Greenpeace nëmme partiell begeeschtert
Wéi Greenpeace Lëtzebuerg et haut erkläert huet, géif déi Europäesch
Wéi Greenpeace Lëtzebuerg et haut erkläert huet, géif déi Europäesch
Den europäesche Geriichtshaff (EUGH) huet e freideg annoncéiert, datt Polen
Am Alter vun 61 Joer ass um Donneschdeg den chineseschen
Bei senger Sëtzung vun e Méindeg, huet de Syndikat vun de Stied an de Gemengen (SYVICOL), eng Stellungnam géintiwwer de politesche Parteien, déi sech grad a Koalitiounsgespréicher befannen, ugeholl.
De Syndikat appelléiert déi zukünfteg Regierung, d‘Perspektive vun de Gemengen zu verschiddene Sujeten ze berécksiichtegen.
Gefuerdert gëtt beispillsweis d‘Institutionaliséierung vun enger systematescher a formaliséierter Consultatioun vum Gemengesecteur, deen duerch de Syndikat vertruede gëtt. Dat fir datt och d‘Gemengen, am selwechte Sënn wéi d‘Beruffskummeren, hire Standpunkt kënne geltend maachen.
De SYVICOL geséich et och gären, datt déi zukünfteg Regierung eng Reform vum Gemengegesetz an d‘Wee leet, an esou d‘Autonomie vun de Gemenge gestäerkt gëtt. Dat wier néideg, fir de Gemengen d‘Méiglechkeet ze ginn, hir Organisatioun an de Fonctionnement ze moderniséieren.
Et gëtt ënnerstrach, datt déi administrativ Vereinfachung an d‘Digitaliséierung, eigentlech esou eng Mesure onëmgänglech maachen.
Mee de Syndikat huet net nëmme Fuerderungen. Esou huet de SYVICOL der zukünfteger Regierung hir Ënnerstëtzung ugebueden, fir d‘Promotioun vun de fräiwëllege Gemengefusioune matzedroen. Et gëtt esouguer e legale Kader fir eng „gestäerkten Zesummenaarbecht“ proposéiert.
Et wier, esou de SYVICOL, de beschte Wee fir d‘Gemengen zu enger Zesummenaarbecht ze beweegen, déi hinne laangfristeg eng Aussiicht op Fusioun erméiglecht.