Search

You may also like

Haislech Gewalt zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Haislech Gewalt zu Lëtzebuerg

Datt de Confinement sech och am Kontext vun der haislecher

Neiegkeeten

Konditiounen-Gewennspill2018

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Mahle a Mahle-Behr ginn hirer Wee
Neiegkeeten

Mahle a Mahle-Behr ginn hirer Wee

Am gemeinsame Communiqué vun ee Méindeg, hunn d‘Gewerkschaften, LCGB an

De Wanter kënnt… elo!

De Wanter kënnt… elo!

Bei allem Misär, onverständleche Covid19-Gesetzer, enger scho presenter Wirtschaftskris an dem Klimanoutstand, wéilt vläicht deen een oder anere ganz gären op Schnéi a Glatäis verzichten. Den November hat sech jo nach mat verhältnesméisseg gemässegten Temperaturen éischter frëndlech presentéiert, mee elo geet et rapid op Chrëschtdag zou, an d‘Wieder passt sech der Stëmmung un.

Deene meeschten dierft schonn opgefall sinn, datt et Moies éischter neeleg kal ass a sech de Wanter bemierkbar mécht. Nuets fréiert et op eise Stroossen an bei den ambienten Temperaturen ass elo och mat Glëtz dagsiwwer ze rechnen. Dat zumindest ass d‘Meenung vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux woubäi och MeteoFrance fir d‘Groussregioun d‘Warnstuf „Orange“ ausgeruff huet.

Mat éischte Schnéiflacke wier ab en Donneschdeg ze rechnen, Schnéireen als Begleeterscheinung ass Programm. Wien also mam eegenen Auto op d‘Schaff muss, ass gutt beroden sech op dës „nei“ Ëmstänn anzestellen. De Wanterpneu eleng bréngt een net sécher un d‘Zil, ëm verstäerkten Opmierksamkeet am Verkéier ass gebueden. Wéi laang et soll unhalen ass allerdéngs net gewosst.

Illustratioun: CocoParisienne / Pixabay

Related topics Batterie, Glëtz, Schnéi, Virsiicht, Wanter, Wanterpneu
Next post Previous post