Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

21 Méint Prisong fir e Geschäftsmann vu Christchurch
dating site for just hooking up

21 Méint Prisong fir e Geschäftsmann vu Christchurch

De Brendon Tarrant, dee Mëtt Mee zu Christchurch an zwou

esea cs go matchmaking
dating site for just hooking up

Gaza: Nei israelesch Loftschléi géint Positioune vun der Hamas

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg, huet

MeYouZik – Musek aus der ganzer Welt!
dating site for just hooking up

MeYouZik – Musek aus der ganzer Welt!

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg (VDL)

De Vëlo gëtt ëmmer méi beléift… bei den Déif!

De Vëlo gëtt ëmmer méi beléift… bei den Déif!

De Vizepremierminister Etienne Schneider (LSAP) huet um Freideg der Deputéierter Josée Lorsché (déi Gréng) op d’Fro zum Déifstall vun de Vëloen zu Lëtzebuerg geäntwert.

Aus dëser Äntwert geet ervir, datt tëscht 2006 a 2016, net manner wéi 1.524 bei der Police als „geklaut“ deklaréiert goufen. Laut den Zuele vun der Police ass zum 30 Juni vun dësem Joer, eng Zounam vun 73,68% am Verglach zu éischte Semester 2016, ze notéieren.

Zuelen déi een dann awer muss ganz virleeën: an den éischte sechs Méint 2016 waren dat 57 Drotiesel déi geklaut goufen. 2017 sinn et der fir de gläichen Zäitraum 96.

De Minister erkläert sech déi Hausse zum Deel aus dem Fait, datt de Vëlo an de leschte Joren ëmmer méi populär ginn ass, an d’Zuel vun dëse Gefierer entspriechend an d’Luucht geet. Och spillt d’Zounam vun der Zuel un E-Bikes bei den Déifställ eng Roll. Den elektresche Vëlo huet sech „demokratiséiert“ a schéngt bei de Brigange beléift.

Erënnere mer dann op dëser Plaz awer drun, datt d’Police d’Hänn net an de Schouss geluecht huet. Si sensibiliséiert mat villen Aktiounen a bitt och de Cyclisten e wierkleche Service un.

All éischten Dënschdeg am Mount, kann de Proprietär vun engem Drotiesel, säi Gefier bei der Police an e Register androe loossen. E muss sech just mam Vëlo um Policebüro weisen, wou hien dann e Code an de Kader gravéiert kritt. Gutt fir déi Vëloe mat engem Karbon-Kader ass dës Method näischt, mee hei kritt ee vun der Police och bestëmmt ee gudden Tuyau.

Fir sech ze enregistréiere geet eng einfach E-Mail duer. Déi riicht een un codage-velo@police.etat.lu. An zéng Joer – esou laang gëtt et den Service schonn – sinn 2.922 Vëloen am Register opgeholl ginn.

Ähnlech Sujeten Déifstall, Police, Vëlo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel