den Task Force COVID-19 vun der Initiative Research Luxembourg annoncéiert

Loosst eis de System änneren, net de Klima

D‘KPL ënnerstëtzt d‘Aktiounswoch vum Bündnis „United for Climate Justice“

Loosst eis de System änneren, net de Klima

Déi kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) begréisst den Zesummeschloss vun „Youth for Climate“, „Votum Klima“ a verschiddene Gewerkschaften zum Bündnis „United for Climate Justice“ (Zesumme fir Klimagerechtegkeet).

D‘Kommunisten ënnerstëtzen déi vum Bündnis während eng Woch ugekënnegt Aktivitéiten a ganz besonnesch dee fir de 27 September geplangte Klimamarsch an der Haaptstad. D‘KPL schléisst sech den zwou Haaptfuerderunge vum Aktiounsbündnis un: Ausruffe vum Klimanoutstand duerch d‘Regierung a Klimagerechtegkeet.

System

Amnesty International an Australien ënnerstëtzt de Mouvement. Si fuerdere Klimagerechtegkeet als Mënscherecht an. Esou och déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL), déi sech mat all hire Sektioune solidaresch mat de Fuerderungen erkläert. © Amnesty Oz

D‘KPL ass der Usiicht, datt jiddereen e Bäitrag zum Klimaschutz leeschte kann a muss. An ass der fester Iwwerzeegung, datt déi kapitalistesch Profitwirtschaft, déi op der Grondlag vum Privatbesëtz un de Produktiounsmëttel an der Ausbeutung vum Mënsch an der Natur funktionéiert, déi sech ofzeechnend Klimakatastroph net verhënnere wäert.

De Kapitalismus ass net d‘Léisung fir d‘Klimakatastroph mee d‘Ursaach dovunner. Aus dësem Grond ass eng Ännerung vum System dréngend noutwenneg.

Matgedeelt vun der KPL, fräi aus dem däitschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Wann al Männer jonke Mënschen d‘Zukunft versaue wëllen, mussen si domatter rechnen, datt déi sech dat net zwéngend gefale Loossen. An d‘Gesellschaft drun erënneren, datt all Generatioun fir déi aner esou eppes wéi Verantwortung huet, ass imminent wichteg an ubruecht. © Simon Di Nucci/Canberra

Ähnlech Sujeten Klimagerechtegkeet, kommunistesch Partei Lëtzebuerg, KPL, United for Climate Justice, Votum Klima, Youth For Climate Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel