Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ibiza-Video: War et en Affekot?
Neiegkeeten

Ibiza-Video: War et en Affekot?

Wien – An der Affaire ëm e „schmuddelege“ Video, wou

dislike
Och de Guatemala wëll seng Ambassade op Jerusalem plënneren
Neiegkeeten

Och de Guatemala wëll seng Ambassade op Jerusalem plënneren

De Jimmy Morales, President vum Guatemala mécht et dem staarke

Handelskrich mat den USA: d‘EU setzt sech zur Wier
Neiegkeeten

Handelskrich mat den USA: d‘EU setzt sech zur Wier

Haut Freideg, leeft d‘Konteroffensiv vun der EU géint d‘USA un.

De Warnschoss vun der CGFP sollt ee bei de Parteien héieren hunn

De Warnschoss vun der CGFP sollt ee bei de Parteien héieren hunn

Eng staark „Fonction Publique“ ass gutt fir d‘Land a seng Bierger. Deem sollt ee sech och an de Parteie bewosst sinn. Bei der grousser Protestmanifestatioun am Park Hotel Alvisse huet d‘CGFP däitlech ze verstoe ginn, datt et elo Schluss mat Lëschteg ass.

Eng Ronn 750 Militante vun der CGFP, déi aus allen erdenkleche sektorielle Beräicher kommen, mä och d‘Kollege vun der FGFC (Gewerkschaft vun de Gemenge-Fonctionnaire), de Landesverband an de President vun der Kommunistescher Partei, déi sech nach um fréie Méindegmuere solidaresch erkläert hat, waren dem Opruff zur Manifestatioun nokomm.

CGFP

De Beruff vum „Educateur gradué“ muss revaloriséiert ginn. Do féiert kee Wee laanscht. © Martine de Lagardère/moien.lu

Hei ass et dann och an éischter Linn dorëms gaangen, e staarkt Signal un d‘Politik ze riichten, an deenen ee fir allemol kloer ze maachen, datt et ouni d‘Staatsbeamte kee Staat gëtt. Den CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger huet dann och keen Zweiwel doriwwer opkomme gelooss, datt den Zesummenhalt tëscht de Memberorganisatiounen am Interessi vun Alle wier.

De Generalsekretär mécht dann och nach emol däitlech, datt all eenzel Memberorganisatioun autonom organiséiert ass, a sech fir seng sektoriell Problemer eegestänneg asetzt. Esou steet et an de Statuten an esou war et och geduecht, wéi d‘CGFP 1967 gegrënnt ginn ass. Dee eenzel Gewerkschafte géint hiren Daachverband opzehetzen, wier kuerzsiichteg an domm.

Nëmmen zesummen ass ee staark

Et ass zudeem och net ersiichtlech, egal op mat „fake news“ oder „schlechte Rumeuren“, wéi een déi verschwiere Famill vu Gewerkschafte sollt kënnen ausenaner bréngen. Mat enger „falscher“ Kommunikatioun no baussen, stäerkt een um Enn den Zesummenhalt. Dat ass och wat d‘Memberorganisatioune vun de politesche Parteien ënnerscheet.

An et sinn dann och „déi“ Parteien déi gutt berode wieren hei d‘Oueren ze spëtzen. 2018 si Nationalwahlen ugesot. Si sinn all opgeruff dat onséilegt „Stagegehalt“ vun 80/80/90 ad acta ze leeën, wann hinne wierklech eppes um Salariatsaccord läit.

CGFP

Mir verlaange vun de Parteien eng däitlech Stellungnam géintiwwer de Staatsbeamten, esou den CGFP-President Romain Wolff. © Martine de Lagardère/moien.lu

Eng Fuerderung déi mat engem valabelen Argument ënnermauert gëtt: D‘Stagiaire schaffe vum éischte Moment un „Voll“, dat wat ee „Formatioun“ nennt gëtt et an der Mëttegpaus oder a Schoulungen um Weekend duerchgeholl. Fir den CGFP-President Romain Wolff eppes wat esou ni verhandelt ginn ass, an och net vun der CGFP ënnerschriwwe gi wär.

Deen huet dann och d‘Nues voll, vun der Entwäertung vun de Carrièren. Wéi een an de Kris war, hätten all d‘Staatsbeamten hire Bäitrag ouni ze meckere geleescht. D‘Banke goufe gerett, d‘Kris gemeeschtert an elo sollt een sech drun erënneren, datt tëscht 2009 a 2015, d‘Paien net erhéicht goufen. D‘Fuerderung vun 1,5% wier duerchaus keen Affront, de Refus déi Upassung unzehuelen awer schonn.

Den 11. Dezember déi nächst Ronn

D‘CGFP wëll dann elo och vun alle Parteien, vun deenen an der Regierung, an deenen op der Oppositiounsbänk wëssen, wéi se sech zu de Staatsbeamte stellen. Et muss Positioun ergraff ginn, an déi soll däitlech ze héiere sinn. Sech net ze äussere wier der Basis ee ganzt schlecht Signal vermëttelen, datt net ouni Konsequenze kéint bleiwen.

Heimatter mécht de President Romain Wolff däitlech, datt d‘Staatsbeamten och ee Gewiicht bei de Walen hunn. Et wier sécher richteg, datt d‘CGFP ideologesch ongebonnen ass an och wäert bleiwen. Et geet a wäert keng Unioun mat iergendenger Partei ginn, mee all eenzele Member ass e Wieler…

CGFP

De Beruff vum „Educateur gradué“ muss revaloriséiert ginn. Do féiert kee Wee laanscht. © Martine de Lagardère/moien.lu

Zudeem ass drun erënnert ginn, datt et net der CGFP hir schold ass, datt et mam Rekrutement beim Staat net klaapt. Et wier deem seng Aufgab sech den Ufuerderunge vun der Zäit ze stellen, an eventuell seng „Hausaufgaben“ ze maachen, op a Punkto Staatsexamen oder „Ouverture“. Hei warnt d‘CGFP dann allerdéngs viru falsche Moossnamen.

Et wier ee net prinzipiell géint d‘Astelle vun „Auslänner“ et wier awer dem Staat seng Flicht sech als éischt bei senger Bevëlkerung ëm ze kucken. Sécherlech misst et Adaptatioune ginn a méiglecher Weis och konkret Formatioune fir déi Posten ze besetzen déi fräi sinn. Et kann awer op kee Fall sinn, datt déi „Al“ onbegrenzt Iwwerstonne maachen, fir de Rekrutement-Defiziz auszegläichen.

Foto: De Festsall am „Alvisse“ war bis op déi leschte Plaz besat. De KPL-Parteipresident huet sech et net huele gelooss op der Plaz seng Solidaritéit mat der CGFP ze demonstréieren. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CGFP, Fonction Publique
Nächsten Artikel Virrechten Artikel