Search

You may also like

D‘Petitioun zum „Tiers Payant“ leeft gutt
Meenung

D‘Petitioun zum „Tiers Payant“ leeft gutt

Et ass ee matten an der Chrëschtvakanz, an trotz allem

MSF: Ëmmer méi Cholera-Kranker am Jemen
Meenung

MSF: Ëmmer méi Cholera-Kranker am Jemen

An de jemenitesche Provënzen Amran, Hadscha, Ibb an Tais erkranken

NIGHT, Light & More: Den neie Festival an a mat der Regioun Éislek
Meenung

NIGHT, Light & More: Den neie Festival an a mat der Regioun Éislek

Wann d‘Sonn ënnergeet an d‘Nuecht sech wéi en Duch iwwert

De Weinstein ass nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg

Meenung

De Weinstein ass nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg

De Fall Weinstein weist, datt Sexismus präsenter ass, wéi et gäre behaapt gëtt. A wéi sou oft briechen nom éischte Virworf alleguerten d’Dämm. Ëmmer méi Persoune melle sech zu Wuert, äusseren hir Uschëllegungen. Dann dauert et net méi laang, bis der erëm mengen, déi wéilten nëmmen am Fuerwaasser vun deenen aneren eppes ofkréien. Mee eng vill méi düster Tatsaach lauert do am Hannergrond.

Ëmmer erëm bewahrheit sech, datt een enger Fra einfach net gleeft, wann se esou Virwërf erhieft. Et zitt sech do eng kloer Linn duerch Mediewelt – an dat net nëmmen op Klatschzeitung a Bild-Niveau. D’Fra muss d’Schold vum Prominente beweisen. A souguer do, wou et d’Beweislaascht zimlech kloer ass, gëtt einfach weider um Wuert vun de Frae gezweiwelt.

Bescht Beispill ass do den Donald „Grab’em by the Pussy“ Trump, dee vehement bestreit, gewësse Saache gemaach ze hunn, obwuel et Videoopname ginn, wou e kloer zou gëtt, dës Saache gemaach ze hunn. Et schéngen der genuch him gegleeft ze hunn, oder op mannst en trotzdem gewielt ze hunn. Quasi als Luef, géif den Zyniker a mer mengen.

Bemierkenswäert ass dann dach, datt d’Meryl Streep d’Fraen, déi elo an d’Ëffentlechkeet ginn, als Heldinne bezeechent. Kee Wonner, si trieden de Kampf géint Männer un, déi mengen, nëmme well se Geld hätte kéinten se sech esou Iwwergrëff och leeschten. Mee dohanner verstoppt sech méi, eng Kultur, déi net beim „Locker room talk“ ophält, mee Fraen direkt objektivéiert. Et weist och alt nees eng Kéier, datt esou Saachen net d’Ausnahm duerstellen, mee datt se am Showbusiness reegelméisseg virkommen. An datt all Kéiers Sympathisanten optauchen, déi de räichen a mächtege wëllen an iergendenger Weis esou e Recht wëllen zouspriechen, ass dat wierklech krankt dorunner. Well doduercher gëtt eppes normaliséiert, wat net normal däerf sinn.

Mee säit den Trump un der Muecht ass, hunn alleguerten déi, déi hir Limitte net kennen, jo mëttlerweil e gudde Kolleg am Wäissen Haus sëtzen.

Related topics Hollywood, Sexismus, Weinstein
Next post Previous post