Editorial: De Golan gehéiert zu Israel, wéi d‘Krim zu Russland
Wat huet den Donald Trump der Welt scho Stéiss ginn,
Wat huet den Donald Trump der Welt scho Stéiss ginn,
D’Gesetz vun der Policereform, dat bis ewell op all politeschem
D’Weltbevëlkerung klëmmt a klëmmt. Nach ni hunn esou vill Leit gläichzäiteg op dësem Planéit gelieft. Mee des Entwécklung bréngt gewëssen Erausfuerderunge mat sech. A fir op déi Opmierksam ze maachen, gëtt et de World Population day. Mir erklären, wat et domatter op sech huet.
De Welt-Populatiounsdag gëtt all Joer den 11. Juli vun der United Nations Development Programme organiséiert. Dëst geschitt schonn säit 1989. Den Uersprong fir den Dag beleeft sech op den Five Billion Day, deen Dag am Joer 1987, wou d‘Weltbevëlkerung 5 Milliarden erreecht huet.
Aktuell liewen méi wéi 7,5 Milliarde Mënschen op der Welt. Laut de Vereente Natiounen sollen et bis 2030 8,5 Milliarde sinn.
Och wann Projektioune reegelméisseg Update kréien, sinn se net 100% zouverlässeg. Trotzdeem ginn d‘Vereent Natiounen vun engem verluestenem Bevölkerungswuesstem bis zum Enn vum Jorhonnert aus. Sou gëtt et souguer eng 27% Chance, datt d‘Bevëlkerung ëm 2100 stagnéiert oder esouguer fällt. Deen Ament kéinten et 9,6 bis 13,2 Milliarde Mënschen op der Welt ginn.
Ganz kloer Asien an Afrika. De Prozentuale Wuesstem soll awer erof goen. Läit Afrika beispillsweis bei ëm déi 2,5% Wuesstem, sou soll dëse Prozentsaz an Zukunft bestänneg erof goen.
Eng konstant Verbesserung a Punkto Familljeplanung an e gehuewene Liewensstandart sollen dozou féieren, datt Manner Kanner op d‘Welt kommen.
Souwuel d‘Gläichberechtegung vu Mann a Fra wéi och e gudden Accés zu enger efficasser Familjeplangung stinn am Mëttelpunkt. E besseren Accés zu Verhütungsmëttele géif ongewollten Schwangerschaften sou wéi Schwangerschaftofbrech an sech entwéckelnde Länner drasteg verklengeren. Den United Nation Population Fund (UNFPA) schwätzt vu 35 Milliounen Ofdreiwungen an 76.000 Doudesfäll, déi esou verhënnert kéinte ginn.
D‘Populatioun zu Lëtzebuerg klëmmt, woubäi d‘Immigratioun eng wichteg Roll spillt. Eng komplett Analys zur Situatioun am Groussherzogtum kann een hei fannen.
Infografik: Christine Klauner
Update (12:30); Infografik a Verweis op Artikel mat der Situatioun zu Lëtzebuerg dobäi gesat